Radioen

On air

Owesconcert  |  Side by Side

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi héich ass de Risiko beim Chouersangen?

Coronavirus

Wéi héich ass de Risiko beim Chouersangen?

Beim Sange géif manner Loft beweegt ginn, wéi allgemeng ugeholl gëtt, seet de Prof. Dr. Bernhard Richter vum Freiburger Institut fir Musekermedezinn. Prouwe wiere mat deene richtege Sécherheetsmoossname méiglech, virausgesat datt et de gesetzleche Kader erlaabt.

auto_stories

3 min

Den 9. Mäerz hat d'Berliner Domkantorei eng regulär Prouf mat sengen 80 Sänger a Sängerinnen. Wéi den NDR e puer Woche méi spéit mellt, wier de Covid-19-Virus an den Deeg no der Prouf bei 60 vun den 80 Chouermemberen nogewise ginn. Mëttlerweil wieren alleguerten d'Sänger nees gesond. Am Raum steet doduerch d'Fro, op eng Chouerprouf en Hotspot fir d'Verbreedung vum Virus ka sinn.

Infektioune virun de Sécherheetsmoossnamen

"Wann ee sech net schützt an d'Reegele vun der Hygiène [...] net anhält, da vläicht schonn", seet den Dr. Bernhard Richter. Als O.R.L, Professer fir Musekermedizin an ee vun den zwee Direktere vum Freiburger Institut fir Musekermedezin ënnersicht hien d'Risike vum Chouersangen am Kader vun der Corona-Pandemie. Hie betount, datt et beim Chouer zu Berlin zu den Infektioune komm wier, éier sech an der Gesellschaft en allgemengt Bewosstsinn fir d'Gefor vum Virus etabléiert hätt.

"Deemools huet een dat nach net esou gewosst, an dofir kann ech mir och virstellen, datt sech d'Chéier nach net esou Corona-Schutz-méisseg verhalen hunn, wéi mir et haut géife maachen."

Manner Loftbeweegung, wéi allgemeng ugeholl

Bei der Risikoaschätzung vum Chouersange stellt sech als éischt d'Fro, ob sech de Virus duerch d'Sange méi séier verbreede kann, wéi an anere Situatiounen. Dës Fro kéint een nach net beäntwerten, allerdéngs géife Recherchen drop hindeiten, datt et manner geféierlech ass, wéi et allgemeng ugeholl gëtt.

"D'Laieverständnes, dat wat sech d'Leit ëmmer esou virstellen, datt beim Sangen extrem vill Loft aus dem Kierper eraus stréimt, dat ass physikalesch net richteg."

D'Stëmmlëpse géifen d'Loftstréimung beim Sangen ënnerbriechen. Wann eng Sopranistin en Toun op 440Hz séngt, da géifen d'Stëmmlëpsen och 440 Mol an der Sekonn op- an zougoen.

"An ongeféier der Hallschecht vun der Zäit [...] sinn d'Stëmmlëpsen zou. Et geet bei Sänger also net ëm riseg Volummen u Loft, déi aus dem Mond eraus stréimen, wat een als Laie vläicht menge kéint."

Méi Loft duerch den Text

Dës Erkenntnis, déi well zanter méi Laangem bekannt wier, wier elo bei enger aktueller Etüd nach emol bestätegt ginn. De Gesang besteet elo awer net nëmmen aus Téin, mee och aus Text. An do sinn et virun allem d'Konsonante wéi de "P", déi fir eng gréisser Loftbeweegung suergen. Allerdéngs géif sech d'Loft och an dësem Fall net esou vill beweegen, wéi een et eventuell kéint unhuelen. Bei der Lautstäerkt kann een d'Situatioun net verallgemengeren. Laie géifen d'Lautstäerkt mat méi Drock a Loft reguléieren, Profie géifen dogéint méi op Resonanz setzen.

Elo gehéiert zum Sangen awer net nëmmen d'Ausootmen, mee och en déift Anootmen. Ob et doduerch zu engem gréisseren Infektiounsrisiko komme kann, wier nach net ënnersicht ginn, seet de Bernhard Richter.

"Wann een an enger Virus-Wollek steet, an et otemt een déif an, dann ass de Risiko natierlech méi grouss, wéi wa manner Viren an der Raumloft sinn an ee manner déif anotemt. Dat kann ee sech virstellen, wierklech ënnersicht ginn ass dat awer nach net."

Chouersange mat Sécherheetsmesurë méiglech

Dofir wier et wichteg déi néideg Distanz vun zwee Meter zu senge Matmënschen anzehalen, dacks ze Lëften an och d'Zäit ze berücksichtegen, déi een zesumme mat aneren an engem Raum verbréngt. Gläichzäiteg missten d'Chouersänger och op d'Symptomer wéi Féiwer oder Houscht oppassen an doheem bleiwen, falls si krank wieren.

De Bernhard Richter ass der Meenung, datt d'Chouersange mat deenen néidege Sécherheetsmesurë méiglech wier. Hie betount awer, datt et de gesetzleche Kader ass, deen definéiert, ob Prouwe méiglech sinn oder net. Als Medezinner wiere si Beroder, d'Kompetenz fir Entscheedungen ze treffen hätte si net.