Radioen

On air

Trendscheif  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ënnerwee am Norde vu Myanmar

Op Weltrees

Ënnerwee am Norde vu Myanmar

D'radio 100,7 Rees-Journalistin Anne Schaaf ass weider bis an de Norde vum Myanmar gereest. Dat südostasiatescht Land huet eréischt 2011 d'Diere fir Touristen opgemaach. Den Thomas, ee Fransous, deen en Hotel do féiert, lieft scho 14 Joer laang am Myanmar.

auto_stories

3 min

Mam Zuch vu Mandalay, an Zentral-Myanmar, op Hsipaw am Nordosten: Déi kleng Odyssee mat där aler Bunn dauert 11,5 Stonnen, an et geet wierklech lues virun. Dat ass awer guer net sou schlecht. Vill Passagéier maache nämlech während der Fahrt d'Dieren op, fir ze fëmmen, Fotoen ze maachen oder d'Aussiicht ze genéissen.

D'Landschaft huet vill ze bidden. D'Vue vun deem monumentale Gotheik Viadukt, wou den Zuch driwwer fiert, huet et a sech. Iwwert 100 Joer huet dës Eisebunnsbréck um Bockel. Et ass déi bekanntst vu hirer Zort am Myanmar. Och zu Hsipaw, mat knapp 55.000 Awunner, ass d'Vue faszinant. Wäit a breet gesäit ee Bierger an eng wonnerschéin Natur, trotz Dréchenzäit. An dësem Paradäis begéinen ech dem Thomas: Ufank 40, Fransous a Manager vun engem Hotel. 14 Joer laang lieft hie schonn am Myanmar.

Wann d'Zäit stoe bleift

Den Thomas huet eigentlech e Master Diplom an internationaler Entwécklungs- a Kooperatiounsaarbecht. Mä hien huet als Iwwersetzer fir d'Internationaalt Rout Kräiz geschafft. Doduerch goung eng Dier op, déi hien nach sou bal net zoumaache wëll. Den Thomas war och schonn hei, wéi ëm 2011 nei Diere fir d'Land opgoungen. Villes hätt sech geännert, seet den Thomas. Den Zougang zu Informatiounen am Internet hätt an de leschte Jore grouss Verännerunge matsechbruecht. An d'Zensur wier staark zréckgaangen. Obwuel de Myanmar am Pressefräiheetsbarometer vu Reporter ohne Grenzen nach ëmmer op Plaz 143 vun 180 steet.

Déi politesch Protester an Opstänn, déi een aus gréissere Stied am Myanmar kennt, schéngen op dëser idyllescher Plaz op den éischte Bléck ze feelen. Beim Trekking duerch Bësch, Dall a Bierger si mer duerch butzeg Dierfer getrëppelt. Déi wierke wéi e klenge Mikrokosmos. Wéi wann d'Zäit stoe bliwwe wier.

Ethnesch Konflikter

Trotzdeem gëtt et Spannungen. Am Duerf, wou mir geschlof hunn, ass de Status vun der Padaung-Ethnie, déi do lieft, ee Grond, fir wat et reegelméisseg rabbelt. D'Awunner wëlle méi Autonomie. Net just vun der Regierung, mä och vum Shan-Staat, dem Gebitt, an deem d'Duerf läit. Dofir begéint een och alt mol arméiert Zaldoten, wann een do spadséiere geet.

Et ginn 135 ethnesch Gruppéierungen am Myanmar. A nach vill aner Gruppen, vun deenen der eng Partie kämpfe mussen, fir weider kënnen z'existéieren. Déi sougenannte Rohingha zum Beispill, eng moslemesch Minoritéit am Nordweste vum Land. D'Rohingha sinn am Konflikt mat der Regierung. An der internationaler Press gëtt vill doriwwer diskutéiert. Den Debat ass dacks emotional, och bannent der Populatioun. Angscht a Xenophobie si wäit verbreet am Myanmar.

Keng Immobilie fir Auslänner

Richteg grouss Investissementer loossen nach deels op sech waarden, well d'Land nach onstabel ass. Déi lokal Populatiounen si bis elo nach virun Iwwergrëffer an dësem Beräich geschützt, well Auslänner am Myanmar keng Terrainen an Immobilien däerfe kafen. Dem Thomas säin Job ass just garantéiert, well hie mat sengem myanmaresche Partner zesummeschafft.

D'Haltung géintiwwer Touristen ass mat näischt vergläichbar, dat ech virdru gesinn hunn. Bal iwwerall wou ech dëse Mount war, sinn ech enger grousser Oppenheet, Frëndlechkeet an Hëllefsbereetschaft begéint. Am Zuch fir zréck an de Süden hunn iwwerall Mënsche gewénkt a léif gelaacht. Wat dës Plaz esou speziell mécht, kann ech wuel net soen, ouni et ze romantiséieren. Dofir hunn ech den Thomas gefrot, fir wat hie sech an d'Land verléift huet. Seng Äntwert war ähnlech wéi meng. An der Strooss géifen d'Leit sangen, seet hien. Zu Paräis géif ee komesch gekuckt ginn, wann een dat mécht. Et géif eng besonnesch Freed um Liewen hei ginn, seet nach den Thomas. An d'Relatiounen tëscht de Leit wieren och net sou iwwerflächlech wéi bei eis.