Radioen

On air

Nei Musek  |  Véier spektakulär nei Instrumentalstécker

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Quakeren an de Krich

Dash Shaw, Discipline

D'Quakeren an de Krich

Bei Gezeechent geet et haut ëm dat neit Buch vum amerikaneschen Zeechner Dash Shaw. Discpline erzielt mat ongewéinlech Mëttel d'Geschicht vun enger Communautéit vu Quakere wärend dem amerikanesche Biergerkrich.

auto_stories

5 min

An der aktueller amerikanescher Graphic-Novel-Zeen gëtt et wuel wéineg Zeechner, déi esou villsäiteg si wéi den Dash Shaw. Wien zwee Bicher vun him niewentenee leien huet, géif net onbedéngt mengen, dass se vum selwechten Auteur stamen, esou staark variéiere Stil an Themen. Och mat sengem neie Wierk Discipline huet den Dash Shaw sech erëm eng Kéier quasi nei erfonnt.

Discipline ass en historesche Comic iwwert d'Quakeren an den amerikanesche Biergerkrich, dee bal esou spartanesch ass wéi de Liewensstil vu dëser reliéiser Communautéit. Et ass eng Graphic Novel mat wéineg Biller a wéineg Text, bei där vill Wäiss op der Säit bleift an dës eidel Raim vläicht grad esou vill soe wéi d'Linnen a Buschtawen.

Fir d'Zeechnungen huet den Dash Shaw sech bei einfache Buch- an Zeitungsillustratiounen aus der Zäit inspiréiert, déi hien ouni en klasseschen Découpage a Casen op de Pabeier bréngt. An och den Text staamt direkt aus dem 19. Joerhonnert: Discipline zitéiert vill aus authentesche Bréiwer an Tagebicher a gräift nëmme seelen op de comictypesche Moyen vun der Spriechblos zeréck.

Erzielt gëtt d'Geschicht vun der Famill Cox aus dem Indiana, speziell hire zwee Kanner. Den Charles, 17, wëll sech vu sengen Elteren näischt méi soe loossen, aus der Quaker-Siidlung fortgoen an déi grouss Welt entdecken. Dofir wëll hie sech der Union Army uschléissen a géint de Süde kämpfen, also fir d'Enn vun der Sklaverei, esou dass den Charles net nëmmen als rebelleschen Teenager do steet, mee och e méi nobelt Zil verfollegt.

Kontraster a Parallellen tëscht dem Quaker an der Arméi

Mat de Prinzippie vu der Religious Society of Friends, wéi sech d'Quakere selwer bezeechnen, ass d'Sklaverei net vereenbar. Trotzdeem leenen si all Gewalt strikt of a si géint de Krich. Wann den Charles an d'Arméi geet, muss hien d'Quaker-Gemeinschaft verloossen, wourënner besonnesch seng Schwëster Fanny leit.

Iwwer 300 Säite verfollegt Discipline d'Geschicht vum Charles a vum Fanny, woubäi et Parallellen a Kontraster tëschent dem Liewe bei de Quaker an dem an der Arméi entwéckelt. Bei allen zwee geet et, wéi den Titel et scho seet, ëm Disziplin. Op der enger Säit steet d'Aarbecht op der Farm, d'reegelméisseg Treffen an der Kierch, bei där sech d'Männer a Fraen op Bänke géigeniwwer sëtzen an oft laang näischt soen, a natierlech de strenge Glawe selwer. Op där anerer Säit gesi mer de militäresche Regime, den Drill, deem sech den Charles ënnerwerfe muss, mat Schluechten, déi trotz aller Preparatioun oft chaotesch verlafen.

Et dierft keng Iwwerraschung sinn, dass den Charles bei der Arméi schnell desillusionéiert ass. Hi schreift senger Schwëster, dass e léiwer eng Kéier aktiv fir dat Gutt an der Welt agräife wëll wéi einfach Dag fir Dag d'Virsätz vun de Quaker brav ze befollegen. Mee amplaz vun engem gerechte Kampf op der Säit vun de Gudden erlieft hien, wéi bei Vergeltungsaktioune Farmhaiser a Brand gestach ginn oder d'Zaldoten aus dem Norden nokucken, wéi déi aus de Süden op Sklave schéissen, déi geflücht sinn. Wärenddeem muss d'Fanny der Verloscht vun der Mamm verkraaften a geréit a Konflikt mat der Sexualmoral vun de Quakeren. Och hei ass d'Disziplin net ganz esou ferm, wéi dat um Ufank wierkt.

Dat alles gëtt vum Dash Shaw an engem eegenen, onverwiesselbare Stil presentéiert. An der Gestaltung vun de Säite geet den Zeechner ganz fräi vir, bal wéi wann d'Buch e grousse Zeecheblock wier. Mol ass just eng Zeechnung op enger Säit, mol sinn et Arrangementer vu Biller, déi sech heiansdo wéi klassesch Panelsequenzen liesen, heiansdo awer och méi komplex Formen unhuelen. Do ginn Zeechnungen iwwertenee geluecht, Beweegungen a Perspektiven op eng quasi-kubistesch Manéier zerstéckelt oder Mustere vun de Quilts, déi d'Quakeren als eng vun hire wéinege Konschtforme produzéieren, am Layout matverschafft.

E ganz neien Ëmgang mam Medium Comic

Trotzdeem wierken d'Säiten ni iwwerlueden, well den Dash Shaw mat enger reduzéierter, bal schonn naiver Linn schafft, an eebe vill Plaz léisst. Déi ass och als Plaz fir eege Gedanken an Interpretatiounen ze verstoen. Grad well et bal keng Dialoger gëtt an déi zwee Gesëschter sech an hire Bréiwer net alles verzielen, wat se erliewen, ass een oft eleng op d'Biller ugewisen. An e puer zentralen Episode funktionéiert Discipline souguer als stomme Comic, deen een dozou invitéiert, d'Zeechnunge genau ze studéieren a sech kontemplativ an si eranzeversenken - woumat een da vläicht schonn eng spirituell Aktivitéit praktizéiert, passend zur reliéiser Thematik vum Buch.

Discipline ass op den éischte Bléck sécherlech e sperrege Comic iwwert eng Welt, déi engem grad aus europäescher Perspektiv friem ka virkommen. Am Endeffekt sinn et uramerikanesch Sujeten, déi den Dash Shaw hei verhandelt: d'zentral Roll vun de klenge reliéise Communautéiten, wann et em d'Zesummeliewen an d'Zivilgesellschaft geet, d'Ideal vum gerechte Krich an den Trauma vun engem bluddege Biergerkrich, deen d'Land sollt zesummenhalen an et trotzdeem déif gedeelt huet. Dobäi erweist sech d'Verhältnis tëschent eng reliéis gepräägter an enger militaristescher Gesellschaft oft just als op der Uewerfläch als Géigesaz, ënnert där onheemlech Änlechkeeten zum Virschäi kommen.

Mee och wann ee mam Quakertum net vill kann ufänken, sollt e sech op alle Fall op dem Dash Shaw seng Graphic Novel aloossen. E bëssi wéi beim Chris Ware huet een hei den Androck, dass den Zeechner e ganz neien Ëmgang mam Medium Comic entwéckelt, an et him trotz allen Experimenter geléngt, ganz no un der Geschicht an un de Figuren ze bleiwen, déi ëmsou méi plastesch ginn, ëmsou méi den Zeechner formal innovéiert.

Discipline vum Dash Shaw ass bei New York Review Comics erauskomm.