Radioen

On air

Grousse Kino  |  Grousse Kino - D'Liewen ass net ëmmer en Danz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Brauche Mënsche Monsteren?

"Menschen brauchen Monster"

Brauche Mënsche Monsteren?

Egal ob Frankenstein oder Godzilla - Monstere si bis haut en Thema a ville Bicher, Filmer an och an eiser Fantasie. Déi fiktiv Kreature joen Angscht an a faszinéieren zugläich. D'Buch "Menschen brauchen Monster" vum Wëssenschaftsjournalist Hubert Filser geet der Fro no, firwat Monstere bis haut an eisem Liewen esou populär sinn. Fir de Psycholog a Familljentherapeut Gilbert Pregno brauche mir d'Kreatioun vun de Monsteren, fir eis den Ängschten am Liewen ze stellen.

auto_stories

3 min

D'Gebuertsstonn vun de Monstere war virun zéngdausende vu Joren, wou an der Steenzäit fiktiv Kreaturen op d'Mauer gemoolt goufen. Am Ufank war zum Beispill d'Monster dacks a Form vun engem Mënschekierper mat engem Déierekapp gezeechent. Am Laf vun der Zäit huet sech d'Ausgesi vun de Monsteren ëmmer weiderentwéckelt.

D'Monsteren, déi an de Filmer oder an eiser Fantasie produzéiert ginn, wieren en Ausdrock vun Ängschten, déi ee bei sech verënnerlecht huet, erkläert de Gilbert Pregno, Psycholog a Familljentherapeut. Et géife Situatiounen am Liewe ginn, wou ee seng Angscht benotze kéint. Angscht géing et dem Mënsch erlaben, fir besser mat enger Geforesituatioun eens ze ginn. Onofhängeg dovunner stellt sech fir all Mënsch d'Fro, wéi hie mat Ängschte soll ëmgoen. "Doduerch, datt een dat ënnert Form vun engem Bild oder enger Erzielung, vun engem Mäerchen oder engem Film duerstellt, ginn déi Ängschten, déi een huet, besser kontrolléierbar", seet de Gilbert Pregno.

Reell Ängschte kann een net kontrolléieren

Op der anerer Säit produzéieren d'Ängschten och e Reiz, sou de Gilbert Pregno. Et géife Stoffer am Kierper produzéiert ginn. De Mënsch géif d'Erfarung vun der Angscht ëmmer erëm opsichen goen. Allerdéngs just, wann de Mënsch an engem Raum ass, wou hie sech sécher fillt a weess, datt Monstere keng Realitéit sinn.

Aner Ängschten, wéi zum Beispill, datt d'Atomzentral zu Cattenom eng Kéier an d'Luucht geet, kéint kee kontrolléieren. Et kéint een aktiv dofir suergen, datt een net muss dorun denken. Ganz vill Leit wéissten och net, wat si mat esou enger Situatioun sollen ufänken.

Märercher si wichteg fir d'Entwécklung

Déi meescht vun eis gi schonn als Kanner mat fiktive Kreature konfrontéiert. D'Kanner wëlle Geschichten ëmmer erëm erzielt kréien, och wa si fäerten. Hinne mécht dat op eng gewëssen Aart a Weis Spaass, seet de Gilbert Pregno.

An de 50er a 60er Joren sot de Pyscholog Bruno Bettelheim, datt Märercher eppes Wichteges fir Kanner sinn. Och oder ebe grad, well an ale Märercher vill Gewalt virkënnt. Kanner géifen doduerch léieren, sech mat der Wierklechkeet auserneenzesetzen. An de Märercher gewënnt um Enn ëmmer dee Gudden, sou datt eng gewëss Balance do ass.

Mënsche brauchen Erklärungen an hunn e grousst Verlaangen no Sécherheet. Mënsche wëlle wëssen, wou si dru sinn. Well et déi Sécherheet net onbedéngt gëtt, wier d'Schafe vu Monsteren e wichtege Prozess, wou een de Chaos an enger iwwerpréifbarer Manéier an de Grëff kéint kréien, esou de Psycholog Gilbert Pregno.