Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Steve Miller Band - Abracadabra

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zuel vun de Schüler bleift stabel

Conservatoiren a Museksschoulen

Zuel vun de Schüler bleift stabel

An der Rentrée 2020/21 lafen d'Coursen an de Conservatoiren an an de Muekschoulen nees zimlech normal un. Wéinst der Pandemie gouf gefaart, datt d'Schülerunzuel sech géif reduzéieren, wat awer net de Fall ass.

auto_stories

3 min

Wéinst der Pandemie hu Museksschoulen a Conservatoirë sech misste vu Mëtt Mäerz un upassen a kreativ si fir d'Coursë weider ze garantéieren. Coursen iwwer Skype an iwwer aner informatesch Utensilie ware relativ gutt iwwer d'Bün gaangen. Elo mussen d'Coursen erëm physesch ofgehale ginn.

Aschreiwung fir Musekscoursë landeswäit stabil

Zu Ettelbréck am Conservatoire hu sech eppes iwwer 1.400 Schüler ageschriwwen, eng 25 Schüler manner wéi soss. Fir den Direkter vum Conservatoire du Nord Adrien Theato ass et eng exzellent Rentrée: a verschiddene Beräicher wier et besser gelaf wéi soss.

Bei den Erwuessenen hätt een eng gewëss Zeréckhalung gespuert, well si sech anescht organiséiere missten. Och bei kierperbetounten Disziplinne wéi dem Danze géife sech d'Schüler d'Fro stellen, wéi dat funktionéiere wäert a si géifen deemno vläicht nach zwou Woche mat der Aschreiwung waarden.

Am Eveil musical wier et zu Ettelbréck eng "exzellent Rentrée" ginn an deenen ënneschte Joergäng. Hei wieren eng Rei Klasse scho méi laang voll, obschonns keng Porte ouverte organiséiert gouf.

Zu Esch am Conservatoire ass d'Zuel mat 1.000 Schüler stabil bliwwen. An och am Stater Conservatoire mat ëm déi 3.800 Schüler ass d'Demande fir Musekscoursen immens héich.

Et gouf d'Angscht, datt sech fir dës Rentrée manner Schüler a Studenten aschreiwen. Eng Angscht, déi séier verflunn ass. D'Pandemie hält d'Schüler a Studenten net vum Museksunterrecht of.

Logistesch Erausfuerderung

Déi individuell Coursen, wéi beispillsweis Instrumentestonnen, gi wéi gewinnt am Klassesall ofgehalen. Fir d'Sécherheet ze garantéiere besteet tëschent dem Enseignant an dem Schüler dacks eng Trennwand aus Plexiglas, et gëtt eng Maskeflicht an eng Distanz ass virgeschriwwen.

Am Escher Conservatoire ass beispillsweis aus Sécherheetsgrënn entscheet ginn, d'Solfège-Klassen op eng gewëssen Unzuel vu Schüler ze reduzéieren. Doduerch sinn e Grappvoll manner Schüler an dësem Fach ageschriwwen. D'Schoul huet net genuch Säll fir déi kollektiv Coursë wéi de Solfège mat der gewinnter Unzuel oprecht ze erhalen.

D'Maacher Museksschoul wéi och de Stater Conservatoire kënne vu Auswäichméiglechkeete profitéieren an domat Kollektivcoursen d'selwecht wéi déi Jore virdrun ofhalen.


De Manuel Ribeiro huet mam Direkter vum Stater Conservatoire Marc Meyers, wéi och mam Romain Asselborn, Direkter vun der Maacher Museksschoul a President vun der AEM (Associatioun des écoles de musiques), geschwat.


Den Interview mam Romain Asselborn lauschterenplay_arrow