Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Fell Runner - Come Home

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 25 Joer Major League Soccer

Sport

25 Joer Major League Soccer

De leschte Weekend hu Millioune Fussballfans weltwäit de Classico suivéiert, tëschent zwou vun de beléifsten Ekippen op der Äerd, Real Madrid an FC Barcelona. Vill manner Fussballfans hu sech fir den Optakt vun där neier MLS-Saison interesséiert, der amerikanescher Profi-Liga. Dobäi war et d'Zil vun der Major League Soccer, fir enges Daags och Leit baussent den USA begeeschteren ze kënnen. Mee wéi d'MLS och elo fir den Optakt vun der 25. Saison mierkt, ass een nach wäit vun deem Zil ewech, och wann am leschte Véierelsjoerhonnert grouss Fortschrëtter gemaach goufen.

auto_stories

5 min

Méi schlecht hätt déi nei Profi-Liga net kënnen ufänken. U sech war nämlech geplangt, datt 1995 déi éischt Matcher sollte gespillt ginn, mee no organisatoresche Schwieregkeete gouf den Optakt vun deem neien Championnat ëm ee Joer verluecht. Dat Ganzt war nämlech e Verspriechen, dat déi amerikanesch Fussball-Federatioun huet missten aléisen. 1988 krut déi nämlech vun der FIFA d'Ausriichte vun der 1994 Weltmeeschterschaft am Land versprach, wa si a Konterpartie eng nei Profi-Liga op d'Bee géif setzen, mat där de Fussball, oder Soccer, endlech och an den USA Begeeschterung kéint ausléisen. Mat just zéng Ekippe goung een un den Depart an de 6. Abrëll 1996 war et dunn esouwäit.

Deen éischte Match vun där éischter MLS-Saison: San José Clash géint Washington DC United. Mee no e puer Wochen huet d'Begeeschterung bei den Amerikaner nees séier ofgeholl. Wéi duerch Zoufall war ech selwer deemools, 1996, an den USA, wéi déi éischt Saison vun der Major League Soccer amgaang war. Wat ech op der Tëlee gesinn hu ware Matcher ouni Rhythmus an hallef-eidele Stadionen. Laang hunn ech d'Tëlee net ugelooss.

Um Ufank hunn net vill Fans sech fir d'MLS intresséiert

Et huet net gehollef, datt d'Matcher quasi alleguer a risegen American Football-Stadionen ausgedroen goufen, an deenen normalerweis iwwer 60.000 Fans nokucken. 17.000 Leit waren zu där Zäit zwar scho respektabel. An engem Stadion, dee fir 60.000 Leit ausgeluecht ass, gesäit dat awer net gutt aus, och net op der Tëlee.

Och déi richteg Fussball-Fans, déi et an den USA scho goufen, goufe mat bizare Reegele vergrault, déi a soss kengem Land applizéiert goufen. Esou gouf an deenen éischten Saisone vun der MLS fir all Match, dee mat engem Gläichspill op en Enn goung, mat engem Shoot-Out trotzdeem e Gewënner gesicht. Do hu Spiller vun den zwou Ekippen noenee misse vum Mëttelpunkt op de Goal duerlafe fir de Ball da laanscht de Goalkeeper ze schéissen, oder och net.

Do donieft hu sech traditionell Fussball-Fans och um Fait gestéiert, datt d'Matcher no exakt 90 Minutten eriwwer waren, och wann eng Ekipp express Zäit verluer huet oder eng Attack grad amgaang war. Vill Fans hunn dunn awer léiwer Matcher vun der mexikanescher Liga oder Matcher aus Europa op der Tëlee gekuckt, amplaz an déi hallef eidel Stadionen ze goen.

Reegele goufen den internationale Standarden ugepasst

An de fënnef éischte Jore vun hirer Existenz hat d'MLS scho Scholden an Héicht vun 250 Milliounen Euro gemaach. Déi Responsabel waren um Punkt fir d'Handduch ze geheien, genee wéi schonn déi viregt professionell Liga an den USA, déi an de 70er an 80er Joren trotz Spiller wéi Pelé, Franz Beckenbauer a George Best keen nationalen Succès ginn ass. Nëmme mat frësche Sue vu Milliardäre wéi dem Philipp Anschutz an dem Robert Kraft konnt d'Major League Soccer nach gerett ginn.

Fir datt d'Liga trotz där Finanzsprëtz net awer sollt e puer Joer drop Faillite goen, goufen déi amerikanesch Reegelen ofgeschaaft. Vun deem Moment un hunn déi selwecht Reegelen, wéi am Rescht vun der Welt gegollt. An et goufen ëmmer méi kompakt Stadione gebaut, déi nëmme fir Soccer reservéiert waren. Mee virun allem d'Aféiere vun der Reegel vum Designated Player, déi d'MLS an deene Jore gerett huet. Eng Reegel, déi et all Ekipp erlaabt huet bis zu dräi Spiller ënner Kontrakt ze huelen, déi villméi géife verdénge wéi hir Teamkomeroden. An op eemol war d'MLS nees interessant fir Spiller aus dem Rescht vun der Welt. Virun allem fir een.

Mam Transfert 2007 vum Englänner David Beckham vu Real Madrid bei Los Angeles Galaxy ass der amerikanescher Profi-Liga e reellen Coup gelongen, vun deem se nach haut profitéiert. Op eemol war d'MLS net méi eng Destinatioun, op där een an engem coole Land seng Karriär konnt auskléngen loossen, wéi de Lothar Matthäus oder den Carlos Valderrama dat deemools gemaach hunn, mee wou een och vill Sue konnt verdéngen. Den David Beckham ass esouguer zeréck an d'USA komm fir zu Miami eng fuschnei MLS-Ekipp ze grënnen, Inter Miami, déi dee leschte Weekend hiren éischten Match hat.

Nach net um selwechte Qualitéitsniveau, wéi aner Ligaen

An Tëschenzäit besteet d'MLS net méi aus zéng, mee aus ganzer 26 Clibb, dorënner zwee zu New York, wou och de Lëtzebuerger Maxime Chanot spillt an dräi a Kanada. D'nächst Saison wäerten der nach zwee dobäikommen, zu Austin an zu Charlotte, dat Joer duerno nach zwou weiderer, zu Sacramento an zu St. Louis. Elo, an der Jubiläums-Saison, kann ee wierklech soen, datt de Fussball an den USA sech etabléiert huet an eng zolidd Basis huet.

Dat mierkt een eleng un den Zuschauerzuelen. An Tëschenzäit läit d'Moyenne bei 21.000 Spectateuren, dat ass méi wéi fir Basketball- oder Äishockey-Matcher. D'lescht Saison goufe fir e reguläre Championnats-Match tëschent Atlanta FC a Los Angeles Galaxy iwwer 72.000 Spectateuren am Stadion gezielt, dovunner kënne verschidden europäesch Veräiner nëmmen dreemen.

Mee wat ass dann de Problem? Firwat ass dann nach ëmmer net jiddwereen zefridde mat der MLS? Vläicht well ee mierkt, datt een trotz allen Efforten, Suen an Weltstaren, d'Ekippen aus der Major League Soccer, deenen aus der mexikanescher Profi-Liga nach ëmmer net d'Waasser reechen kënnen, dacks emol net deenen aus Costa Rica. Sou huet an deene leschten 20 Joer keng MLS-Ekipp méi d'Champions League fir Nord- an Zentralamerika gewonnen.

Oder well een nach ëmmer dem Baseball a virun allem dem American Football hannendru leeft. Mee den American Dream vum Soccer geet virun, elo méi wéi jee.