Radioen

On air

Notturno  |  Rumble In Rhodos - Carve Visage

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Musikalescht neit Liewe fir al Klassiker

Zréck zum Blues

Musikalescht neit Liewe fir al Klassiker



"Roll With The Punches" bitt souwuel Eegekompositiounen, wéi och Klassiker aus der Fieder vu Bluesgréissten. Mat 72 Joer beweist de Van Morrison datt seng Stëmm a seng Loscht Musek ze maachen nach ëmmer voll do sinn. D'Arrangementer sinn ausgeduecht bis zum Schluss, d'Ambiance um Album relax an ofgehaangen.

auto_stories

3 min

Am Alter kann engem mol eppes op de Su goen, wat ee Joerzéngte laang mat Léift, Passioun an Talent geheegt a gefleegt huet. "Ech maachen einfach net méi gär Placken. D'Ophuelen am Studio, dat geet jo nach, mä déi ganz Veraarbechtung vum Material duerno, dat Gepiddels a Waarden - langweileg".

Wien dat seet? De Van Morrison, déi nordiresch Ikon wat Rhythm'n'Blues a Songwriting ugeet, an dat zënter Joerzéngten. Dat huet den antëscht 72 Joer ale Museker awer net dovun ofgehalen, mat "Roll With The Punches" säi 37. Studioalbum erauszebréngen.

Blues, kredibel an ofgehaangen

Dee fir seng direkt Sprooch, an net ëmmer onbedéngt glänzend Laun, bekannte Museker huet sech d'Liewen dobäi e bëssi méi einfach gemaach an ass zu deem Genre zréckkomm, deen nach ëmmer a sengem Repertoire dra war, an deen zeg Klassiker zur Interpretatioun ubitt: de Blues.

E puer Lidder huet de Morrison wuel selwer geschriwwen, iwwerholl huet hien awer och Bekanntes vu Gréisste wéi Bo Diddley, Lightning Hopkins, T-Bone Walker oder Mose Allison.

Bei den Opnamen huet hien och u Kollege geduecht, déi hien op sengem laange Musekswee begleet hunn, an déi sech mat dem neie Repertoire kënnen identifizéieren, wéi Chris Farlowe, Paul Jones, Jeff Beck a säin Hauskeyboarder Georgie Fame. Do geet d'Altersmoyenne net onbedéngt erof, mä si alleguer rëselen de Blues nëmmen esou aus dem Aarm, hunn en an der "Panz" dran. Si hunn e gelieft a kréien en dofir kredibel ënnert d'Leit bruecht.

Ofgehaangen an dacks op dat Wesentlecht reduzéiert, bitt dat neit Wierk relax a mat Häerz erzielte Geschichten aus de Pionéierjore vun der amerikanescher Museksgeschicht. Et ass dat Material, op dat der esouvill schonns emol zréckgegraff haten, ier se hir eege Lidder komponéiert hunn. "Back to the roots" wäert d'Iwwerschrëft vun op d'mannst all zweeter Kritik vun dësem Album ginn: Net originell, dofir awer wouer a richteg.

Rou amplaz rau

Mat "Roll With The Punches" erënnert de Van Morrison mat dësem Bléck zréck an engems u seng Ufanksdeeg. Och wann de Sound haut, eng 50 Joer méi spéit, méi geschlaff ass, ouni allerdéngs dobäi sämtlech Ecken a Kanten verluer ze hunn. Et ass och méi Rou agekéiert: De jonke Wëllen ass de Van Morrison net méi, wat jo och kee méi vun him erwaart.

No sengen Ausflich 2012 an den Jazz mat "Born To Sing: No Plan B" an an de Soulpop 2016 mat "Keep Me Singing", elo dann de Bluesalbum vum Van Morrison: Selwer produzéiert an zäitlos. Wiem déi zwee Lidder, déi hien op "Too Long In Exile" ugangs den 90er mam John Lee Hooker produzéiert huet, net duerginn, dee fënnt hei definitiv Säint.