Radioen

On air

De Moien  |  Napoleon Gold - Love Don't Cut Me Down Feat. Haiva Ru

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Al germanesch Flouernimm

KURIOSITÉITEN AUS DER LËTZEBUERGER SPROOCH

Al germanesch Flouernimm

De Sproochhistoriker Sam Mersch vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch erkläert wat d'Lëtzebuergescht mam Albaneschen, Armeeneschen an ale Sanskrit ze dinn huet.

auto_stories

4 min

Simon Larosche: Wat wëlls de eis dann haut erzielen? Wollts de net och nach eppes iwwer méi al germanesch Flouernimm soen?

Fir d'éischt muss ech eng grouss Klammer opmaachen. Kanns du mer vläicht soen, wat d'Lëtzebuergescht mam Albaneschen, Armeeneschen an ale Sanskrit ze dinn huet?

Wat frees du Saachen! Déi ginn all hautdesdaags nach geschwat. A nee, du sos ale Sanskrit, da muss et dat jo bal net méi ginn.

Ale Sanskrit gëtt ëmmer nach als eng Zort lingua franca, also eng Ëmgangssprooch, a gewësse Kreesser benotzt, e bësse wéi d'Latäin am Vatikan, mee nee, dat mengen ech net. Wat se primär gemeinsam hunn, ass, datt se zur selwechter grousser Sproochfamill gehéieren.

Du sos dach ewell e puer Mol, datt d'Lëtzebuergescht eng germanesch Sprooch ass!

Dat ass och esou. Mee déi germanesch Sprooche si mat anere Sprooche Famill. Et schwätzt een hei vun der indogermanescher oder heiansdo och vun der indoeuropäescher Sproochfamill. Dat ëmfaasst dann all déi Sprooche vun Indie bis Europa, déi op eng gemeinsam Ursprooch zeréckzeféiere sinn.

Dat heescht zu Lëtzebuerg oder an Indien, do gëtt iwwerall eng Sprooch geschwat, déi iergendwéi matenee Famill ass? An dann?

Net iwwerall, nee. An Indie ginn et vill aner Sproochen, déi guer näischt mam Indogermaneschen ze dinn hunn. An Europa sinn zum Beispill d'Baskescht an d'Malteesescht zwou Sproochen, déi net mam Lëtzebuergesche Famill sinn. Fir déi grouss Klammer zouzemaachen, sief da gesot, datt d'Lëtzebuergescht sech an der Peripherie vum Germaneschen entwéckelt huet, op engem Territoire, wou warscheinlech och Laténgesch, respektiv Romanesch a Gallesch geschwat ginn ass.

Alles mateneen dann?

Nee, dat kann een net wierklech soen. Mee am Ganze léisst sech doriwwer net vill soen, well et just wéineg konkreet Beweiser ginn. Dat meescht muss een aus der Etymologie oder och nach aus de Flouernimm zéien.

Lo komme meng germanesch Beispiller aus de Flouernimm, gell?

Bal... De germanesche Raum ass an dräi ze deelen, an d'Lëtzebuergescht fält dobäi an dat Westgermanescht, wou och Däitsch, Hollännesch an Englesch ze fanne sinn. Et ass Deel vum sougenannte Mëtteldäitschen, mee eebe vum westleche Mëtteldäitschen, an et ass do am nooste mat mëttelfränkesche Varietéite Famill.

D'Lëtzebuergescht ass jo e muselfränkeschen Dialekt, oder wat mengs de?

Net ganz. D'Muselfränkescht ass déi Varietéit, déi sech virun allem op der däitscher Säit entwéckelt huet, d'Lëtzebuergescht bei eis. Et gëtt zum Deel nëmme kleng Ënnerscheeder, mee et gëtt se, an dat ass fir e Linguist alt wichteg. Mee ech hat vum Mëttelfränkesche geschwat, vun deem d'Muselfränkescht och nëmmen en Deel ass.

OK. Du bass ëmmer nach net bei menge Flouernimm.

Ma, ech komme lo dozou. Bannent dem mëttelfränkesche Raum ass d'Lëtzebuergescht ganz an der Peripherie zu anere Varietéiten, déi ëmmer méi a Richtung vum Hollännesche ginn. Och bei eis gesäit ee gewëss Phenomeener, déi méi no mam Hollänneschen oder Plattdäitschen ze veruerte sinn. Ech hat bei deene geléinte Wierder iwwert d'Wuert Luucht geschwat. Do huet een e reegelméissege Wandel vun -ft- op -cht-, deen een och am Hollännesche fënnt. Bei eis am Wuertschatz gëtt et där Wierder net vill, mee an de Flouernimm fënnt een der méi oft.

Aaaa!

Jo, genau. Zum Beispill gëtt et d'Gruecht, an eeleren Dokumenter nach als Gracht.

Ass do och dee Wandel vun -ft- op -cht- dran?

Genee. Wien da schonn emol zu Amsterdam war, deem ass vläicht opgefall, datt et do d'Stroossen oft Gracht heeschen. Dat Wuert bezeechent e Gruef, bei eis iergendee Gruef, am Hollännesche speziell e Waassergruef.

Dat wier lo ee Beispill, mee et ginn der nach vill méi, déi och éischter strukturell sinn. Et ass zum Beispill esou, datt et fir d'Entwécklung vum Lëtzebuergeschen oft méi Sënn mécht, eenzel Wierder aus dem Hollänneschen an dem Plattdäitschen ze vergläichen.

Wëlls du also soen, datt d'Lëtzebuergescht wéi déi zwou Sproochen ass?

Nee. D'Lëtzebuergescht ass d'Lëtzebuergescht. Mee well et awer keng historesch Dokumenter ginn, fir eng intern Entwécklung ze ënnersichen, da muss een alt déi aner Sprooche vergläichen. An do fält eeben op, datt d'Lëtzebuergescht am Kär strukturell Gemeinsamkeete mam Hollänneschen a Plattdäitschen huet, mee datt vun der Entwécklung dono gewëss lautlech Facteure wichteg waren, déi besser mam Houdäitschen ze vergläiche sinn.

Ech gesinn. Ma, dat ass jo spannend. A wat ziels de eis haut nach?

Net méi ganz vill, d'Zäit ass elo scho bal eriwwer an et ass och meng lescht Emissioun virum Summer. Mee ech géing awer nach ukënnege wëllen, datt am Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch ugefaange gëtt, un engem etymologeschen Dictionnaire ze schaffen. Mir wëllen do awer net bei A ufänken a bei Z ophalen, mee mir géinge gäre mat deene Wierder ufänken, déi d'Leit am meeschten interesséiert. Wann s du, Simon, oder ee vun den Nolauschterer do e spannend Wuert am Kapp huet, da mailt eis dat roueg op lod@lod.lu eran!