Tuys hunn dëst Joer fënnef nei Lidder erausbruecht, déi eng stilistesch Entwécklung fir d'Band bedeiten. Eigentlech hätte si mat deem neie Programm am Oktober wéilten op Tour goen, erkläert de Keyboarder a Gittarist Tun Biever. "Déi Tour hu mir op Januar verréckelt, an et gesäit och éischter schlecht aus."
Dofir wiere si frou, datt déi Session géif iwwer d'Bün goen, a si endlech d'Méiglechkeet hätten, fir déi nei Songs an hir nei Luuchteshow kënne virzestellen. "Mir probéieren och e puer méi konzeptuell Saachen an eise Set ze huelen."
Fir den Eurosonic nominéiert
De radio 100,7 kann als Member vun der EBU all Joer eng Band vu Lëtzebuerg fir den Eurosonic Festival nominéieren. Dat ass am Januar 2021 Tuys. Dee groussen, europäesche Showcase-Festival wäert reng virtuell oflafen. Trotzdeem kritt de Quartett d'Méiglechkeet, fir sech virun engem Fachpublikum ze presentéieren.
De Concert an der Kulturfabrik gëtt gefilmt, an d'Resultat ass d'Contributioun fir den Eurosonic.
D'Museker vun Tuys spille scho ganz laang zesummen. Deen nächste logesche Schrack war fir si, op Berlin ze plënneren. Si géifen ënner engem Daach zesumme wunnen, schaffen an e Konzept fir en Album ausschaffen, seet de Bassist Yann Gengeler. "Et geet ëm d'Diskussioun. Dat ass eben och dat, wat mir grad och ënner eis mussen agoen, fir ze kucke wéi et weidergeet."
"Eng Band ass wéi eng Bezéiung", seet den Tun Biever. Et misst een all Dag dru schaffen.