Radioen

On air

De Weekend  |  Isabelle Medinger

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vanishing Twin danzen um grousse Mound

Album vun der Woch: Ookii Gekkou

Vanishing Twin danzen um grousse Mound

Si sinn am Fong een hallef labberen Zesummeschloss aus Museker, déi sech zu London kennegeléiert hunn. Hire Flüttist Eliott Arndt ass zu Lëtzebuerg opgewuess, an ass eng Hallschent vu Faux Real, engem vun den Nofolgerprojete vun der Band Natas Loves You, un déi laangjäreg Fans vun der lokaler Musekszeen sech net anescht kënne wéi erënneren.

auto_stories

2 min

Déi aner Membere liese sech wéi een neuraalt Netzwierk: d'Bandgrënnerin Cathy Lucas ass och Member vun "Innerspace Orchestra", d'Drummerin Valentina Magaletti kann ee vu "Raime" kennen, de Bassist Susumu Mukai vu "Floating Points" an den Elektroniker Phil M.F.U. vu "Broadcast".

Alleguer si si Membere vum "Haha Sounds Collective", dee sech - vun Jazz, Soundtrack Musek a Krautrock gefierft - zu allerlee Projete kann zesummesetzen, dacks mat exzellenten a suggestive Videoe vum Eliott, deen nieft Musek och déi visuell Konscht beherrscht.

Déi labber a kollaborativ Atmosphär, déi d'Fakte suggeréieren, gëtt op Ookii Gekkou, der Band hirem drëtte Studioalbum, zur faarweger, gräifbarer Realitéit. Iwwer néng Tracks verstrécke sech hei iwwerlappend Taktaarten, poppeg Hooks an atmosphäresch Jams zu engem musikaleschen Dschungelpark, dee vum Reebësch dat Wëllt, a vum Park dat Organiséiert an Agreabelt matbréngt.

Ookii Gekkou, den Albumtitel, bedeit op japanesch "grousst Moundliicht". Inspiréiert gouf den Titel vum Covid-19-Lockdown, eng Zäit, an där et am iwwerdroene Sënn ëmmer Nuecht ass, a wou ee grousse Mound, Symbol fir hallef definéiert an nëmmen deels bewosste Gefillswelten, den eenzege Kompass duerstellt.

Liewensfreed

Dem Bezuch op experimentell Musek aus den auskléngende 60er an ugoendene 70er wunnt dobäi ee gewëssenen Internationalismus bäi, deen emol een opstriewend Brasilien, een exotesch-spacegt Japan, ee weltoppent Ägypten oder ee psychedelescht Däitschland suggeréiert.

Schéin awer, datt Influenzen hei genee dat bleiwen, wat se solle sinn: Ukläng, keng Bibliothéiksdarlehen. Déi Weltflucht, un déi ee bei Neopsychedelik bal onweigerlech denkt, fillt een hei als éierlecht globaalt Bewosstsinn a gelieften Eklektik.

D'Texter vun der Bandgrënnerin Cathy Lucas verbreeden dobäi keng New-Age-Platituden, mee eng Aart Posie vum Verzaubert-Si vun der Welt, eng Liewensastellung, déi inklusiv a respektvoll mat Virwëtz un d'Wonner vum Liewen erugeet.

Hir Stëmm kléngt wuel ganz ferm wéi eng verjénkte Laetitia Sadier vu "Stereolab", mee déi ass fairerweis mat op d'Party agelueden a spillt eng Gittarslinn, déi sech onopfälleg duerch "Wider Than Itself", Plage 6 vum Album, zitt.

De Bou vun der Plack féiert vu gemittlechem 5/4 mat Tremolo-Gittar um Opener iwwer funkeg-analog Synthiesounds op "Phase One Million", exotesch Marimba op "Zuum" an digital Elektronik op "The Organism" a Sun-Ra Vibes op "In Cucina", bis hin zu lidderegem 6/8 op "Light Vessel" a Funk um leschten, Soundtrack-aartegen Track.

Dës Plack ass eng wéi Bootsfaart op engem anticke Floss ugeluecht, bei Moundliicht a mat ville Frënn. Fir Fans vu "Mono", "Stereolab", "Can a Khruangbin" ee Must, an och als Gehirmassage am Hannergrond vun engem banalen Dag eng beräicherend Manéier, seng Zäit ze verdreiwen.