Radioen

On air

De Moien  |  Mildlife - Yourself

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Geschicht vun der éisträichescher Migratioun zu Lëtzebuerg

Lëtzebuerger Sachbicher

D'Geschicht vun der éisträichescher Migratioun zu Lëtzebuerg

Op d'mannst zanter dem Opschwong vun der Stolindustrie ëm d'Joer 1870 ass Lëtzebuerg e Migratiounsland. Bekannt, an historesch am beschten erfuerscht, ass virun allem d'Awanderung aus Italien an aus Portugal.

auto_stories

6 min

Foto: Bigstock / Ilona Lablaika

Mee och aus anere Länner hu Mënschen sech hei niddergelooss an esou um wirtschaftlechen a kulturelle Räichtum vu Lëtzebuerg bäigedroen. En neit Buch vum Historiker Philippe Henri Blasen - erausginn an Zesummenaarbecht mam Centre de Documentation sur les Migrations Humaines zu Diddeleng - werft e Bléck op déi éisträichesch Immigratioun ëm 1900.

Éisträicher:innen: Virun allem am Minett

Nodeems d'Chercheuse Inna Ganschow virun zwee Joer d'Geschicht vun der russescher Immigratioun zu Lëtzebuerg ënner d'Lupp geholl huet, offréiert elo ee weidert Buch eng historesch Analys vun enger aner nationaler Minoritéit am Grand-Duché. Rieds ass vun den Immigrant:innen aus Éisträich, déi ëmmerhin zanter ronn 150 Joer hei am Land present sinn.

Geographesch waren déi meescht Éisträicher:innen am Minett ugesidelt, a besonnesch zu Esch. Wéi déi meescht auslännesch Immigranten, hunn och d'Éisträicher:inne gréisstendeels an der Stolindustrie Beschäftegung fonnt.

Waren am Joer 1875 just 31 Ressortissanten aus Éisträich zu Lëtzebuerg, ass hir Zuel fënnef Joer méi spéit schonn op 162 gewuess. Dovunner hunn der 108 - also zwee Drëttel- am Escher Kanton gelieft.

Unhand vun de Gebuerts-, Bestietnis- an Doudeszertifikater retracéiert den Historiker Philippe Henri Blasen aus dem rumänesche Xenopol-Institut fir Geschicht de Parcours vun dëse Immigranten.

"Die Familie Debortoli zog zwischen 1885 und 1886 von Esch nach Differdingen, wie die Geburtsorte der Söhne Nicolas und Joseph belegen. Die Geburt der Tochter Luigia Debortoli im Jahre 1902 in Borgo zeigt, dass die Familie zurück nach Tirol gegangen war. Sie kam jedoch anscheinend nach Luxemburg zurück, denn Luigia starb 1908 in Niederkorn im Alter von nur 5 Jahren."

Dem Philippe Henri Blasen seng Etüd beschränkt sech awer net just op déi numeresch Entwécklung vun der éisträichescher Gemeinschaft zu Lëtzebuerg. Och politesch - a ganz besonnesch diplomatesch - Repercussioune ginn am Buch thematiséiert.

Eng eege Vertriedung zu Lëtzebuerg

Mam Zouwuess vun éisträichesche Staatsbierger:innen huet sech nämlech och d'Fro vun der konsularescher Representatioun gestallt. 1893 hu 60 Éisträicher:inenn eng Petitioun un dem Ambassadeur zu Den Haag geschéckt fir eng eege Vertriedung zu Lëtzebuerg ze kréien.

"Eure Exzellenz bitten wir ganz ehrfurchtsvoll die Errichtung einer consularischen Vertretung in unserer Mitte zu erwirken, an die wir uns in unseren vielfältigen Angelegenheiten wenden und bei welcher wir in Bälde unsere Nationalfahne begrüßen können."

Well et sech bei den éisträicheschen Immigrant:innen haaptsächlech ëm Männer aus dem italienesch-sproochege Südtirol gehandelt huet, ass décidéiert ginn, datt si sech un den italienesche Konsul Joseph Weber wende sollen. Dësen huet seng Funktioun mat vill Éiergäiz an Enthusiasmus erfëllt.

"Fast jeden Monat besuche ich die eine oder andere von Italienern stark bewohnte Ortschaft. Da Italiener und italienisch sprechende Österreicher vielfach zusammenleben, versäume ich nie, mich auch nach dem Wohlergehen der letzteren zu erkundigen."

Een éisträicheschen Honorarkonsulat

Zwou Minoritéite gläichzäiteg ze vertrieden - an dobäi nach aus zwee Länner, déi territorial Ausernanersetzungen haten - war awer keen einfache Balanceakt fir de Joseph Weber.

"Nur bei ganz offiziellen Anlässen lasse ich den Österreichern sagen, sie mögen sich fern halten, weil es sonst den Anschein gewinnen könnte, als verkennten sie ihre Nationalität, ich selbst aber meine Stellung."

Nom Joseph Weber sengem Doud am Joer 1908 huet sech d'Fro vun der Vertriedung op een Neits gestallt. Wien war elo domat averstanen, en Honorarkonsulat ze grënnen, dee seng Ressortissanten am Grand-Duché vertrëtt.

No laangem Hin an Hier, deen den Philippe Henri Blasen am Detail beschreift, ass de Choix schliisslech op de Banquier Joseph Wurth-Weiler gefall - ee Kandidat, deen och vun der politescher a wirtschaftlecher Elitt ënnerstëtzt gouf.

"Das einzige maßgebende Kriterium war somit das Verhältnis zum Regierungschef und zum Milieu der Industriellen, nicht der Umgang mit den österreichischen Arbeitern oder die Sprachkenntnisse", bemierkt den Auteur.

Den Éischte Weltkrich: Honorarkonsulat mécht seng Dieren zou

Just véier Joer no der Schafung vum Honorarkonsulat brécht den Éischte Weltkrich aus. Däitschland iwwerfält dat neutraalt Lëtzebuerg an och Éisträich bedeelegt sech als Member vun de Mëttelmuechten un dëser rechtswidreger Occupatioun.

Den Historiker Philippe Henri Blasen beschreift unhand vun de Rapporten, déi hien an den Archiven zu Wien fonnt huet, d'Aktivitéit vum Konsulat wärend dëse véier Krichsjoren. Trotz dem Neutralitéitsbroch huet de Lëtzebuerger Joseph Wurth-Weiler ganz gewëssenhaft seng Aufgaben als éisträichesche Konsul erfëllt.

Ë.a. war hien dofir zoustänneg, d'Mobiliséierung vun den éisträichesch Männer ze organiséieren, déi am Grand-Duché gelieft hunn. Mam Waffestëllstand vum 11. November 1918 an der Néierlag vun de Mëttelmuechten huet d'Honorarkonsulat vun Éisträich no knapp néng Joer Existenz seng Diere schliisslech zougemaach.

Wäertvoll Informatiounen iwwer d'éisträichesch Communautéit

Dem Philippe Henri Blasen säi Buch ass fir jiddwereen ze recommandéieren, dee sech fir Migratiounsgeschicht interesséiert oder fir d'Geschicht vu Lëtzebuerg am spéiden 19. a fréien 20. Joerhonnert.

Den Auteur benotzt haaptsächlech Quellen aus dem Staatsarchiv vun Éisträichesch an aus den Nationalarchiv vu Lëtzebuerg - mee och aus aneren Instituter wéi z.B. d'Bestänn aus dem Bistumsarchiv zu Magdeburg oder aus dem Centre de Documentation sur les Migrations Humaines zu Diddeleng.

Besonnesch d'Rapporte vun de Konsularvertrieder liwwere wäertvoll Informatiounen iwwer déi éisträichesch Gemeinschaft zu Lëtzebuerg.

Dem Philippe Henri Blasen säi Buch schléisst mat enger nomineller Lëscht vun allen éisträichesche Ressortissanten of, op déi hien wärend senge Recherche gestouss ass an déi sech tëscht 1880 an 1900 zu Lëtzebuerg néier gelooss hunn.