Radioen

On air

Resonanzen  |  Ermanno Wolf-Ferrari - Intermezzo, aus der Oper "I quatro rusteghi" - Oviedo Filarmonía, Friedrich Haider (Dir.)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zwee Puer Schong?

Chouergesang

Zwee Puer Schong?

Am Kader vun der Emissioun Musek am Gespréich huet sech de Marc Dostert ënner anerem iwwer Inkonsequenzen am Domän vum Chouergesang geiergert. Als Dirigent souwuel vun der Maîtrise vun der Kathedral wéi och vun der Chorale Mixte vum Stater Conservatoire ass hie mat zwou ënnerschiddleche Situatioune konfrontéiert. Wärend d'Maîtrise weiderhi prouwen dierf, ass den Ensembelgesang am Conservatoire ofgesot.

Wat stécht hanner dëser Situatioun? Wisou ginn et fir eng an déi selwecht Aktivitéit zwou verschidde Reegelen? Mir hunn nogefrot.

auto_stories

2 min

Wärend d'Maîtrise den Ament prouwe kann, sinn d'Chéier an de Museksschoulen suspendéiert (Foto: Archiv)

Wa sech Chéier un déi sanitär Mesuren halen, déi en Place sinn, kënne se sangen. D'Chéier vun de Museksschoulen a Conservatoiren sinn den Ament allerdéngs op Recommandatioun vun Educatiounsministère inaktiv. Gläichzäiteg kann an de Museksschoulen awer am Kader vun der Formation musicale am Grupp gesonge ginn. Wisou ass dat esou?

Et hätt eppes mat der Zilsetzung vum Educatiounsministère ze dinn, seet de Gilles Lacour, Commissaire à l'enseignement musical. An enger Grondschoul oder engem Lycée wier d'Zesummesetzung vun de Klassen quasi ëmmer déi selwescht. An de Museksschoulen a Conservatoire kommen do dergéint vill Schüler aus verschiddene Gemengen a Schoulen zesummen. De Brassage wier hei méi grouss, seet de Gilles Lacour. Fir z'evitéieren, datt do zousätzlech verschidde Leit mateneen a Kontakt kommen, géif ee sech op d''Haapt-Branchen' konzentréieren.

Haaptfächer esou laang wéi méiglech garantéieren

Et géif een dofir recommandéieren d'Fächer, déi net zu dësen 'Haapt-Branchen' gehéieren, ze suspendéieren, fir: "[...] datt mir déi aner Coursen quasi esou laang wéi méiglech kënnen einfach oploossen, an och garantéieren, datt d'Schüler un deene Course kënnen deel huelen."

Deementspriechend gëtt am Educatiounsministère net op d'Chouersangen isoléiert gekuckt, mä méi generell op d'Aktivitéit als, fir d'Weiderkommen am musikalesche Schoulparcours, net essentielle Gruppecours. Déi selwescht Recommandatioun betrëfft dofir och aner Ensembelen, wéi zum Beispill d'Orchesteren. Déi Fächer, déi der Base réglementaire vum Enseignement musical no Plichtfächer sinn, géif ee primär funktionéiere loossen. An dozou gehéiert och d'Formation musicale.

Zwee Cas de figure

Op d'Chéier ausserhalb dem Enseignement bezunn, misst een d'Situatioun differenzéiert kënne betrueschten, seet de Gilles Lacours. Et géif sech ëm zwee komplett verschidde Cas de figure handelen. Och wann d'Aktioun déi selwescht wier, wier den Ursprong een aneren.