Bescht Gréiss a bleift gesond!

Bleift gesond - Dës zwee Wierder sinn an de leschte Méint scho quasi zu enger neier Abschiedsformel ginn. D'Gesondheet schéngt, méi wéi jee, dat héchste Gutt an eiser Gesellschaft ze sinn. Ëmmer méi Länner sinn erëm an engem partiellen oder souguer kompletten Lockdown, Spärstonne goufen ageféiert an eng ganz Partie weider Mesurë goufe geholl - an dat, am Numm vun der Gesondheet.

Mee vu wéi enger Gesondheet schwätze mer iwwerhaapt hei? Just vun der kierperlecher? Wat awer sinn d'Risiken an d'Niewewierkunge fir eng Gesellschaft, wann een de Gesondheetsbegrëff ze eesäiteg faasst? Besteet dann net vläicht d'Gefor, datt vill Mënsche grad doduerch krank ginn? Ass dat net e Paradox, freet d'Pascale Worré?

Pascale Worré / cbi

Bleift Gesond
Foto: Bigstock / Fahroni

Et ass net nei, datt een de Leit eng gutt Gesondheet wënscht. Vu Klengem u gi mir geléiert, datt ee "Gesondheet" seet, wann e Mënsch néitst, dat ass héiflech an dat seet een eben esou.

Mee zanter der Corona-Pandemie huet sech eng nei Formel entwéckelt, déi een ëmmer méi heefeg a Maile liest oder héiert, wann een engem Äddi seet - Bleift gesond! Et schéngt, wéi wann d'Gesondheet nach méi en héije Stellewäert duerch de Coronavirus kritt huet, an dat souwuel an der Politik, wéi bei de Leit an der Gesellschaft. Mee wéi eng Gesondheet menge mer eigentlech?

Wat heescht "Gesondheet"?

Et ass net esou einfach, eng eendeiteg Definitioun vum Begrëff Gesondheet ze fannen. Esou definéiert d'Weltgesondheetsorganisatioun WHO Gesondheet als en Zoustand vu vollstännegem kierperlechen, geeschtegen a soziale Wuelbefannen, a se ass och net just als e Feele vu Krankheet oder Gebriechen ze verstoen.

Dës Definitioun bleift menger Meenung no allerdéngs e bësse vag a liwwert mir keng befriddegend Äntwert op meng Fro. En plus kënnt e weideren Begrëff dobäi, dee genee esou schwiereg ass ze definéieren, nämlech dee vun der Krankheet. Well och do kënne mer eis déi selwecht Fro stellen: Wat mengen mer eigentlech mat krank sinn a Krankheet. Net gesond sinn?

Dir gesitt, esou dréie mer just am Krees. Et soll jo lo och net dorëms goen, eng Definitioun ze fannen, an och geet et mir net drëm, dës Fro als Expert vun der Medezin oder vun der Santé mentale ze beäntweren. Ech si weder dat eent, nach dat anert. Ech stelle mer déi Fro als e Mënsch, dee sech fir seng Ëmwelt a säin Ëmfeld interesséiert, als Frëndin, Kolleegin, Duechter oder Enkelin, déi, wéi all aneren och, all Dag mat de verschiddenste Geschichten, Faiten an Neiegkeete konfrontéiert gëtt, an dobäi ëmmer méi feststellt, datt eis Gesellschaft am Moment net an engem Zoustand ass, deen ech elo als gesond géif bezeechnen. An dat, obwuel d'Erhale vun eiser Gesondheet jo awer grad héchst Prioritéit huet.

Den Alldag gëtt vum Virus bestëmmt

Wat mengen ech heimat? Eisen Alldag gëtt vun engem Virus bestëmmt, an dat an alle Liewensberäicher an Alterskategorien. Positiv Fäll, Masken, Mise à l'écart, Isolement, Quarantän, Lockdown ... dat si Begrëffer, mat deenen d'Kanner momentan grouss an déi Jonk erwuesse ginn.

All Dag gëtt vun der Ongewëssheet begleet, ob si net vläicht selwer isoléiert ginn oder a Quarantän mussen, wat fir Kanner a Jonker bedeit, hir Frënn net méi ze gesinn oder net méi mat hinnen ze spillen oder esouguer net méi dierfen an d'Schoul ze goen. Dobäi kënnt awer och déi Fro, ob si, hir Elteren oder Grousselteren net selwer positiv sinn a vläicht krank ginn. An och fir déi Erwuessen huet sech den Alldag staark verännert: Congé ufroen, well d'Kanner doheem musse bleiwen, seng Diere komplett mussen zoumaachen, net méi kënnen op seng Aarbechtsplaz goen, vill zousätzlech Iwwerstonne leeschten oder esouguer vläicht fir eng Aarbecht rekrutéiert ginn, déi een net wëllt maachen. A virun allem net ze vergiessen, déi eeler Mënschen, déi jo am vulnerabelste sinn an déi mir besonnesch wëlle schützen, an déi, wéi mer ëmmer erëm héieren, am meeschten ënner den Auswierkungen vun der Kris leiden.

Dat sinn elo just e puer Beispiller. Dozou kommen Ängschte vun ënnerschiddlecher Aart: Fir déi eng sinn et existenziell Ängschten, well hir Zukunft esou ongewëss ass a si net wëssen, wéi si finanziell iwwer d'Ronne kommen. Fir anerer ass et d'Angscht, sech selwer unzestiechen oder anerer unzestiechen. Verschidde Leit hunn esou Angscht, datt si sech mol net méi virun d'Dier trauen a sech selwer aus Angscht komplett isoléieren.

Mee och an de Spideeler an an de Fleegeberuffer spëtzt d'Situatioun sech zou. Et héiert een ëmmer méi haart Stëmme vum Personal, dat einfach net méi kann. Vill vun hinne sinn ausgebrannt oder si kuerz virdrun. Dozou muss ee soen, datt déi Stëmmen och schonn viru Corona do waren, mee se sinn net wierklech duerchgedrongen. Personalmangel souwéi déi domat verbonnen Aarbechtskonditiounen am Gesondheetswiese sinn näischt Neies.

D'Liewe virum Virus

Et huet een den Androck, wéi wann et zanter Mäerz just nach "de Covid", wéi e gär genannt gëtt, géif ginn a Gesondheet haaptsächlech doranner besteet, sech net mam Coronavirus ze infizéieren. Et kann een jo och mol net soen, datt hei allgemeng déi physesch Gesondheet am Fokus steet, well et ginn och aner geféierlech Krankheeten, an déi sinn net duerch "de Covid" op emol verschwonnen. Dobäi wëll ech hei als Beispill just bemierken, datt kardiovaskulär Krankheeten a Kriibs déi Krankheeten sinn, déi am meeschten Doudesaffer mat sech bréngen.

Laut de ganz rezente Chifferen, déi d'Santé publizéiert huet, sinn am Joer 2018 1193 Leit zu Lëtzebuerg un de Suitte vun enger kardiovaskulärer Krankheet gestuerwen, 1130 Leit u Kriibs. Dat heescht, et ass net esou, wéi wann et virum Coronavirus keng déidlech Krankheete gi wieren. An och net, wéi wann een näischt vun deenen am Alldag héieren hätt. Am contraire, et goufen esouguer eng ganz Partie Campagnen an National Aktiounspläng fir d'Leit ze sensibiliséieren a Preventiounsaarbecht ze leeschten. An awer, dës Krankheete beschäftege souwuel d'Medien, wéi och den eenzele Mënsch verhältnisméisseg wéineg.

Hei kënnt natierlech och dobäi, datt de Coronavirus héich ustiechend ass, an een dofir soll déi aner virun enger potentieller Infektioun a Krankheet schützen. Sech selwer natierlech och. Hei kann een d'Fro stellen, wat fir e Mënschebild dat mat sech bréngt. De Mënsch gëtt zum potentielle "positive Fall", dee mech kann ustiechen a vläicht krank ka maachen. Net seelen ass et mir scho virkomm, datt Leit, nodeems si Moien soten, mer direkt hannendrun matgedeelt hunn, datt si rezent negativ op de Coronavirus getest goufen, esou nom Motto "Du brauchs keng Angscht ze hunn, ech iwwerdroen dir de Virus net". Ass dat e wënschenswäerten Ëmgang mat senge Matmënschen?

No all deenen Auswierkungen ass fir mech wierklech net kloer, wéi eng Gesondheet dat dann ass, déi eise sommum bonum, dat héchste Gutt, ze si schéngt.

Dat klengt vläicht alles zimmlech pessimistesch, an och hunn ech elo keng schlau Léisung parat. Et sinn awer déi alldeeglech Geschichten a Gespréicher, déi een esou ronderëm sech matkritt oder selwer mat de Leit féiert. Zanter Méint vergeet kaum en Dag, wou "de Covid" net Theema Nummer 1 ass, an eis net op iergendeng Aart a Weis an eisem Wuelbefannen aschränkt. An do kann ee sech duerchaus froen, ob dat nach e gesonden Ëmgang ass.

An der Mediathéik:

Prisma / / Pascale Worré
Lauschteren

Méi zum Thema

Lukas Held
Prisma

Unter der Gnosis versteht man eine Reihe von einflussreichen religiösen und philosophischen Gruppierungen, die sich parallel zum frühen Christentum entwickelten. Erklärungen von Lukas Held.

Thierry Simonelli
Prisma

Ressentiment ass eng Zort ënnerdréckten a verdrängte "Groll", dee sech privilegiéiert a Situatiounen ausdréckt, wou et ëm Moral, Verantwortung a Wäerter geet. Gedanken dozou vum Thierry Simonelli.

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • CinEast-Festival 2020

    De CinEast-Festival weist eng Selektioun vu mëttel- an osteuropäesche Filmer. Déi 13. Editioun ass wéinst der Covid-Pandemie eng hybrid: d'Filmer gi souwuel um groussen Ecran wéi och online gewisen.

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen