Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  D'Angelo - Brown Sugar

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Anouk Bastian: Wënzerin de père en fille

Sot emol

Anouk Bastian: Wënzerin de père en fille

D'Anouk Bastian ass d'Duechter vun engem Wënzer an der fënnefter Generatioun, a krut de Beruff an d'Wéi geluecht. Nieft Studien am Droit huet si och Önologie studéiert a laang Joren am Familljenhaus geschafft, ier si dunn als Expertin an der Kommunikatioun an zwee Ministère geschafft huet. Zanter dem Ufank vun der Pandemie huet si am Gesondheetsministère geschafft, an elo reintegréiert si mat där Experienz méi erëm de private Secteur.

auto_stories

2 min

D'Anouk Bastian ass Wënzerin

Pinot Blanc, Gewürztraminer, Riesling, Pinot Noir, Pinot Gris, Auxerrois si Riefzorten, déi typesch fir Lëtzebuerg sinn, Cépagen, déi d'Anouk Bastian naturgerecht kultivéiert. Den Domaine nennt sech iwwregens Matthis Bastian et fille, mat Akzent op "fille".

"Am Moment ass dat eppes, wat haut méi Gang un Gäbe ass, an dat ass och flott. Ech géif soen haut schwätze mer net méi vu Fraen, déi am Wäi schaffen, mee haaptsächlech vu Wënzer a Wënzerinnen och am Wäin, dat ass eppes, wat vill méi dacks virkënnt. D'Meedercher gi studéieren, si interesséiere sech fir hir Regioun, si gi mat hire Päpp, mat hire Bridder an de Wéngert, dat ass eppes, wat sech am Fong iwwerdréit, quasi iwwer den Drauwejus."

D'Passioun ass ni ausgaangen

Fir d'Anouk Bastian ass d'Passioun zum Wäin zur Drauf wier ni ausgaangen, déi Flam brennt ëmmer nach an dofir ass et fir si eng grouss Freed nees unzefänken.

Fir si ass et e Privileeg nees fir der Regioun ze hëllefen an d'Cremanten an d'Wäiner un d'Leit ze bréngen. Zu Réimech ass si doheem:

"Et kann ee soen: do ass ëmmer eng lass. Et ass een ëmmer frou fir dobaussen ze sinn, an der frëscher Loft, do huet een ëmmer eppes ze kucken, eppes ze beobachten, a wat ass dann och méi schéi fir eng jonk Planz, eng jonk Rief frësch ze planzen an där nozekucken, wéi se wiisst. An dat ass genau dat, wat och mäi Papp, wat meng Grousselteren, meng Groussmamm eis vermëttelt huet: planzt eppes da wiisst et och. Esou ass et am Liewen: was ihr säht das erntet ihr, dat ass och genee esou. Mir hunn och ganz vill Fotoe vu mengem Bouf, vu menger Duechter, wou si och Planze setzen. Dat ass ëmmer e flotte Moment wann een neie Wéngert ugesat gëtt, fir deen dann herno déi éischte kéier och ze recoltéieren, déi éischt Drauwen dovunner ze schmaachen, déi éischt Jusen dovunner ze hunn."

Fir d'Anouk Bastian schwätzt de Wäin, en ass eng Chronik vun der ganzer Meteo, e verzielt Villes an ee Wënzer muss dem Wäi kënne lauschteren.