Radioen

On air

Al Schanken  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Hongerrevolt vun Esch-Uelzecht

Zäithistoriker

D'Hongerrevolt vun Esch-Uelzecht

Firwat gi verschidde Geschichtsepisode vergiess? A sengem leschte Buch schwätzt den Henri Wehenkel zum Beispill vun der Escher Hongerrevolt vum November 1918, wärend där 5.000 jonk Aarbechter 51 Geschäfter ausgeraumt hunn.

auto_stories

6 min

Foto: Archiv

Viru Kuerzem koum dem Henri Wehenkel säi lescht Buch "La république trahie" eraus. Doranner beschreift hien d'Evenementer, déi zum Opruff vun enger Lëtzebuerger Republik geféiert hunn, vum däitschen Zesummebroch am November 1918 bis zu der Interventioun vun der franséischer Arméi, vu Januar 1919 un.

Ignoréiert Geschichtsepisoden

Dës Revolutioun gouf joerzéngtelaang entweder ignoréiert oder wéi en Detail an eiser Geschicht duergestallt. Eng haltlos Aventure, déi vun engem Grappvoll Landesverréider a Bolschewisten orchestréiert gouf. Dës Versioun gouf vun de Gewënner gepräägt. Vun de Klerikalen, déi sech domat och wéi déi eenzeg, authentesch an natierlech Representante vum Vollek duerstelle wollten.

De Wehenkel weist, datt d'republikanesch Aspiratiounen awer déif Wuerzelen haten. Datt d'Republik vun de selwechte Kreesser ënnerstëtzt gouf, déi och schonn d'Revolutioun vun 1848 gemaach haten, déi 1871 den Centralverband der Luxemburger Arbeiter gegrënnt haten, déi den 2. Januar 1916, matten am Krich, géint d'Monarchie demonstréiert haten.

Duerch dat Buch beweist den Henri Wehenkel nach eng Kéier, datt hien de grousse Chronist vun eisem ignoréierte Geschichtspotenzial ass. Dat bréngt hie reegelméisseg dozou Spueren nozegoen, déi scho bal verwëscht waren. Episoden zu Liicht ze bréngen, déi aus der Erënnerung verschwonne waren, wéi zum Beispill den Escher Hongeropstand vum November 1918. Dëst Explosioun vu Roserei, wärend där bis zu 5.000 Escher eng 50 Geschäfter ausgeraumt hunn, beschreift de Wehenkel op fënnef kuerzen, dofir eenzegaarteg Säiten.

Eng gespléckt an auserhéngert Gesellschaft

Fir d'Evenementer ze verstoe muss een e bësschen zeréckgoen. Lëtzebuerg war am Ufank vum Éischte Weltkrich vun däitschen Truppen besat ginn. D'Presenz vu 4.000 bis 5.000 däitschen Zaldoten, schlecht Recolte souwéi d'alliéiert Séiblockad hunn d'Versuergung mat Liewensmëttelen äusserst komplizéiert gemaach. D'Präisser sinn, vum Summer 1915 un, horrend an d'Luucht gaangen. An e puer Méint goufen déi fir Weess a Grompere verduebelt, déi fir Bounen, Ierbessen a Lënse verdräifacht ginn.

Den Honger huet d'Organisme gepéngegt. En huet awer och d'Gesellschaft gespléckt. D'Baueren an d'Geschäftsleit hu vun der Situatioun profitéiert. D'Aarbechter awer, déi just hire Loun hate fir hir Famill ze ernären, waren déi grouss Verléierer. Si haten et ëmsou méi schwéier, datt si och fir déi däitsch Krichsproduktioun hu misste schuften. De Jhang Schortgen, den éischten Aarbechter, deen an d'Chamber gewielt gouf, huet de 24. Juli 1917 hir Situatioun esou duergestallt:

"[W]ährend des Krieges [ist] die Förderung zweier Arbeiter in den meisten Betrieben um 20 bis 25 Prozent gestiegen [...] und das nur infolge davon, dass der Arbeiter seine Arbeitskraft aufs Höchste anspannen muss, um für sich und seine Familie genügend zu verdienen, um die hohen Lebensmittelpreise zahlen zu können. Glauben sie, dass der Bergmann, der von morgens früh um 6 bis mittags 4 oder 5 Uhr, an manchen Stellen sogar bis 6 Uhr schuften muss, [...] und der, wie dies im letzten Winter geschah, dabei Sonntags noch nach dem Ösling wandern muss, um die nötige Nahrung für die nächste Woche herbeizuschaffen, nicht erbittert wird? "

D'Faass leeft iwwer

Mam Enn vum Krich war den Ernärungsproblem nach laang net gereegelt, am Géigendeel. Enn November 1918 war déi versprachen amerikanesch Liewensmëttelhëllef nach net ukomm. Amplaz gouf am Minett awer eng amerikanesch Garnisoun stationéiert. E puer Dausend jonk Leit, mat engem groussem Appetit a gutt gefëllten Täschen. Eng nei Explosioun vun de Präisser war ze erwaarden. Den Owend vum 26. November 1918 huet e banale Virfall d'Faass zum iwwerlafe bruecht, schreift de Wehenkel:

"Vers 18h30, deux soldats américains sortirent d'une épicerie située au numéro 33 de la rue de l'Alzette. La commerçante avait demandé un mark pour un morceau de pain d'épices [...] Très vite les esprits s'échauffèrent. On commença par décrocher le drapeau qui ornait l'épicerie et les premières pierres furent jetées. Une fois la devanture brisée, l'épicerie fut vidée de son contenu et la foule se dirigea avec le drapeau vers la rue de la Poste pour démolir le magasin d'un traiteur qui avait vendu une jatte de gelée pour dix marks et dont, circonstance aggravante, la femme était allemande."

D'opstännesch Mass gouf dunn duerch Aarbechter verstäerkt, déi grad eng Gewerkschaftsversammlung verlooss haten. Si huet sech a Richtung Avenue de la Gare beweegt. Do gouf den Hotel Mächler ugegraff, dee wärend dem Krich Deutsches Haus geheescht huet.

Nein, es geht weiter!

Zu deem Zäitpunkt war d'Wull esou grouss ginn, dat se sech net méi konnt beweegen. Dräi Kolonne goufen doropshi gebilt. Déi eng ass Richtung Grenz gaangen, déi zweet huet d'Éilerenger Strooss erreecht, déi drëtt huet d'Geschäfter ëm Al Esch an d'Gemeng ausgeraumt. Iwwerall goufen d'Fändelen ewechgeholl, d'Fënsteren ageschloen an d'Wuere geklaut.

E Polizist huet versicht ee vun den Uféierer ze iwwerzeegen, him dobäi ze hëllefen d'Rou erëm hierzestellen. Hien huet hien drop opmierksam gemaach, dat hie bis zu 15 Joer Zuchthaus géif riskéieren. "Nein, es geht weiter!", huet deen awer lakonesch geäntwert. "Man hat uns lange genug betrogen", huet en anere geruff: "Es ist dessen jetzt genug, wir wollen uns rächen."

De Wehenkel analyséiert:

"La journée du 26 novembre fut symptomatique de l'état d'esprit régnant dans la jeunesse ouvrière du Bassin Minier. Elle fut d'abord une simple explosion de colère, un accès de fièvre, de rage, de folie destructrice, une expédition punitive. Elle fut l'expression aussi d'une perte de confiance et d'autorité, d'une transgression faisant fi de toute considération de légalité ou de propriété. Ce soir-là, l'État n'existait plus à Esch."

E Stéck Lëtzebuerger Geschicht

D'Polizei huet d'Lag eréischt géint Mëtternuecht erëm an de Grapp kritt. 51 Geschäfter ware vu bis zu 5.000 Leit randaléiert ginn. D'Evenement huet de Moment selwer natierlech schockéiert. Et ass dono trotzdeem vollstänneg aus der Posteritéit verschwonnen. Wéi ass dat ze erklären?

Warscheinlech well déi Konservativ d'Evenement wéi eng Gewaltorgie interpretéiert hunn, déi vun anarchisteschen a kosmopoliteschen Elementer provozéiert gi war. Mee mat dëser Interpretatioun stoungen si net eleng. Den Dag duerno huet d'Escher Tageblatt eigentlech dat nämmlecht geschriwwen. Liberaler a Sozialiste konnten a wollten deen Accès vu Roserei net verantworten.

Vun de 36 Leit, déi gefaast goufen, waren der awer 26 Lëtzebuerger a néng Auslänner. D'Lëtzebuerger waren also an der Majoritéit. D'Proportioun vun Auslänner war héich. Mee dat hat och mat der multinationaler Escher Realitéit ze dinn. Bei den Affere gesäit een eng änlech Disproportioun. Vun den 51 Geschäfter, déi ugegraff goufen, hunn der 12 entweder Italiener oder Däitscher gehéiert.

Wat sech de 26. November 1918 zu Esch ofgespillt huet, ass ouni Zweiwel e Stéck Lëtzebuerger Geschicht. Eent vun deenen, dat een awer schlecht an enger "Meistererzählung" abaue kann - wéi zum Beispill och d'Kollaboratioun wärend dem Zweete Weltkrich. Andeems hin déi Episod erzielt, weist den Henri Wehenkel erëm, dass d'Lëtzebuerger Geschicht keng linear Bunn ass, mee e verwuerzelte Bam, voller Niewenäscht an Aspiratiounen.