Radioen

On air

De Moien  |  Curtis Mayfield - Move On Up

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 100 Joer Lëtzebuerger Konscht

Lëtzebuerger Sachbicher

100 Joer Lëtzebuerger Konscht

An Zesummenaarbecht mat der Gemeng Stroossen hat de Lëtzebuerger Artisten Center leschte Fréijoer am Centre culturel Paul Barblé déi grouss Ausstellung "100 Joer Lëtzebuerger Konscht" kuratéiert. Elo gouf den Ausstellungskatalog mam selwechten Titel publizéiert - ee Buch dat duerchaus liesenswäert ass, fënnt de Mohamed Hamdi.

auto_stories

5 min

De Lëtzebuerger Artisten Center - kuerz LAC - ass 1984 an Oppositioun zum Cercle Artistique gegrënnt ginn, deen zanter senger Kreatioun am Joer 1893 quasi als Monopolist bestëmmt, wéi eng Konscht derwäert war ausgestallt ze ginn, a wéi eng net.

Abstrakt an experimentell Konscht waren dofir laang Zäit Tabu zu Lëtzebuerg. An engem längere Bäitrag léisst den Jamie Armstrong vum Musée National d'Histoire et d'Art der Geschicht vun der expressionistescher Konscht am Grand-Duché Revue passéieren. Seng Thees ass, datt auslännesch avantgardistesch Stréimungen zwar ni ganz populär hei am Land waren, mee trotzdeem solle se d'Lëtzebuerger Kënschtler inspiréiert an déi national Konschtgeschicht beaflosst hunn.

1926 hunn eng Rei Konschtschafender ewéi de Joseph Kutter an de Nico Klopp fir d'éischte Kéier den Traditionalismus an der nationaler Konschtzeen erausgefuerdert, andeems si eng eege Kënschtlergrupp gegrënnt hunn, déi si demonstrativ "d'Sezessioun" genannt hunn. Wéi ze erwaarde sinn hir Wierker deemools op wéineg Versteesdemech gestouss. Haut gëllen dës Moler par conter zu de grousse Nimm vun der Lëtzebuergescher Konschtgeschicht an hir Wierker sinn am Buch och prominent vertrueden.

"Au Grand-Duché Joseph Kutter rencontre surtout de l'incompréhension de la part du public et de la critique. Nico Klopp, comme Kutter, sont [sic] des artistes incompris de leur époque.".

D'Lëtzebuerger Konscht nom Krich

Nom Krich erlieft Lëtzebuerg um artistesche Niveau eng timid Ouverture: No a no si Konschtgattungen ewéi de Kubismus, d'Collage, de Symbolismus, ... opgedaucht,mee se bleiwen awer ëmmer nach marginal. Réischt vun de 60er a 70er Joren un huet mat der Consdorfer Scheier an der Arbeitsgruppe Kunst nees ee neie Wand an der Konschtzeen geblosen, an 1984 ass schliisslech den LAC gegrënnt ginn.

Nieft dem Jamie Armstrong sengem Essay ass nach een zweete längere Bäitrag vum Enrico Lungi iwwer de schwierege Wee vun der Lëtzebuerger Konscht aus dem Provinzialismus am Buch ze liesen. Hie beschreift d'Geschicht vun den Ausstellungsraim a post-modern Konschtmuséeën. Hie geet am Kär dovunner aus, datt Lëtzebuerg an den 80er Joren eng Oppenheet erlieft, déi eng Rei grouss Kënschtler ervirbruecht huet, mee "durant cette phase de mutation rapide du pays, une aventure artistique extraordinaire s'est produite [qui] a pris fin avec la dilution dans un conformisme global sans vigueur."

D'Kritik géint d'Kulturpolitik vun der aktueller Regierung ass just hallefweegs tëscht den Zeile verstoppt a wann een sech erënnert, wéi den deemolegen Direkter vum MUDAM op - soe mer - oneleganter Weis, vu sengem Poste ejectéiert gouf, kann een d'Batterkeet déi am Text matschwéngt duerchaus novollzéien.

"L'art et la culture n'élèvent plus, mais distinguent seulement: on les possède comme on possède ses actions, sa villa, son yacht ou son jet privé. Au Luxembourg plus qu'ailleurs - en raison de la taille du pays, de son histoire culturelle et de son succès économique - l'art n'est plus qu'une affaire de gestion et d'argent, tandis que les discours officiels ne font que l'instrumentaliser au nom d'un nation branding hideux et pauvre d'esprit."

66 Kënschtler an 130 Konschtwierker

Nieft dësen zwee Essaye besteet de Katalog aus kuerzen Texter, an deenen insgesamt 66 Kënschtler an hir Wierker virgestallt ginn - dorënner vill Moler, eng ganz Rei Sculpteuren, e puer Fotografen an ee Graffiti-Sprayer. D'Nimm ginn net a chronologescher mä an alphabetescher Reiefolleg virgestallt - et spréngt een also vun enger Period an déi aner, a vun enger Konschtgattung op déi nächst. Konschtgattunge reeche vun postimpressionisteschen Toile bis hin zu zäitgenëssescher Konzept- an Installatiounskonscht.

Net just geléiert Kënschtler mä och Aarbechter ewéi den Emile Kirscht oder den Jeannot Bewing, déi sech an d'Konschrt gewot hunn, an eng gewëssen Unerkennung gewonnen hunn.

All Kënschtler gëtt a kuerze biographeschen Text virgestallt an deem och d'Gesamtwierk beschriwwe gëtt. Verschidde vun dësen Texter mudden awer e bësse mystesch - fir net ze soe bizar un - zumindest fir Leit, déi net ageweit sinn. An der Beschreiwung vun der Molerin Tina Gillen hire Wierker heescht et z.B.:

"Son souci de pureté n'est ni réducteur ni nihiliste mais contemporain et optimiste. C'est un art rationnel, le geste fondamental est de tracer, d'animer un plan et de la transformer en objet défini d'avance."

De grousse Meritt vum Buch si manner d'biographesch Notizzen a villméi d'Konschtwierker selwer, déi a Groussformat reproduzéiert sinn. D'Biller, déi zu Stroossen ausgestallt goufen an déi elo am Buch ofgebillt sinn, stamen all aus Privatkollektiounen a sinn dofir wéineg bekannt. Schonn eleng dowéinst lount et sech ee Bléck an d'Buch ze werfen.

"L'intérêt de présenter les oeuvres tirées de collections privées réside bien sûr dans la présentation d'oeuvres inconnues du grand public ou rarement exposées et de tirer de l'oubli des artistes encore trop méconnus afin de leur offrir, grâce à cette exposition et ce livre d'art, une nouvelle visibilité."

Alles an allem zielt d'Buch 130 Konschtwierker. Vun all Kënschtler ass op d'mannst ee Wierk am Buch ofgebillt, verschiddener hunn d'Éier mat zwee, dräi oder souguer véier Biller vertrueden ze sinn.

Trotz Kriticken ee Glanzstéck

Natierlech handelt et sech bei den Artiste just ëm eng Auswiel. Et ass awer net kloer no wéi enge Krittären d'Kënschtler gewielt goufen. Et dierf ee sech z.B. wonneren, wisou wichteg Nimm, wéi de Bert Theis, net virkommen. Och hunn d'Curateure verschidde Konschtgattungen ausgelooss, an deenen et awer duerchaus remarkabel Wierker an Artisten opzeziele gëtt.

Graphiker ewéi de Claude Fontaine oder de Raymon Mehlen hätte sécherlech och eng Plaz an engem Buch iwwer 100 Joer Lëtzebuerger Konscht fonnt. Och den Titel bleift schleierhaft well net erkläert gëtt, wisou d'Lëtzebuerger Konscht réischt 1921 entstane soll sinn.

Trotz dëse klenge Kriticke bleift d'Buch awer ee Glanzstéck. De Katalog beweist, datt d'Lëtzebuerger Konschtzeen alles aneres ewéi mëttelméisseg ass a sech duerchaus mam Ausland moosse léisst.

Wéi sou vill Sujeten ass och d'Lëtzebuerger Konschtgeschicht bis ewell vun der Wëssenschaft a vum breede Public gréisstendeels ignoréiert ginn. D'Buch weess dës Lacune zwar net vollstänneg ze fëllen, mee liwwert een wichtege Bäitrag, dee vläicht souwuel bei de Fuerscher ewéi beim Public neien Interessi ausléist.