Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wëllkomm am Intendram

Album vun der Woch

Wëllkomm am Intendram

D'Formatioun International Music presentéiert op hirem zweeten Album "Ententraum" Ruhrpottromantik an éischter ongewéinlech Dramfantasien. Véier Joer no hirem Debut beweise si, datt den Hype méi wéi gerechtfäerdegt ass.

auto_stories

3 min

Déi däitsch Formatioun International Music. Foto: Harriet Meyer

Wéilt een den neien Album vun der Essener Band International Music a beschter kichenpsychologescher Manéier analyséieren, misst ee wuel beim Stéck "Der Traum der Ente" ufänken, dat och den Albumtitel "Ententraum" inspiréiert huet. Am Lidd, eng Mëschung aus Noiserockelementer an dadapoetesche Lyrics, geet et ëm eng Int, déi - villäicht jo stellvertriedend fir d'Band - op eng surreal a spirituell Rees geet. An der Dramdeitung symboliséiert d'Int Wuelstand an Erfolleg, kann awer och fir d'Schwieregkeeten an d'Obstakelen um Wee dohinner stoen.

Perfekt also fir den zweeten Album vun enger Band, déi sech mat hirem Debut "Die besten Jahre" 2018 op déi iewescht Hypestuf vum däitsche Popgeschäft gespillt huet an elo do uknäppe wëll. Mee souvill Interpretatioun loossen International Music guer net zou. Villméi wieren si sech och um néien Album mat alle Waffe vun der Ondäitlechkeet géint Deitungsversich, déi hei ofpärele wéi d'Waasserdrëpse vum Fiederkleed.

Fräi Hand...

Deen net onbedéngt Search Engine Optimiséierte Bandnumm ass beim Essener Trio Programm. "Ententraum" strotzt nëmmen esou vu musikalesche Referenzen a léisst Genregrenze kollabéieren: hei treffe Krautrockkläng op Progrockgittaren, Tropicalia op Post-Punk, Neue Deutsche Welle op Neue Deutsche Härte. Gedroe ginn déi 17 Lidder vum Harmoniegesang, dee schonn den éischten Album dominéiert huet.

An engem Statement zum neien Disk heescht et, International Music wieren eng - Zitat - "héichmusikalesch Punkband". Dat passt iergendwéi ganz gutt zur Bandgrënnung am Joer 2015, bei där de Batteur Joel Roter, eigentlech ee bildende Kënschtler, eréischt ugefaangen huet säin Instrument ze léieren. Seng zwee Matmuséker de Peter Rubel an de Pedro Goncalves Crescenti sinn iwwerdeems och mat hirem Nieweprojet The Düsseldorf Düsterboys erfollegräich ënnerwee.

...de Museker an den Interpretatiounen

Datt et bei International Music ganz demokratesch zougeet ënnersträicht de Song "Kopf der Band - Pedros Version" um neien Album, nodeems um leschten Disk schonn déi zwee aner Bandmemberen hier eege Versioun vun dësem Song zum Beschte ginn hunn. "Komm her du allerfeinster Untschied und mach es dir bequem, vielleicht findest du ja hier ein funktionierendes System" heescht et hei. Et schéngt wéi wann International Music hiert scho fonnt hunn.

D'Songs vun International Music charakteriséieren sech duerch Lyrics, déi tëschent skurriller Alldagspoesie a sprochverléifter Nonchalance hin an hier schwanken a souvill Interpretatiounsspillraum loossen, wéi den ugeschwatenen Intendram. Wéi si am Song "Misery" sangen: "Die Sprache ist eklektisch". Keng politesch Metanarrativen oder linear Erzielungen, mee d'Geschichten a Gedanken dertëschent dominéieren "Ententraum". Dat ganzt zerwéiert mat engem gudde Schoss Ruhrpott-Romantik a Biedermeiernostalgie. Och wann International Music op hirem leschten Album déi bescht Jore sënngeméiss fir eriwwer erkläert hunn, beweist "Ententraum", datt dës fir den Trio nach eng Zäitche wäerten undaueren.