Radioen

On air

Resonanzen  |  Luigi Boccherini - Concerto fir Cello Nr.2 a Ré Majeur, KV 479, III. Allegro Assai - Françoise Groben (Cello), Solistes Européens, Luxembourg, Jack Martin Händler (Dir.)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi subversiv ass d'Konformitéit?

"Classic Objects"

Wéi subversiv ass d'Konformitéit?

"Classic Objects" heescht der Jenny Hval hiren mëttlerweil aachten Studioalbum an op dësem stellt sech d'Kënschtlerin nees philosophesch Froen iwwert hier Perséinlechkeet an hir Konscht. Poppeg awer ni kitscheg, resuméiert de Max Tholl, deen den Album presentéiert.

auto_stories

3 min

D'Kritikerinnen a Kritiker sinn sech eens: "Classic Objects" ass der Jenny Hval hire poppegsten an zougängslechsten Album bis elo. Och déi norwegesch Kënschtlerin selwer sot, et wier hir Versioun vun engem typesche Popalbum.

"I signed a deal with patriarchy"

Lo sollt een sech awer net onbedéngt op Bubblegum-Pop a kitscheg Texter astellen, well d'Hval wot sech mat engem gewësse Sécherheetsofstand un de Mainstream erun. Well och dat mécht "Classic Objects" kloer: d'Jenny Hval deet sech ëmmer nach schwéier mat Konformitéit. Schonn den éischte Song vum Disk "Year of Love" ass eng Ausernanersetzung mat gesellschaftlechen Traditiounen an der eegener Revolt géint dës.

D'Hval ass eng bekennend Feministin an thematiséiert hei hiert Bestietnes an de Widdersproch, dee sech fir si doraus ergëtt. Hire leschten Album "The Practice of Love" war dach schliisslech eng Exploratioun vun alternative Forme vu Léift a Partnerschaft, an da fält si selwer op dës - Zitat - normcore Institutioun eran?

Misst si et net eigentlech besser wëssen? "I signed a deal with patriarchy" sengt Hval a buert de Fanger reegelrecht an d'Wonn, mee kierzlech huet si an engem Interview verroden, datt esou Widderspréch einfach net ze evitéiere sinn an och eppes Positives hätten: et géing een ophale Sënn ze erginn. Hei, bei der Dekonstruktioun vun der eegener Perséinlechkeet, setzt och "Classic Objects" un.

Geschriwwe gouf den Album am Lockdown, an deem d'Hval sech als Privatpersoun amplaz als Kënschtlerin ëmfonnt huet. Doraus wier e Bedierfnis entstanen, méi einfach Songs ze schreiwen, déi méi ëm si selwer kreesen. Ugesiichts vun den dach bedeitungsschwéieren Texter op "Classic Objects", dierf ee sech froen, wéi erfollegräich dëse Versuch war.

D'Akzeptanz vu perséinleche Widderspréch

De Song "American Coffee" zum Beispill schléit ee groussen narrative Bou vun der Hval hirer Mamm, iwwer d'Fro wat Konscht ass, bis bei eng Blosenentzündung an en hypnotiséierend Erliefnis op enger Toilette. Am Fokus steet dobäi allerdéngs d'Fro, wien d'Jenny Hval haut wier, wa si keng Kënschtlerin wier. Och den Albumtitel bezitt sech op Konschtobjeten, déi aus hirem Kontext geholl ginn a just nach "Classic Objects" sinn. A gewinnter Manéier wot sech d'Hval mëttels autobiographeschen Anekdoten un dës existenzphilosophesch Froen erun.

Musikalesch fält "Classic Objects" méi poppeg aus wéi seng Virgänger an awer, ass et éischter Avantpop, dee sech duerch vill Hand Percussioun an der Hval hir Stëmm auszeechent. Mee och Triangel, Jazz-Piano, Drone, Dub, Field Recordings an New Age-Aflëss sinn um Album ze héieren a loossen hei en interessante Klangkosmos entstoen, deen erstaunlech harmonesch kléngt an der Hval hir Lyrics perfekt ënnersträicht. "Classic Objects" ass keng Rebellioun méi, mee villméi d'Akzeptanz vu perséinleche Widderspréch a villäicht grad dowéinst esou radikal an non-konformistesch.