Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Véier Frae loossen hire Groove eraus

Kalbells

Véier Frae loossen hire Groove eraus

Den neie Kalbells Album "Max Heart" ass verspillt, liicht verbéit an iwwerzeegt duerch dat kollektiivt Zesummespill tëscht de véier Musekerinnen. Synth-Pop, Jazz a Funk ginn den Toun un. Mir hunn eis mat der Frontfra Kalmia Traver ënnerhalen.

auto_stories

4 min

Lauschert de ganzen Interviewplay_arrow


Jamie Reinert: D'Musek op ärem neien Album straalt pur Freed aus, et héiert een d'Léift zesummen ze musizéiere richteg eraus. Dir gouft als véier knallhaart Fraen beschriwwen, déi hir hir improvisationell Magie erausloossen. Wéi ass dës Magie zustane komm?

Kalmia Traver: Mir hunn eis iwwer déi lescht zéng Joer an der DIY-Zeen zu Brooklyn kennegeléiert a sinn eis immens no komm duerch gemeinsam Kolleegen a mat eise verschiddene Formatiounen, mat deene mer géigesäiteg opgetruede sinn. D'Magie war schonn do, wou mer ugefaangen hunn zesummen ze musizéieren.

Kann een äre gemeinsame Groove iergendwéi a Wieder faassen?

Mir hunn eis eegent Wuert duerfir. Mir nennen et "Tintinnabulation". Eng Persoun, déi heiansdo bei eis Batterie spillt, huet dës Method matbruecht. Et ass eng Method, déi mer notzen, fir eis virun enger Performance prett ze maachen. Mir sangen 20 Minutte laang zesummen. Déi eenzeg Reegel ass deem aneren nozelauschteren.

De Museker Luke Temple, deen och als "Art Feynman" bekannt ass, hutt dir mat an de Studio geholl. Wat huet hien zum neien Album bäigedroen?

Hie war e ganz gnädegen, neutrale Kollaborateur. Een, an dee mir vill Vertrauen haten en neutral artistesche Point de vue matzebréngen. En ass erakomm mam Wëllen all Kap opzedoen, déi mir him ginn hunn.

Hien huet eis de Kontakt vum fantastesche Studio "Outlier Inn" am Norde vum Bundesstaat New York ginn, an huet eis encouragéiert, de Klang vun der Band anzefänken. Wéinst him hu mer och d'Batterie an de Bass op Band opgeholl. Donieft spillt hien och um Album an huet Groove Produktioun op Lidder wéi "Hump the Beach" oder "Purple Pink" gemaach.

Dat hei ass och déi éischte kéier, wou s de en Album selwer gemixt hues. Wat war dài gréissten Erausfuerderung fir dech bei där Tâche?

Mam Raum eens ze ginn. Ech sinn net an engem professionelle Studio, d'Akustik ass net optimal. Mäi Matbewunner, deen ënner mir Danzmusek produzéiert, huet mir do e bësse gehollef. Ech hunn esouvill geléiert. Bass-Frequenzen sinn zum Beispill esou fënnef Meter laang. Et kann een also net wierklech wouerhuelen, wat de Bass mécht bis ee fënnef Meter vun der Source ewech ass.

Ech sinn also aus dem Zëmmer erausgaangen an hu vun der Kichen aus gelauschtert. De Bass war definitiv déi gréissten Erausfuerderung beim Mixen.

Dat ass also däin eegene kreative Raum. Wat ass dat Wichtegst fir dech am Raum ze hunn?

Dës Fro hu sech sécher vill Leit wärend der Pandemie gestallt. Jiddweree muss jo déi ganzen Zäit a senger eegener Kummer, sengem eegenen Heem sinn. Ech gesinn all Zëmmer wéi e Raumschëff, mat deem mir duerch de Kosmos fléien. Et ass schéin, wann dëst Raumschëff dës gesong, wonnerschéi Plaz ass.

Ech brauch Planzen a mengem Zëmmer, kleng Libesnotizen fir mech selwer. Fotoe vu menge Frënn, an all dat kreatiivt Geschier no bei Hand.

Kalbells ass e Solo awer och e Band-Projet. Kann et gläichzäiteg béides sinn?

Eng gutt Fro. Ech mengen, déi Fro ass e work-in-progress. Kalbells ass als Solo-Projet ugefaangen. Ech hu mech misse selwer definéieren ausserhalb vun der Band "Rubblebucket", an där ech méi wéi zéng Joer involvéiert sinn.

Séier hunn ech realiséiert, datt ech eppes fir mech wëllt hunn, awer och e kollaborative Raum deen ech mat anere Leit kann deelen. Ech mengen mat dësem Album huet dat sech nach weider verstäerkt. Zesummen ze schreiwen, eisen eegene Sound ze kreéieren, war e schéinen Heelungsprozess, a mir wëllen dat weiderféieren. Stell mir déi Fro beim nächsten Album nach emol, da kucke mer, wat passéiert ass.