Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Adi Oasis - Get It Got It

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'Mask ass e Riseproblem gewiescht"

Sot e mol

"D'Mask ass e Riseproblem gewiescht"

Vun de Lëpsen ofliesen ass fir Leit, déi net gutt oder näischt héieren, an der Pandemie ewech gefall. Domat war d'Kommunikatioun mat héiergeschiedegte Mënschen extrem schwiereg bis onméiglech, seet d'Sabrina Collé, Chargée de Direction vun der Associatioun "Hörgeschädigten Beratung".

auto_stories

2 min

Wärend hire Phoneetik- a Linguistiketüden ass d'Sabrina Collé op d'Problemer vun héiergeschiedegte Leit opmierksam ginn an huet doduerch eng weider Formatioun als Schrëftdolmetscherin dru gehaangen. Se huet wärend dem Studium zousätzlech Gebäerdesprooch geléiert.

Barrièren, déi net missten do sinn

Et ass eng Evidenz, datt héiergeschiedegt Mënschen am Alldag mat ville Schwieregkeete konfrontéiert ginn, déi am Fong net misste sinn. Dat kënnt, well d'Gesellschaft vill Informatiounen an d'Wëssen iwwer d'Problemer vun deene Mënschen net huet. D'Sabrina Collé huet sech dunn an dëse soziale Beräich lancéiert

"Mir hunn do nach ganz vill ze dinn an nach e wäite Wee virun eis. Ech mengen all Beruff, wou ee mat Leit schafft ass intressant, et ass ëmmer eppes anescht. Et gëtt ni langweileg an et kann ee ganz vill Saache bäiléieren. Mäin Ëmfeld, déi kenne mech an déi wëssen, wann ech mech decidéiert hunn, oder wann ech e Wee wëll aschloen, da maachen ech dat. Vun dohier war dat fir si net iwwerraschend."

De Kapp fräi kréien

Déi ganz Pandemie war an ass eng Erausfuerderung fir d'Sabrina Collé an hir Mataarbechter, an et ass wichteg ofzeschalten an net ze vill mat heem ze huelen. An déi Oflenkung geet scho mam Trajet heem un, wou si Musek lauschtert, wat awer net ëmmer fonctionéiert. En anere Moyen fir d'Sabrina Collé ass de Sport.

"Do ass een dann herno midd genuch fir net méi un déi Saachen ze denken.(...) Ech maache Vëlo a Rudderen. Also Rudderen op engem Gerät doheem, vu datt dat e flotten Training fir de ganz Kierper ass. Mer fuere ganz vill Vëlo, do ass Rudderen e gudden Ausgläich. Well do och de Uewerkierper mat derbäi ass."

D'Sabrina Collé ass e positive Mënsch: "Well wann ee sech just op dat Negatiivt konzentréiert verpasst ee ganz vill flott Saachen", esou d'Sabrina Collé.