Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ainhoa Achutegui: "Ech si Venezolano-Wienerin"

Sot Emol

Ainhoa Achutegui: "Ech si Venezolano-Wienerin"

D'Ainhoa Achtegui ass Direktesch vum Centre Culturel de Rencontre Abbaye Neumünster, a Presidentin vum Planning Familial, huet baskesch a venezolanesch Wuerzelen, hir Karriär zu Wien gestart, a si ass - vun der Simone de Beauvoir gedriwwen - eng engagéiert Feministin.

auto_stories

2 min

Ugefaangen huet alles fir si am Venezuela, wou de Statut vun der Fra ëmmer nach um Ausgesinn hänkt, bedéngt duerch déi sëllegen sougenannten "Beauty Queen" Concouren, déi der Ainhoa Achutegui een Dar am Aa sinn.

Si spiert sech Venezolanerin an awer och Eisterräicherinn, a seet vu sech selwer si wier Venezolano-Wienerin:"Wann ech dann awer mat mengen Éisterräichesche Frëndinne sinn, da mierken ech dat mir ganz vill feelt vun deem wat si hunn, an ech hunn aner Saachen."

Dat géing scho bei den Iessgewunnechten ufänken - si wier och an der Schoul mol als "Bohnenfresserin" gemobbt ginn. Zu Wien wieren awer och ganz vill Venezolaner op der Héichschoul fir Musek ugeholl ginn, sou datt hir Elteren hunn ganz vill Hauspartyen zu Wien gemaach hunn, mat traditioneller, klassescher Latäinamerikanescher Musek. De Folklore a Venezuela wier "extrem héichwäerteg" seet d'Ainhoa Achtegui, "wat een natierlech net ka soe vun der Gastronomie, déi ass net interessant am Verglach mat Peru oder Mexiko."

Impuls vun der Simone de Beauvoir

D'Ainhoa Achutegui schwäetzt sechs Sprochen, huet zwee Baccalauréaten, an zwee Masters, dovunner een an der Philosophie. Ganz fréi ass si mat der Simone de Beauvoir a Kontakt komm, a mat hirem faméise Saz: "On ne naît pas femme: on le devient":

"Dee Saz huet ganz ville Fraen een Impuls ginn a mir och. Mir huet tatsächlech déi Philosophie extrem gehollef a menger Entwécklung als Feministin an och als eng Persoun déi d 'Gläichstellung vun de Geschlechter sicht, an och wierklech fir d'Egalitéit kämpft."

Op der Uni, wou Simone de Beauvoir a Judith Butler gelies goufen, wier hir du bewosst ginn, datt dat déi Richtung wier, an déi si wéilt goen.