Radioen

On air

De Moien  |  Pearl Charles - Imposter

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Stäerkung vum Vollekskierper

Ausbroch

D'Stäerkung vum Vollekskierper

Am 4. Deel vum Vincent Artuso senger Serie "Ausbroch", an där den Historiker un d'Evenementer vum 10. Mee 1940, deem Dag wou Nazi-Däitschland Lëtzebuerg iwwerfall a besat huet, erënnert, geet et ëm déi politesch Situatioun zu Lëtzebuerg. Et war eng ugespaante Lag, déi d'Lëtzebuerger duerch d'Zäit tëschent den zwee Weltkricher begleet huet.

auto_stories

7 min

De Lëtzebuerger Nationalismus ass ëmmer en defensiven, en angoisséierte gewiescht. Et ass him nimools - konnt him nimools - ëm Eruewerung goen, mee ëm d'Iwwerliewen, d'Erhale vum Geierften. "Mir wëlle bleiwe wat mir sinn", war säi Motto. Deen Nationalismus gouf och vun enger permanenter Tensioun tëschent Ëffnung an Isolatioun hin an hier gerass.

D'Lëtzebuerger ware Polyglotten a Reesender. Vill vun hinnen - Studenten, Handwierker, Aarbechter - haten e puer Joer oder e puer Joerzéngten am Ausland verbruecht. Hir performant Stolindustrie war op e Weltmaart ugewisen. D'Ëffnung war e Striewen an eng Noutwendegkeet, gouf zu engem Deel vum nationale Schicksal subliméiert: Lëtzebuerg als Mëttler tëschent West- a Mëtteleuropa.

Gläichzäiteg huet awer och e Besoin bestanen ënner sech ze bleiwen, sech ofzeschotten. D'Neutralitéit vun hirem Land war de Lëtzebuerger wäertvoll; net nëmme well si d'Garantie vun senger Souveränitéit war. Mee well si hinnen d'Illusioun ginn huet, datt se sech aus enger schonn deemools enk vernetzter Welt eraushale konnten.

D'Angscht virun der "Überfremdung"

De 24. Oktober 1929 koum et zu engem Crash op der New-Yorker Bourse. D'Rezessioun, déi dësen ausgeléist huet, huet keng Natioun verschount. Lëtzebuerg gouf och haart getraff. Dausende vun Aarbechter sinn entlooss ginn, meeschtens Auslänner, déi d'Land duerno verlooss hunn. Trotzdeem huet grad an den 1930er d'Angscht virun der "Überfremdung" en Héichpunkt erreecht.

D'Zuel vun den Auslänner war vläicht staark zeréckgaangen, war trotzdeem nach déi zweethéchst an Europa, no där vun der Schwäiz. Wichteg war zudeem de Geféierlechkeetsgrad vun all Grupp. Ënner den Italiener ware vill Anarchisten, Kommunisten, Faschisten, déi hir politesch Streidereie matbruecht hunn, déi sech och hei am Land ënnerteneen ëmbruecht hunn.

Déi Däitsch waren net vill besser. Engersäits waren d'Nazie present, déi mat hirer Auslandsorganisation déi däitsch Kolonië kontrolléiert hunn. Anerersäits waren awer och vill Opponente vum NS-Regime am Land. Intellektueller, Aktivisten, Rouder, déi vum neutrale Lëtzebuerg aus géint hir Heemecht gehetzt hunn.

An da koumen och d'Judden, aus dem Reich an den aneren autoritäre Länner, eng scheinbar endlos Flut. Bis 1940 huet hir Zuel sech verduebelt. Déi meescht Lëtzebuerger haten zwar näischt géint d'Judden, haten awer och keng besonnesch Sympathie fir si. Si goufe wéi besonnesch friem Auslänner betruecht: anescht, solidaresch, dozou och nach geféierlech Konkurrenten um Aarbechtsmaart.

All déi Auslänner goufe beschëllegt, d'Land, dat si opgeholl hat, a friem Streidereien ze verwéckelen. Et grad zu engem Zäitpunkt a Gefor ze bréngen, wou et d'Gefill hat méi ufälleg ze ginn, méi mickreg - souwuel ekonomesch wéi och demografesch. De Réckgang vun de Gebuerten ass mat grousser Suerg kommentéiert ginn. D'Lëtzebuerger Fertilitéit war mat déi schwächst um Kontinent.

D'Angscht virun der "Überfremdung" war net nëmmen déi vum Ënnergoen ënner frieme Massen. Et war och déi, ugestach ze gi vun den Epidemien, déi d'Baussewelt lues a lues infizéiert hunn, déi revolutionär an déi konterrevolutionär: rout Bazillen oder brong Pescht. Wéi eng déi déidlechst fir d'Natioun wier? Doriwwer gouf et Sträit.

Infektioun a Mësstrauen

Fir dem Joseph Bech seng schwaarz-blo Regierung war déi rout Gefor déi schlëmmsten. Faschisten a Nazie ware net ëmmer frequentabel, hunn awer d'Bolschewiste bekämpft, bei sech doheem, op der internationaler Bün, an och zu Lëtzebuerg, wou si hir revolutionär Landsleit a Schach gehalen hunn. Konservativer a Liberaler hunn och de Sozialisten ënnerstallt hir eigentlech revolutionär Ziler ze verheemlechen.

Déi hunn hirersäits gefaart, datt hinnen dat selwecht Schicksal kéint widderfuere wéi hiren italieneschen, däitschen an éisträichesche Genossen. De Bech hu si verdächtegt, ee vum Austrofaschismus inspiréierte Regimm opbauen ze wëllen. Dës Optioun gouf tatsächlech och am Luxemburger Wort verteidegt.

All Partei huet fest gegleeft, datt de Géigner ugestach gi war an eng potenziell Gefor duergestallt huet. An der Chamberssëtzung vum 9. November 1933 huet d'Aarbechterpartei d'Regierung accuséiert, d'Nazien zu Lëtzebuerg gewäerden ze loossen. Dem Bech seng Äntwert war, datt d'Gefor vu lénks géif kommen, an datt e virhat d'kommunistesch Partei ze verbidden.

D'Psychos huet am Joer duerno hiren Héichpunkt erreecht. Am Juni 1934 gouf den éischte Kommunist an d'Chamber gewielt, de Zénon Bernard. Am Oktober 1934 gouf hien och an den Escher Gemengerot gewielt. E puer Méint méi spéit huet de Bech eng éischt Versioun vu sengem "Gesetz zum Schutz der politischen und sozialen Ordnung" presentéiert - d'Maulkuerf-Gesetz.

Den drëtte Wee

D'KPL war bis 1934 eng italienesch Sekt. Dem Zénon Bernard seng Wiel zum Deputéierten an zum Escher Schäffen huet déi aner Parteien iwwerzeegt, datt d'Lëtzebuerger Aarbechterschaft elo och vum kommunistesche Virus infizéiert gi war. D'Sozialisten hunn dat genee esou alarmant fonnt, wéi hir Géigner. Am Escher Schäfferot hätte si mam Bernard senger Stëmm d'absolut Majoritéit gehat. Si hu léiwer mat den anere Parteien e Cordon sanitaire opgebaut, deen de Kommunist isoléiert huet.

An deem Kontext vun extremer, politescher Polarisatioun hu verschiddener no engem drëtte Wee gesicht, tëschent Faschismus a Kommunismus. De Pierre Krier, an de gewerkschaftleche Fligel vun der Aarbechterpartei; de Pierre Dupong an de lénke Fligel vun der Rietspartei. Dee Rapprochement vu Reformisten a Chrëschtlechsozialer huet am sozial brenzelege Joer 1936 éischt Resultater bruecht. Zesummen hu fräi a chrëschtlech Gewerkschafte Regierung a Patronat hir Fuerderungen opgezwongen.

Wéinst den Evenementer vu 1936 gouf d'Maulkuerf-Gesetz eng Zäit laang vergiess an eréischt den 23. Abrëll 1937 an der Chamber gestëmmt. De Bech hat awer scho virdrun dem Wonsch vun de Gewerkschaften zougestëmmt e Referendum ofzehalen. Wärend der Campagne huet d'Aarbechterpartei d'Maulkuerf-Gesetz wéi eng Gefor fir Meenungsfräiheet an Demokratie duergestallt. D'Sozialisten hunn awer och gëlle gelooss, datt et méi effikass wier, d'Demokratie mat engem soziale Volet ze vervollstännegen, wéi d'KPL ze verbidden - an hir domadder e Märtyrerstatus ze ginn.

"Es ist die Aufgabe unserer Generation, die Demokratie mit neuem Leben zu erfüllen, [...] eine Volksgemeinschaft aufzubauen, an der alle Volksschichten aus freiem Willen mitarbeiten"

huet de Pierre Krier an der Chamber gesot. Änleches konnt een an der Tëschenzäit och am Luxemburger Wort liesen, souguer an engem Opruff fir d'Maulkuerf-Gesetz:

"Als echte Luxemburger: Wir stimmen mit einem Kreuz unterm Ja, und das Resultat vom 6. Juni wird einfach das sein, dass es keine kommunistische Partei mehr gibt, und keine faschistische je geben wird, sondern nur eine freie und national weiter aufbauende Luxemburger Volksgemeinschaft."

De 6. Juni 1937 huet eng knapp Majoritéit vu Wieler d'Maulkuerf-Gesetz ofgeleent an de Bech zum Récktrëtt gezwongen. De Pierre Dupong huet doropshin eng Regierung forméiert, déi aus Sozialdemokraten a Chrëschtlech-Soziale bestanen huet. De Pierre Krier gouf Aarbechtsminister.

Parlamentaresch Volksgemeinschaft

Jee no Temperamenter a Kräfteverhältnisser hunn d'Gesellschaften ënnerschiddlech Ausweeër aus der Kris fonnt. An de Vereenegte Staate war et den New Deal, a Frankräich de Front populaire, an Däitschland de Nationalsozialismus an am klenge Lëtzebuerg d'parlamentaresch Volksgemeinschaft. Dee System huet souwuel de Liberalismus ofgeleent, wéi och déi revolutionär a konterrevolutionär Reaktiounen, déi en ausgeléist hat; en huet demokratesch Institutioune bäibehalen, mee de Vollekskierper nei definéiert, op enger kollektiver a biologescher Basis.

Den 9. Mäerz 1940 huet déi schwaarz-rout Koalitioun en neit Nationalitéitegesetz gestëmmt. Dat huet d'ius sanguinis, d'Bluttrecht, zum zentrale Krittär erhuewe fir Lëtzebuerger ze sinn - eigentlech souguer d'Rengbluddegkeet. Lëtzebuerger konnt just sinn, wien zwee Lëtzebuerger Elteren hat; wien eng Auslännerin oder en Auslänner bestuet huet, huet seng national Rechter automatesch verluer.

De Sënn vum Gesetz war de Lëtzebuerger Vollekskierper ze stäerken. An der Rengheet vu sengem Blutt sollt de Schlëssel vu senger Erléisung leien. Dës biologesch Obsessioun hat nach eppes Chrëschtleches u sech, Irrationales, Magesches. D'Leit hunn eben no Trouscht gesicht. Am Géigendeel zu eis wousste si net, datt d'Invasioun e puer Woche méi spéit géif kommen. Si hunn awer gefillt, datt d'Katastroph imminent war.