Radioen

On air

De Moien  |  Alfie Jukes - Not Quite Gone

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Schueberfouer an d'Melusina 2.0

Den 100,7-Klassesall

D'Schueberfouer an d'Melusina 2.0

D'Cinderella-Gang an d'Geheimnis vum Melusina 2.0, e Bontspiecht an e ganz besonnesche Friemsproochenunterrecht, d'Ekipp vum Casino stellt sech vir a mir schwätzen iwwer d'Schueberfouer 2020 déi ofgesot ass.

auto_stories

3 min

News fir Kids - D'Schueberfouer 2020 ass ofgesot

Wann dir gär op d'Schueberfouer gitt, musst dir iech nach gedëllegen. Wéinst dem Coronavirus gouf nämlech elo och d'Schueberfouer zu Lëtzebuerg ofgesot. De Pierre Reyland mat weideren Erklärungen.

Lauschterenplay_arrow

Schätz aus dem natur musée - De Bontspiecht

Dir kennt bestëmmt all de Woody Woodpecker, de freche Spiecht aus der Mickymaus. Och zu Lëtzebuerg liewen an de Bëscher Spiechten. D'Claudine Biel aus dem natur musée stellt eis zesumme mam Julie de Bontspiecht vir.

Lauschterenplay_arrow

De Marc Szaryk iwwer den anere Casino

Vun dëser Woch u "spillt", souzesoen, och d'Ekipp vum Casino an der Ënneschtgaass beim 100,7-Klassesall mat. Dee Casino, esou liest een op sengem Internetsite, ass e Forum fir zäitgenëssesch Konscht. Forum? A wat ass dat? Eng Aart Musée, eng Galerie? A wat versteet een ënner "zäitgenëssesch" oder och nach "contemporain"? Dat alles erkläert iech elo de Marc Szaryk vum Casino.

Lauschterenplay_arrow

Gelies an erzielt - Jhemp Hoscheit - Friemsproochenunterrecht

Haut geet et weider mat de klenge Lidder a Gedichter vum Lauschterbuch "Komm, lies mer vir", déi de Jhemp Hoscheit bei Editions Binsfeld erausbruecht huet. Déi lescht Woch ware mer op enger Monsterparty, haut gëtt et nach méi komesch, mee lauschtert selwer dëse Friemsproochenunterrecht.

Lauschterenplay_arrow

D'100,7-Aufgab vum Dag - Gestrandet

Gestrandet, heescht haut d'Challenge vum Script, an d'Claire Flammang kann eis méi erzielen - et geet ëm Konscht.

Lauschterenplay_arrow

Mir schreiwen zesummen e Buch - Ofschlossgespréich mam Roland Meyer

Elo wësse mir zënter gëschter, wéi d'Geschicht vun iech an dem Roland Meyer ausgaangen ass. D'Kanner haten sech decidéiert, der Melusina ze hëllefen - an hire Plang ass opgaangen. De Siegfried versteet net méi wat lass ass, d'Kanner hunn der Melusina d'Buedbidde gefëllt, an de Siegfried kënnt zeréck, wann d'Melusina schonn am Buedmantel do sëtzt. Hie wollt eigentlech der Melusina nokucken an der Buedbidden. Wann et nee ass, dann ass et nee!

Mee - wéi heescht dann elo dëst Buch? A wat geschitt mat den 10 Kapitelen? D'Nathalie Bender freet de Roland Meyer.

Lauschterenplay_arrow