Radioen

On air

De Weekend  |  Isabelle Medinger

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Renaissance Schlass zu Beefort

Aktiv duerch de Summer

D'Renaissance Schlass zu Beefort

Een Nomëtteg sech fille wéi e Schlassbewunner: Wann een d'Schlass haut besiche geet, fënnt een et esou erëm, wéi déi lescht Bewunnerin et hannerlooss huet.

auto_stories

2 min

D'Renaissance Schlass zu Beefort ass eppes Besonnesches, well et gouf bis virun e puer Joren nach bewunnt. D'Madamm Linckels war bis 2012 déi lescht Bewunnerin an no hirem Doud hunn d'Beeforter Schlassfrënn sech bereet erkläert sech ëm deen neien Deel vum Schlass ze këmmeren an en dem Public zougänglech ze maachen.

Wann een d'Schlass haut besiche geet, fënnt een et esou erëm, wéi déi lescht Bewunnerin et hannerlooss huet. A genee dat mécht och de Charme vun dëser Demeure aus. Hei kënnt een dem Liewe vun engem Schlassbewunner richteg no, un de Wänn hänken d'Familljeportraiten a Biller vu Lëtzebuerger Moler.

Eng Rees an der Zäit

D'Miwwel stinn nach ëmmer do, wou se ëmmer stoungen, d'Better si frësch bezunn a frësch Blumme stinn op de verschiddene Komouden. Am Ganze sinn et néng Raim, déi et ze entdecke gëtt mat hire vertäfelte Wänn, floralen Tapéiten an dem originale Mobilier aus de verschiddenen Epochen.

En Highlight ass och de Rousegaart mat engem ugrenzende Baueregaart, inklusiv engem Héngerstall. De George Richard seet net fir näischt, datt dëst Schlass eng Séil huet. Et fillt ee sech, wéi wann een all Moment der Madamm Linckels iwwer de Wee kéint lafen oder si beim Liese vun hirer Zeitung kéint stéieren, wann een e Raum betrëtt, esou lieweg fillt sech dëst Schlass un.

Et ginn net vill Plazen am Land, wou ee sech bei enger Visitt vun engem Schlass wéi e Schlassbewunner ka fillen, an deemno ass d'Renaissance Schlass e gudden Tipp fir besichen ze goen. An et léisst sech gutt verbanne mat engem Spadséiergang duerch de Mëllerdall.