Radioen

On air

De Moien  |  Presserevue

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Geschicht vun der Lëtzebuerger Atomzentral, déi et ni ginn ass

Lëtzebuerger Sachbicher

D'Geschicht vun der Lëtzebuerger Atomzentral, déi et ni ginn ass

Spéitstens zanter dem Katastrophefilm "An zéro" kennt all Lëtzebuerger d'Atomzentral zu Cattenom, direkt op der anerer Säit vun der franséisch-lëtzebuergescher Grenz. Datt an de 70er Joren och hei am Land eng Atomzentral hätt solle gebaut ginn, wëssen awer déi Mannst. Eng nei Etüd - erausgi vun der Fondation Lydie Schmitt - retracéiert d'Geschicht vun dëser Atomzentral, déi et ni ginn ass.

auto_stories

5 min

"Das gescheiterte Jahrhundertprojekt" baséiert op enger Masteraarbecht, déi de jonken Historiker Sacha Pulli virun dräi Joer op der Uni Lëtzebuerg verdeedegt huet. Schwéierpunkt vum Buch sinn d'Diskussiounen an der Zivilgesellschaft an um politeschen Niveau ronderëm de Bau vun enger Atomzentral zu Rëmerschen.

De Sacha Pulli setzt dës Diskussiounen an den historesche Kontext vun der Nokrichszäit: nom Zweete Weltkrich ass de Bedarf un Energie fir de wirtschaftlechen Opbau natierlech grouss. D'Atomenergie ass séier als rentabel Alternativ zu Kuel an Elektrizitéit gelueft ginn an iwwerall op der Welt entstinn Organisatioune fir de friddleche Gebrauch vun Atomenergie.

Eng Atomzentral zu Lëtzebuerg

An de fréie 60er Joren ass d'Iddi fir d'éischt opkomm, eng Atomzentral zu Lëtzebuerg ze bauen. Nodeems Frankräich an d'Belsch keen Interessi un enger Bedeelegung gewisen hunn, ass just nach Däitschland als Partner a Fro komm. Den Däitsche Konzern RWE, dee schonn an de 50er Joren un der Société électrique de l'Our matgewierkt hat, sollt schliisslech och fir de Bau vun der Atomzentral zu Rëmerschen zoustänneg sinn.

Fir datt de Projet awer konnt realiséiert ginn, war d'Zoustëmmung vun der Chamber néideg - dat, well de Staat ee Groussdeel vun de Käschte couvréiere sollt. Zu enger éischter Debatt an der Chamber koum et dann am Februar 1973. Grad dee Moment wou déi ëffentlech Diskussiounen zu Lëtzebuerg starten, bilt sech am Ausland éischten ziville Géigewand par Rapport zur atomfrëndlecher Politik an Europa. Interessanterweis sinn déi éischt Protester géint d'Atomzentral vu Rëmerschen net aus Lëtzebuerg ausgaangen, mee aus Däitschland. No a no schwappt d'Kritik och iwwer d'Grenz.

Protester géint d'Atomzentral

Am Januar 1974 huet d'Elisabeth Kox-Risch d'Biergerinitiativ Museldall gegrënnt - oder kuerz BIM. Et ass déi éischt Lëtzebuergesch Organisatioun, déi sech géint de Bau vun der Atomzentral wiert. Mat Hëllef vu Bréifaktiounen, Petitiounen a Maniffe geléngt et der BIM d'ëffentlech Meenung fir sech ze gewannen. Een éischten Erfolleg erlieft d'BIM um lokalen Niveau: 1976 schwätzt de Gemengerot vu Rëmerschen sech géint de Projet aus.

Ee weideren Tournant an der Lëtzebuerger Anti-Atomkraaft-Beweegung war d'Grënnung am Joer 1976 vum Comité national d'Action pour un moratoire - oder kuerz CNAM. Dës Organisatioun huet sech dofir agesat ee fënnefjärege Moratorium géint de Projet anzeféieren.

D'Koalitioun tëscht der DP an der LSAP, déi zanter 1974 um Pouvoir ass, geréit ëmmer méi ënner Drock wat d'Atomzentral zu Rëmerschen ugeet - an dat net just wéinst der Zivilgesellschaft: op der enger Säit huet den däitsche Konzern RWE drop beharrt, de Projet a sengem beschten Interessi ëmzesetzen. Op der anerer Säit huet Frankräich annoncéiert, zu Cattenom - also keng zéng Kilometer vu Rëmerschen ewech - eng eegen Atomzentral ze bauen - an direkter Konkurrenz zum däitsch-lëtzebuergesche Projet.

Besonnesch d'LSAP ass intern an zwee gespléckt. Dem Sacha Pulli säi Buch dréint haaptsächlech ronderëm dës Meenungsënnerscheeder bannent der sozialistescher Partei, déi schliisslech dozou gefouert hunn, datt de Projet net ëmgesat gouf. Wärend dem historesche Vott vum 11. Dezember 1977 huet d'LSAP nämlech fir de vun der CNAM gefrote Moratorium gestëmmt. Domat war de Projet de facto vum Dësch.

D'Anti-Atomkraaft-Beweegung zu Lëtzebuerg huet awer no der Annuléierung vum Rëmerschen-Projet net opgehalen ze existéieren. Hir Protestaktiounen hu sech elo op Cattenom verlagert - just op der anerer Säit vun der Grenz mat Frankräich. Dëse Projet hunn si awer net verhënnere kënnen. Aus der Anti-Atom-Beweegung géint Rëmerschen a spéider Cattenom si spéider iwwregens de Mouvement Ecologique an déi gréng Partei entstanen.

Eng schwiereg Recherche

Dem Sacha Pulli säi Buch ass manner eng Geschicht vun der Atomzentral selwer a méi d'Geschicht vum Widderstand géint dës Atomzentral bannent der Zivilgesellschaft. Dat léisst sech vläicht doduerch erklären, datt seng Recherchen haaptsächlech op Privatarchive baséieren - notamment op Dokumenter vun Aktiviste wéi dem Claude Wehenkel oder vun Organisatioune wéi dem MouvEco. Zwee Interviewen an ee perséinleche Bericht vum Claude Wehenkel ergänzen dem Sacha Pulli seng Recherchen.

Datt sou wéineg aus ëffentlechen Archiven zitéiert gouf, läit sécherlech dorunner, datt an de Nationalarchiven d'Bestänn aus der Nokrichszäit gréisstendeels gespaart sinn. Verglach mat anere Länner an der europäescher Unioun sinn d'Restriktiounen an den ëffentlechen Archive vu Lëtzebuerg nawell ee gudde Krack méi streng - wat d'historesch Recherche iwwert zäitgenëssesch Geschicht hei am Land immens behënnert.

Dem Sacha Pulli muss ee schonn eleng dowéinst felicitéieren sech a senger Masteraarbecht un ee sou rezente Sujet erugetraut ze hunn, wuelwëssend, datt hien a vill Bestänn keen Accès géing kréien.

Et gëtt just un der Uewerfläch gekraazt

Leider mierkt een awer och, dass de Mangel u Quellematerial sech negativ op d'Recherche ausgewierkt huet. Ofgesi vun de Quelleverweiser, déi dacks staark ze wënschen iwwreg loossen, gëtt ee beim Liesen d'Gefill net lass, datt den Text blouss un der Uewerfläch kraazt ouni awer wierklech an d'Déift vun der Matière anzedréngen. De Schwéierpunkt vum Buch sinn d'Diskussioune bannent der LSAP. Wat an anere Parteien oder um Regierungsniveau iwwert Remerschen diskutéiert gouf, gëtt just ugeschnidden; iwwert déi diplomatesch Diskussioune mat Frankräich an Däitschland gëtt ee just wéineg gewuer.

Interessant wier et och gewiergt ze kucken, wéi d'Regierunge vun de Nopeschlänner op de lëtzebuergesche Projet reagéiert hunn - ebe grad well et ee Sujet mat transnationalen Implicatiounen ass. Ee Sprong an auslännesch Archiven hätt sécherlech gehollef de Manktem un accessibele Quellen zu Lëtzebuerg ze kompenséieren a vill Aspekter ze beliichten, déi am Buch kaum oder guer net virkommen.

Sou bleift "Das gescheiterte Jahrhundertprojekt" ee Buch mat ville Lacunnen, dat awer ee gudden a léisbaren Iwwerbléck bitt.