Radioen

On air

Notturno  |  New Order - Blue Monday (2020 Digital Master)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Casse-tête fir Studenten

Corona-Pandemie

Casse-tête fir Studenten

Studéieren am Ausland an awer seng Famill gesinn ass an der Corona-Pandemie net evident: et muss een net nëmmen d'Mesuren aus engem Land an Uecht huelen, mee aus zwee Länner.

auto_stories

3 min

Ee ganz gutt Beispill dofir ass d'Jil Weber. Si studéiert am Fong Architektur zu Wien, mee ass zanter November bei hirer Famill zu Lëtzebuerg. Am November hat en zweete Lockdown an Éisträich ugefaangen. D'Feierdeeg konnt si bei hirer Famill verbréngen, mee wéinst hirer Uni muss si duerno awer nees op Wien.

Vum 26. Dezember u gëllt an Éisträich, genee wéi zu Lëtzebuerg, schonn nees en haarde Lockdown:

"An domadder gëllt dann och eng Areesbeschränkung. Dat heescht, ech muss eng Quarantän vun zéng Deeg op mech huelen, wat mech bëssen aschränkt, well ech awer Saachen hunn, déi ech op der Uni muss sur Place erleedegen."

Flich op Lëtzebuerg goufe gestrach

De Robin Faha studéiert Elektroingenieur zu Aberdeen a Schottland. Hien huet sech entscheet zanter September a Schottland ze bleiwen, fir esou eng Situatioun wéi bei der Jil Weber ze ëmgoen. Et wier ebe méi einfach d'Saachen op der Plaz ze reegelen, an et war him och wichteg seng Studiekolleege weider kënnen ze gesinn, seet de Student.

Silvester wier hie par konter ganz gären zeréck op Lëtzebuerg komm. Dorausser gëtt awer elo näischt. Well sech a Groussbritannien eng méi ustiechend Versioun vum Coronavirus ausgebreet huet, goufen all d'Flich op Lëtzebuerg fir eng Zäit gestrach.

"Jo, dorops hin ass och mäi Fluch ofgesot ginn. Also ech hat net wierklech vill Choix, mee wann ech e Choix gehat hätt, da wier ech awer gären heem komm fir meng Grousselteren, fir meng Famill a Frënn erëmzegesinn, souwäit dat dann och méiglech gewiescht wier."

Famill am enke Krees

Souwäit et méiglech ass, ass dann déi aner Fro. Wëllt ee sech dëst Joer wierklech mat all de Frënn an der Famill treffen? D'Estelle Née studéiert Droit op der Uni.lu. Fir si huet sech d'Fro mam heemfueren also net gestallt.

Par konter huet hir Famill decidéiert sech net fir Chrëschtdag ze gesinn. Si huet Hellegowend just mat hiren Eltere verbruet. All déi aner wëllt een dann erëmgesinn, wann et méi sécher ass, sot d'Studentin. D'Estelle Née versicht d'Situatioun positiv ze gesinn:

"Ech muss scho soen, et huet e puer Virdeeler. Zum Beispill spuert ee vill Suen, doduerch, datt ee keng Cadeaue muss kafen a wann ee bedenkt, datt ganz vill Studentenjobs einfach ewech gefall sinn, dann ass dat och net esou schlecht e puer Sue kënnen op d'Säit ze leeën."

Och wa vill Studenten op hir Famill verzichte missten, esou sinn déi, déi dëst Joer mat grousser Warscheinlechkeet eleng gefeiert hunn, hir Grousselteren.

"Also ech sinn op jiddwer Fall awer traureg, well ech meng Grousseltere scho laang net méi gesinn hunn an ech weess, wéi gären si all Joers erëm Chrëschtdag gefeiert hunn. Mir hunn eis virgeholl, soubal d'Situatioun besser ass, sief et am Juni oder am Juli, oder wann et ebe besser geet, wäerte mer Chrëschtdag nohuelen, wie weess vläicht wäerte mer e Christmas Barbecue organiséieren. Natierlech hänkt et elo dovunner of, wéi d'Situatioun sech entwéckelt."