Mir sinn de Moment an enger Kris. A wat fir enger ass awer nach net ganz kloer. Eng ekonomesch, eng sanitär, eng System-Kris, eng Kris vun der liberaler Demokratie, oder just eng Corona-Kris? Kënnt net och nach eng Finanzkris? Wat huet et mat der Virstellung vu Kris op sech?
Ass et eist erklären Zil dës Kris oder Krisen ze iwwerwannen, fir datt dono nees alles kann esou lafen, wéi virdrun? Kann eng Krise net och eng Chance sinn, fir sech als Mënschheet ze verbesseren? Eng Chance fir e moralesche Fortschrëtt?
An déi Richtung denkt op jiddwer Fall de Markus Gabriel, e jonke Professer a Philosoph aus Bonn. E puer vu sengen Iddi sollen an dësem Prisma beliicht ginn.
Ass "Kris" ëmmer negativ?
Fir d'éischt awer klassesch philosophesch d'Geenealogie vum Begrëff "Kris": Deen huet säin Originn am algriicheschen "krisis" (κρίσις), woumadder ursprénglech den decisive Moment vun engem gesondheetlechen Zoustand gemengt war, dee sech op eemol zum besseren oder schlechtere verännert huet.
Am Griichesche war Kris deemno dee Moment, wou ee bei enger Behandlung huet missten eng Decisioun huelen. Eng Decisioun, déi en Zoustand vun engem Patient konnt dramatesch verbesseren oder verschlechteren.
Haut gëtt mat Kris awer virun allem eng negativ Entwécklung betount. Bei der Flüchtlingskris oder der Finanzkris, déi déi lescht Joren an der Aktualitéit waren, gëtt virun allem d'Zäsur, mat deem wat war, an déi negativ Konsequenze fir eis Gesellschaft, ervirgehuewen.
Am Ufank war en Optimismus do
Am Markus Gabriel sengem neie Buch " moralischer Fortschritt in dunkelen Zeiten: Universale Werte für das 21. Jahrhundert " heescht et elo awer "Eine Krise ist immer auch ein Denklabor. Die Corona-Krise macht uns klarer als zuvor, wer wir sind, und eröffnet Spielräume für neuartige Entscheidungen darüber, wer wir sein wollen. Die Gegenwart einer Krise geht immer mit einer neuen Zukunft schwanger."
Dat kléngt an dësem Moment natierlech immens optimistesch, erënnert och vläicht un den Ufanksoptimismus wärend dem Lockdown, wou ee sech nach iwwer eng Entschleunigung an en Zeréckfanne vun de richtege Wäerter gefreet huet.
Haut ass dësen Excitement ronderëm d' Erliewe vun enger Ausnamesituatioun schonn nees eriwwer. Bliwwen ass d'Gefill vun Angscht, Muechtlosegkeet an d'Erkenntnis, datt de Retour zur Normalitéit nach op sech waarde léist. Eng Normalitéit, déi eventuell och guer net méi zeréckzewënschen ass?
Eng letal Weltwuerdnung
Dem Gabriel seng Kritik setzt hei un, an deem e pathetesch seet, datt d'Weltuerdnung, wéi mir se kannt hu viru Corona, net normal war, mee vill méi letal war. Dat heescht eis Weltuerdnung war an ass doduerch gekennzeechent, datt mer eist Habitat zerstéieren, Stéchwuert Klima-Katastrophe.
Dobäi kënnt, datt d'Produktiounsketten, mat deem eise Wuelstand an eise räiche westleche Länner zesummenhänkt, doduerch entsteet, datt Mënschen an anere Regioune vun der Welt ausgebeut ginn, a massiv zu Schued kommen. Mir bezuelen z.B. kee Mindestloun am Bangladesch a China, wou Saache fir eis produzéiert ginn.
Och hei an Europa hu mer gesinn, datt do, wou Leit wéi Véi gehale ginn, fir a Fleeschbetriber oder als Erntehelfer, fir en Apel an a Stéck Brout ze schaffen, mer et kaum fäerdeg bréngen, fir mënschewierdeg Zoustänn ze suergen. An hei geet et ëm eis Grondversuergung u Liewensmëttel. D.h.: mat letalen, oder op Lëtzebuergesch "déidlechen" Zoustänn ass gemengt, datt Mënschen stierwen, fir datt mir am Wuelstand kënne liewen.
Verännerunge si méiglech
Et ass net ze leegnen, datt de System, wéi en de Moment ass, fatal Konsequenze mat sech bréngt: d'Ausbeutung vun der Natur, d'Ausbeute vun de Mënsche wäit ewech, d'Ausnotze vun de Mënschen hei am Land, duerch een op Konkurrenz an Gewënnmaximéierung getrimmte Wirtschaftssystem.
Ass dësen System elo alternativlos? Quasi déi beschte méiglech Welt, déi duerch d'Beschafenheet vum Mënsch, als egoistesch, kuerzsiichteg an profitorientéiert Wiesen, einfach net anescht geduecht ka ginn? Ëmmerhin erlaabt eis de System wéi e war, sou laang mer ob der richteger Platz gebuer goufen, en ni genannten Ausliewe vu Fräiheeten: Reese bis an de Weltall, Iessen a Drénken no Loscht a Laun, Verschwenden a Consomméieren ouni Sënn a schlecht Gewëssen.
D'Corona-Kris huet gewisen, datt Verännerunge méiglech sinn, déi mer net fir méiglech gehal hätten. Mat dem etheschen Argument: eng Iwwerlaaschtung am Gesondheetswiesen ze verhënneren, goufe massiv Fräiheetsrechter ageschränkt. Vun engem moralesche Standpunkt aus, kann ee soen, datt probéiert ginn ass dat Richtegt ze maachen, ekonomesch Interesse sinn ouni laang ze zécken an den Hannergrond getrueden a mam Prinzip "Gesondheet vun vulnerabele Mënschen ze schützen" gouf, mam Peter Sloterdijk senge Wieder, ee "sanitäre Staatsstreich" ugeuerdent. Dat kléngt negativ, gëtt awer vum Sloterdijk selwer éischter positiv gedéit: Den demokratesche Staat, gläichsam als feelerbehafte Biergervertriedung, deen eng éischte Kéier wirtschaftlech Interesse hannen ustellt, fir seng Bierger ze schützen.
Kann een Corona-Kris deemno och als Startschoss gesinn, fir iwwer dat richtegt Handelen am Allgemengen nozedenken? Diskussioun iwwer eng gerecht Bezuelung vun essentielle Beruffer, deiten an déi Richtung. Oder d' Afrostellung vun eiser liberaler Liewensweis: iwwerméisseg Reesen, Globaliséierung als Bedéngung fir d'Ausbreedung vun der Pandemie, wier e weidert Beispill. Ob der anerer Säit d'Erkenntnis, datt sécher gegleefte Fräiheete méi fragil sinn, wéi geduecht, Stéchwuert: Grenzkontrollen a Schengenraum.
Naturwëssenschaften hu keng moralesch Äntwerten
Interessant bei dëser Kris ass och d'Fokusséierung op eenzel Wëssenschaftsdisziplinen als Heilsbréngen an enger verzweiwelter Lag. Besonnesch an enger Ufankszäit ware Wëssenschaftler aus dem Beräich vun der Medezin, en wichtegen Entscheedungsfaktor fir d'Politik. Eppes, wat een duerchaus als Fortschrëtt kann déiten, wann ee bedenkt, datt de Wëssenschaftler beim Klimawandel nëmme wéineg Gehéier geschenkt gëtt.
Op där anerer Säit ass et wichteg ze verstoen, datt d'Naturwëssenschaft als eenzel Disziplin, wéi d'Immunologie oder Statistik, net eleng kann doriwwer informéieren, wat an dem een oder aneren Zenario muss oder soll gemaach ginn. Hei missten och aner Disziplinnen, notamment Geeschteswëssenschaftler zu Rot gezu ginn, wéi z.B. d'Philosophen, d'Soziologen an d'Ethiker, déi hei vläicht méi en breede Bléck kennen opmaachen, z:B. mat der Fro, wat et fir eng Gesellschaft bedeit "Social distancing" iwwer laang Zäit ze bedreiwen.
Wat et bedeit, all Dag d'Covid-Zuelen, praktesch als politeschen Handlungsbarometer ze publizéieren? Oder d'Fro, wat d' Digitaliséierung, den Homeschooling an Homeoffice, mat dem Eenzelen ustellt, wann doheem net méi doheem ass, mee gläichzäiteg och Büro a Versammlungsraum? Féiert dat net zu enger; an hei nees en Begrëff vum Gabriel, "Coronialiséierung" vun eiser Liewenswelt? Als enger Duerchdréngung a Vermëschung vu Privatsphär an Aarbecht. Enger Omnipresenz vum Virus? Wou den Nächsten net méi als Matmënsch, mee just nach als potentiell Bedreeung, als Iwwerdroer vu Krankheet an Dout begraff gëtt.
Nei Weeër goen
De klengen Exkurs fir ze soen, datt d'Naturwëssenschaften, d'empiresch Daten eleng nach net soen, wéi een handele soll a muss a bestëmmte Situatiounen. Och hei kéint et als Fortschrëtt gedeit ginn, dass d'ëffentlech Debatten iwwer d'wëssenschaftlech Resultater ronderëm Corona däitlech gemaach hunn, datt wëssenschaftlech Fuerschung keng endgülteg Wouerechte produzéiere kann, an nach manner Resultater ervirbréngt, déi onmëttelbar handlungsinititéierend sinn.
Eng Kris kann deemno, esou wéi an senger ursprénglecher Bedeitung vum Begrëff, e Punkt sinn, fir sech ze entscheeden. Mir kënnen eis als Mënschen entscheeden nei Weeër ze woen, nei Weeër ze denken. Nom Duerchbrieche vun Infektionskette quasi och Produktiounsketten, a systemesch Ketten ze duerchbriechen. Sech als Gesellschaft nei opzestellen an eis moralesch an ethesch Widderspréch probéieren opzeléisen. Vläicht och einfach just de Courage hunn Zukunft als Utopie an net just als Dystopie ze denken.