Radioen

On air

Notturno  |  Theo Croker - The Messenger Feat. Elew

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Nazipartei zu Lëtzebuerg

Zäithistoriker

D'Nazipartei zu Lëtzebuerg

Viru genau 80 Joer, am Februar 1941, huet d'Nazipartei hir Muecht zu Lëtzebuerg opgebaut an ausgedeent. Zu deem Zäitpunkt ass awer och fir d'éischt Kéier zanter laangem e Schimmer Hoffnung opgetaucht.

auto_stories

6 min

Den Zäithistoriker Vincent Artuso. Foto: Archiv

Den 19. Februar 1941 huet de Lëtzebuerger Diplomat Antoine Funck vu Vichy aus der Exilregierung e Rapport adresséiert. Dat war deemools net esou evident an de Rapport ass eréischt no engem Mount ukomm. Do hunn d'Ministeren entdeckt, datt de Gauleiter Simon a sengem Bestriewen d'Lëtzebuerger an der nationalsozialistescher "Volksgemeinschaft" ze integréieren, decidéiert hat hir Nimm an, virun allem, hir Virnimm, anzedäitschen. De Funck huet déi Moossnam mat enger gewësser Ironie beschriwwen:

"Le 4 février a été promulguée une ordonnance du Gauleiter en date du 31 janvier 1941, relative aux prénoms et aux noms de famille. [...] La quintessence en est que les Luxembourgeois, qui ont le malheur de porter des noms et prénoms français, sont forcés de les changer. Si vous aviez un petit ami qui s'appelait "Guy Leclère", il devra s'appeler désormais "Veith Helle", ou quelque chose d'approchant. "Roger" s'appellera obligatoirement "Rüdiger". Quant aux "Gaston", ils n'ont qu'à choisir un autre prénom, parce que "Gaston" n'a pas d'équivalent en allemand. S'appeler "Lefort" est une tare dont il faut s'empresser de se défaire, si l'on veut être bien en cour et ne pas s'exposer à la réprobation et à des sanctions."

Annexioun duerch d'Nazipartei

Ëmbenannt gouf zum selwechten Zäitpunkt och dem Simon seng Muechtbasis am "Altreich", de Gau Koblenz-Trier, un deem Lëtzebuerg ugeschloss gouf. Dat neit Gebilde huet vum 8. Februar u "Gau Moselland" geheescht. De neie Regime huet soumat versicht déi, senger Weltuschauung no, artifiziell Grenz tëschent Lëtzebuerg an Däitschland weiderhin ze verwëschen an dat besate Land, wann net direkt an offiziell dem Reich, da wéinstens der Nazipartei unzeschléissen.

Den Dag dono, de Sonnden 9. Februar war dat, wärend enger "Grosskundgebung" um Lampertsbierg, och ongeféier esou verkënnegt ginn. De Gauleiter Simon hat zu dëser Occasioun de Fändel vun der Lëtzebuerger Sektioun vun der NSDAP-Auslandsorganisation iwwerreecht kritt. Deen Akt sollt symboliséieren, datt Lëtzebuerg net méi als Ausland ze betruechte war. Et war elo en Deel vum Gau Moselland, huet de Friedrich Reckamann, dem Gauleiter säi Stellvertrieder, deklaréiert "wenn staatsrechtlich diese Folgerung im Augenblick auch noch nicht gezogen werden kann", huet en ergänzt.

Deen Owend huet de Gauleiter Simon och d'Wuert ergraff fir eng Serie vun, haaptsächlech kulturell an edukativ Projeten, ze annoncéieren. E neien, groussen, däitschen Theater, mat enger Kapazitéit vun 1.400 Zuschauer sollt an der Stad gebaut ginn, souwéi eng Billergalerie an eng Bibliothéik. D'Schlass Bierg sollt an enger national-politescher Schoul fir jonk Meedercher an d'Abtei Klierf an enger Adolf-Hitler-Schule verwandelt ginn.

Hoffnungen op béide Säiten

D'Lëtzebuerger Unhänger vum neie Regime hunn déi Annoncen enthusiastesch opgeholl, besonnesch well se gehofft hunn, datt se geschwënn an der Nazipartei géifen opgeholl ginn. An der VdB, déi se gegrënnt haten, hu si sech net méi doheem gefillt. Hei ware si nach just eng Minoritéit, zanter datt op Drock vum Gauleiter Dausende vu Leit bäigetruede waren, déi fir d'däitschfrëndlech Lëtzebuerger Opportunisten an Hypokritte waren.

De gréissten Deel vun der Bevëlkerung huet dës Entwécklunge resignéiert ofgeschléckt - d'Resignatioun huet awer liicht anescht geschmaacht, manner batter iergendwéi, ewéi nach just e Puer Woche virdrun. De Krich war nach net komplett eriwwer an d'militäresch Situatioun vun den Achsemuechte war net méi esou glänzend.

England stoung nach. D'Luftwaffe hat et net fäerdegbruecht d'Royal Air Force ze briechen, war allem Anschein no souguer geschloe ginn, an d'Perspektiv vun enger däitscher Invasioun iwwer dem Äermelkanal war wäit ewech geréckelt. A Libyen hunn d'Britten och déi zéngt italienesch Arméi vernicht an 130.000 vu sengen Zaldoten gefaangen. D'Italiener haten och enorm Schwieregkeeten am Balkan, wou hir Invasioun vu Griichenland peinlech gescheitert war.

D'Oppositioun wiisst

Am Rapport vum Sicherheitsdienst vum 10. Februar 1941 kann ee liesen, datt déi däitsch an italienesch Nidderlagen "die an sich schon bestehende englandfreundliche Gesinnung eines kleinen Teiles der luxemburgischen Bevölkerung" gefestegt hat: "Allgemein sei man der Ansicht, dass England mit Unterstützung Amerikas den Sieg erringen werde." Den Auteur huet an deem Kontext eng Hausse vun den oppositionellen Handlunge festgestallt.

Zu Péiteng war eng Stréipopp mat enger däitscher Uniform opgehaange ginn. Ronderëm säin Hals war e Schëld mat folgendem Message: "So geht es jedem, der Anhänger der NSDAP ist." An der selwechter Stad war och de Büro vum Winterhilfswerk randaléiert ginn. Den Auteur vum SD-Bericht huet och notéiert, datt d'Biller vum Hitler d'Tendenz haten aus de Caféen ze verschwannen, souwéi d'Schëlder mat Message ewéi "Unser Gruss ist Heil Hitler" an "Juden werden hier nicht bedient".

Inschrifte wéi "Vive Charlotte!" oder "Vive Churchill!" sinn, am Géigendeel, am Stroossebild opgetaucht a nazifeindlech Fluchblieder si verdeelt ginn. "VdB gleich Landesverrat" war op engem ze liesen, op engem aneren, deen den 2. Februar entdeckt gi war, stoung dat heiten:

"Wir werden euch das nie verzeihen, aber wir werden euch anklagen vor allen Völkern der Welt; Neid, Hass, Lug, Trug, Raub, Mord, Krieg, Erpressung, Wortbruch, das ist die Fratze des Dritten Reiches. Eure Seele ist gebrandmarkt, und wenn die Friedenglocken läuten, wird die gerechte Strafe euch ereilen. Nieder mit der braunen Scheisse."

D'Resistenz taucht op

Dës Erscheinunge ware net just e spontanen Ausdrock vum Refus vum Naziregimm a vun der Annexioun. Si hate mat der Entwécklung vun enger Beweegung ze dinn, déi kollektiv net no enger politescher Stréimung benannt gouf, mee no enger Dugend, der Kapazitéit duerzehalen: Resistenz. Déi alleréischt Organisatiounen, wéi d'Lëtzebuerger Patriote Liga, d'Lëtzebuerger Legio'n, d'Lëtzeburger Fräiheetskämpfer oder déi, no den Initiale vun hire Grënner genannten ALWERAJE, waren am spéide Summer gegrënnt ginn, do wou de Projet vun de Besatzer d'Lëtzebuerger Onofhängegkeet ofzeschafen evident gi war.

Déi nach winzeg Gruppen haten am Wanter ugefaangen aktiv ze ginn. Déi éischt, déi an engem Rapport vum Sicherheitsdienst ernimmt gouf, war d'Lëtzeburger Patriote Liga. D'LPL hat kuerz viru Chrëschtdag fir d'éischt an der Stad, an dono iwwerall am Land, Fluchblieder ausgedeelt an deenen si ënner dem Motto "Schluss mit dem Landesverrat" d'Bevëlkerung dozou opgeruff hat, net mat der VdB ze kollaboréieren.

Am Februar 1941 war d'Perspektiv vun enger Befreiung nach komplett onrealistesch. D'Nazipartei war grad am Gaange seng Muecht zu Lëtzebuerg resolut opzebauen an auszedeenen. Mee all déi, déi verzweiwelt versicht hunn dach nach drun ze gleewen, datt Däitschland de Krich kéint verléieren, hu fir d'éischte Kéier zanter laangem Argumenter dofir fonnt.