Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  The Messthetics & James Brandon Lewis - L'Orso

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Am Gespréich: Frank Hoffmann

Theater a Cabaret

Am Gespréich: Frank Hoffmann

De Frank Hoffmann ass Theaterregisseur, Filmrealisateur, Dréibuchauteur an Direkter vum TNL. Seng Passioun fir den Theater krut hie vu senger Mamm, der Artistin Germaine Hoffmann, a vu sengem Papp, dem Schrëftsteller Léopold Hoffmann, vermëttelt, an huet mat just 18 Joer deen éischte Lëtzebuerger Studentecabaret matgegrënnt.

auto_stories

6 min

An den 1980er Joren huet hien am Wandschiet vum emblemateschen Tun Deutsch den Theater zu Lëtzebuerg professionaliséiert.

"Ech hunn ëmmer geduecht Theater ass dat Wichtegst, wat et gëtt"

"Meng Mamm kënnt vum Duerf, do ass Chrëschtdag Theater gespillt ginn, dat war fir mech dee gréissten Dag vum Joer fir do an den Theater ze goen, an enger aler Schoul, do hunn d'Bauere vun Osper gespillt, dat ware fantastesch Schauspiller. Mäi Papp war Member vun der Theaterfederatioun vun der Stad Lëtzebuerg an ech si mat him an déi siwent Rei an den Theater sëtze gaangen. Dat Gefill wäert ech ni vergiessen, d'Atmosphär, déi vun der Bün eriwwer kënnt, dat Geheimnis huet mech infizéiert."

Trotz senger Léift zum Theater huet de Frank Hoffmann tëscht 1979 an 1983 zu Heidelberg Germanistik, Romanistik a Philosophie studéiert, an huet mat enger Promotioun iwwer d'Philosophie vum Theater, déi um Michel Foucault sengen Theese baséiert, ofgeschloss.

Deel 1 lauschterenplay_arrow

Den Theater war awer ëmmer present, an de Frank Hoffmann huet 1983 zu Heidelberg d'Klammerspiel Heidelberg gegrënnt.

"Ech hunn deslescht gelies, datt ee Wonsch do ass, méi Cabaret ze weisen, ech hu Cabaret ganz gär, zu Recklinghausen hat ech bis zu 15 Kabarettisten aus der Republik pro Joer. Ech si kee Frënn vun der platter Komedie, mee gescheite Cabaret hunn ech ganz gär, mee ech ginn ëmmer méi kritesch a muss manner laachen. Ech sinn awer nach ee Frënd dovun a sichen nach de Wee, wéi mir hei kënne Cabaret ze weisen."

Vun der Mëtt vun den 1980er Jore bis zum Enn vun den 1990er Joren huet de Frank Hoffmann virun allem zu Basel, Bremen a Bonn Theaterregie gefouert. 1994 ass e mat Hoffmanns Erzählungen an de Musekstheater erageklommen.

Zesumme mam Jean Flammang, Karl Horsburgh, Camille Kerger an Olivier Ortolani a mat Hëllef vum Lëtzebuerger Kulturministère ass 1996 den Théatre National du Luxembourg an der Haaptstad gegrënnt ginn.

Verbindung tëscht de Lëtzebuerger Theateren an dem Ausland

"Den 1ten Oktober 97 war eis éischt Première am Escher Theater. Fir mech ass dat emotional, de Grënnungsdag. Den Ursprong läit an zwou Aarbechten, déi ech zu Paräis am Théâtre de la Coline krut, wou ech eng Propose kritt hat eppes ze inzenéieren. Ech hunn de Marc Olinger gefrot, ob hie collaboréiere wéilt, an hien huet mat Begeeschterung Jo gesot. Entstanen ass d'Kooperatioun tëscht dem Théâtre de la Coline an dem Kapuzinertheater, an du war et eriwwer. De Marc Olinger sot mir deemools, datt d'Kulturkommissioun vun der Stad Lëtzebuerg, an ech zitéieren hien: mir sinn net hein fir déi international Karriär vum Frank Hoffmann ze finanzéieren. Dat huet mech schockéiert, an du sot ech mir - entweder du bleifs just am Ausland, oder du probéiers eng Struktur ze grënnen an de Ministère ze iwwerzeegen, datt et wichteg ass, datt mir als Lëtzebuerger Theater mam Ausland kënnen zesumme schaffen. Du sinn ech bei d'Madame Erna Hennicot gaangen an hu si gefrot, ob et normal wier, datt mir keen nationalen Theater hunn, hir Äntwert war: Nee, maacht mir eng Propos."

Deel 2 lauschterenplay_arrow

De Frank Hoffmann huet bis haut a méi wéi 20 Stied wäit iwwer honnert national an international Inzenéierungen erausbruecht, ënner anerem an Däitschland, Frankräich, Lëtzebuerg, Éisträich an an der Schwäiz, ënner anerem am Burgtheater Wien, am Deutschen Schauspielhaus zu Hamburg, am Basler Theater, am Kölner Schauspiel, am Schauspiel Bonn, am Schauspiel Frankfurt, an der Freien Volksbühne Berlin, am Bremer Theater an zu Lëtzebuerg am Kasematten- an am Kapuzinertheater. Seng Inzenéierunge goufen op villen europäeschen an internationale Bünen, wéi an Asien an Nord- a Südamerika, opgefouert a waren och Deel vu villen europäeschen Theaterfestivallen.

Den TNL setzt vun Ufank un op Kreatioun am Avant-Garde-Genre, mee virun allem op Méisproochegkeet.

"Mir liewen an engem Land mat ville linguistesche Communautéiten. Däitsch Franséisch, Lëtzebuergesch waren eis zentral Sproochen, dunn ass Englesch a Portugisesch dobäikomm. Deemno maache mir d'nächst Joer e grousse Projet als Ouverture vun der Saison iwwer Immigratioun zu Lëtzebuerg a Kollaboratioun mam Theater Sao Joao vu Porto. Mir kënnen eis ganz mat esou engem Projet identifizéieren."

Deel 3 lauschterenplay_arrow

Nieft sengem Mentor Tun Deutsch huet de Frank Hoffmann eng aner wichteg Inspiratiounsquell a sengem Liewe begéint: den israelesche Metteur en scène, David Mouchtar Samorais.

"Deen huet mech definitiv op de Wee bruecht zu Heidelberg. Do hunn ech d'Entscheedung getraff: ech ginn elo Schauspiller. Ech hat d'Ambitioun eppes ze studéieren, ech war ze vill Literatur begeeschtert fir Literatur net ze studéieren. Ech war Richtung Enseignement ënnerwee, knapps ukomm hunn ech mech an Theatergrupp ugemellt, hunn do Giraudoux gespillt op Franséisch, d'Klammerspiele Heidelberg gegrënnt, ee Lieu gesicht a fonnt am romanesche Seminaire am Keller. Deen Theater gëtt et nach an dat ass esou e schéint Gefill. Heidelberg ass ëmmer nach fir mech mäin zweet Doheem."

Deel 4 lauschterenplay_arrow

Den 28. Juni goufen am Kader vum Kulturentwécklungsplang 2018-2028 goufen déi éischt Theaterassisen organiséiert. De KEP rifft d'Acteuren aus der Kulturzeen zesummen, fir iwwer d'Problemer vum existéierende System ze diskutéieren.

E Méindeg ass et ëm den Theatersecteur hei zu Lëtzebuerg gaangen. Dee Secteur ass an de leschte Joerzéngten immens gewuess a kënnt a ville Beräicher ëmmer nees u seng Limitten. Deemno ass et eng Zeen, déi wuel aktiv, awer parallel fragil ass. Ganz ofgesi vum zousätzlechen Drock wéinst der Pandemie.

"Mir musse kucken, datt dat, wat mer maachen - speziell an der Konscht vum Theater - iwwer deen Owend erausgeet. Dat war fir mech déi wichtegst Erkenntnis, déi ech vun den Assise matgeholl hunn, datt de Begrëff vun der Nohaltegkeet vun der Kreatioun, der Kreativitéit bis hin zum Archivage muss gehéieren. Am TNL versiche mir dat iwwer Joren ze maachen. Mir versichen eis Stécker esou vill wéi méiglech ze spillen, datt de Public sech och iwwer eng gréisser Zäit mat engem Stéck kann ausenee setzen. Dat bedeit awer een neit Denken, wat mer villäicht schonn hunn, awer dat entsprécht nach net ganz der Realitéit. An ech hoffen op déi nächst Joren, datt eis dat geléngt.

Deel 5 lauschterenplay_arrow