D'Liewe leeft dacks net esou, wéi een et plangt. Ufangs sollt d'Teresie Hommersand nëmme sechs Méint zu Kapstadt a Südafrika wunnen, fir en Auslandssemester vu senger Uni. Mee et si sechs Joer draus ginn, an deenen si hire Master a Politikwëssenschafte gemaach huet an do am Beräich vum Ëmweltschutz geschafft huet. De Klimawandel anzedämme war ëmmer e wichtegen Deel vun hirer Aarbecht.
Mee wéi kënnt een op d'Iddi, 20.000 Kilometer eleng mam Vëlo heem a Norwegen ze fueren?