Radioen

On air

Trendscheif  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Am Asaz géint Gewalt géint Fraen

Sot Emol

Am Asaz géint Gewalt géint Fraen

Um internationalen Dag géint Gewalt géint Fraen a Meedercher hu mir mam Anik Raskin vum Conseil National des Femmes de Luxembourg iwwer d'Situatioun zu Lëtzebuerg an nei Dynamiken am Feminismus geschwat.

auto_stories

2 min

Gewalt géint Fraen ass dacks net visibel an awer kënnt se an all Altersgruppen a Schichten an der Gesellschaft vir.

Zejoert goufen et zu Lëtzebuerg wéinst Gewalt géint Fraen eng 950 Police-Interventiounen. Eng 280 Expulsioune wéinst häuslecher Gewalt goufen decidéiert. Wärend dem Lockdown ass d'Gewalt am Stot ëm 15 Prozent an d'Luucht gaangen.

"Dee System deen do ass muss opgebrach ginn"

D'Anik Raskin engagéiert sech fir Fraen, déi Affer vu Gewalt an Ongerechtegkeete gi sinn. Si ass zanter 2001 Directrice vum Conseil National des Femmes de Luxembourg (CNFL). D'Anik Raskin ass entsat driwwer, datt verschidde Leit d'Schold nach ëmmer bei de Frae sichen.

Laut enger Eurostat-Etüd vun 2016 géifen zu Lëtzebuerg nach iwwer 30 Prozent vun de Befroten dës Astellung vertrieden:

"Ech huelen ech dat anert fuerchtbaart Wuert an de Mond, wat vill Leit net gären héieren: dat ass well mir an engem patriarchalesche System sinn, méi komplizéiert ass et net. Déi denk Aart a Weis ass net exklusiv bei Manner mee och bei ville Fraen dat ass e System deen do ass, an integréiert ass, an dee muss opgebrach ginn".

Et géif een als Fra ëmmer erëm mat sexuell Umaachen am Alldag liewen:

"Wann een ugepaakt gëtt an et wëll een dat net, wann am Bus ee sech laanscht ee reift. Do fillt ee sech wierklech blesséiert, an dat geet jo net ganz wäit par Rapport zu anere Saachen, déi aner Leit erlieft hunn."

Eng nei Dynamik am Feminismus

D'Anik Raskin begréisst dogéint d'Entwécklung vum Feminismus: vill jonk Frae géifen sech lo zum Beispill mam Eco-Feminismus identifzéieren:

"All Wuertmeldung hëlleft a wat natierlech extrem flott ass dat huet een an de leschte Jore gemierkt, dat et erëm ee richtegt Bewosstsinn bei deene jonke Frae gëtt, a wat nach méi flott ass, och bei ganz ville jonke Männer. Mir hu mëttlerweil eng ganz Rei Männer, déi sech och Feminist bekennen. A militéieren, an dat ass menger Meenung no, (...) vill doduercher bedéngt, MeTooen déi lassgeléist gi sinn, a wou op eng Léier ech och als jonk Fra matkritt hunn: do ass ee System, deen net konvenéiert."

Bis den 10.Dezember ass och hei am Land Orange Week, déi op de Problem vu Gewalt géint Fraen opmierksam wëll maachen. Ënnert der Iwwerschrëft "Orangez votre monde" wäerten e sëllege Gebaier gesinn déi orange beliicht sinn. Organisateur vun der Orange Week ass de Zonta International a Kollaboratioun mat nationale Fraerot.