Radioen

On air

Kultur um 5  |  D'Zesummenaarbecht gëtt verdéift

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bus- an Tramsmusée

Muséeën iwwer Bierg an Dall

Bus- an Tramsmusée

Vun 1875 bis 1964 ass zu Lëtzebuerg an der Stad den Tram gefuer. Mir geheien en nostalgesche Bléck op den Tram vu fréier, am Musée des Tramways et de Bus de la Ville de Luxembourg. D'Natasha Ehrmann war an de Bus- an Tramsmusée op Märel.

auto_stories

2 min

Den Tramsmusée bitt eng faszinant Rees an d'Vergaangenheet, dem Present an der Zukunft vum ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg. Perfekt restauréiert Trammen a Bussen, Maquetten an ee räichen Ausstellungsparcours retracéieren d'Geschicht vun Tram a Bus.

Eng Hellewull u Material

Ufanks den 1960er Joren sinn déi éischt Elementer vun der Kollektioun gesammelt ginn, deen Ament wou gewosst war, datt den Tram géif 1964 ofgeschaaft ginn. Deemno weist de Musée eng Hellewull Objeten, Uniforme vu Kontrolleren, Billjeeën, Pointeusen, Kaarten a Pläng. De Parcours geet der Geschicht vun der Mobilitéit vun der Haaptstad op d'Spuer.

Den Tramsmusée gouf 1991 gegrënnt, virdrun hat de Stater Busbetrib en Ausstellungsraum, deen awer op eemol ze kleng war, deemno koum den Tramsmusée op de Bouillon. Op Initiativ vun engem gewëssenen Adolf Kaufhold, deen d'Tramsära an der Direktioun materlieft huet, gouf decidéiert d'Tram-Erënnerungen opliewen ze loossen.

Bis an 60er Joren ass den Tram gefuer

De Romain Rech ass de Responsabele vum Tramsmusée an zielt, datt Lëtzebuerg eng Festungsstad war a sech huet missten ausbreeden. "Et gouf d'Eisebunn, mee keng Verbindung vun der Gare bis an d'Stad." 1875 huet sech den Tram etabléiert, mee wéi den Auto Virrang krut, ass den Tram manner attraktiv ginn. 1964 ass de leschten elektreschen Tram gefuer.

Am Hangar vum Tramsmusée stinn Trammen aus de 50er Joren a Gleiser weisen, wéi den Tram fonctionéiert huet. Alles wat een do gesäit ass nach befuerbar. Donieft ginn et nach Schinne fir ze kucken.

D'Visitte ginn un déi neiste Restriktiounen adaptéiert, Gruppe vun zéng Persoune kënnen empfaange ginn. Den Tramsmusée ass op donneschdes mëttes hallwer 2 bis hallwer 6, samschdes a sonndes vun zwou bis sechs.