Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Touchant a villschichteg

Nicholas Krgovich - This Spring: Songs by Veda Hille

Touchant a villschichteg

Den Nicholas Krgovich kënnt aus Vancouver a bréngt dëse Freideg e besonnesche Coveralbum eraus. Gefëllt mat Lidder vun der Kanadierin "Veda Hille", ee vu senge gréissten Aflëss. Zwee Nimm déi Iech eventuell näischt soen. Den Jamie Reinert stellt eis dës Persounen hanner "This Spring: Songs by Veda Hille" vir.

auto_stories

2 min

Den Nicholas Krgovich an d'Veda Hille. Foto: Jennilee Marigomen

Ugefaange mat der Veda Hille. Eng Art-Pop Kënschtlerin vu Vancouver, déi zanter den 90er eng 15 Placken erausbruecht huet, an där hir Musek poetesch an exzentresch ass. Räich un Harmonie an Texter, déi mat klenge Weisheeten, verspillten Iwwerleeunge gefëllt sinn. Musek, déi deemools e staarken Afloss op e jonken Nicholas Krgovich hat, deen an hirer Konscht Fräiheet, Trouscht an eng Kaart fir d'Zukunft fonnt huet.

Ee souveränen Opbau

Den Nicholas Krgovich huet sech zanterdeem en Numm als villsäitege Pop-Museker gemaach, mat engem Faibel fir verbuede Kläng aus den 80er an 90er. D'Veda Hille ass eng gutt Frëndin ginn a fir seng grouss Inspiratioun ze feieren, den Numm Veda Hille méi bekannt ze maachen, huet hien elo op "This Spring" e puer vu senge Liblingsstécker vun hir interpretéiert.

Déi méi robust akustesch Tonalitéiten goufen duerch lëfteg synthesch Kläng ersat. Eng Schlofzëmmerproduktioun, déi d'Essenz vum Original bäibehält a ganz souverän dorop opbaut.

D'Musek vun der Veda Hille ass a Vancouver verankert. Ëmgi vun donkelen a fiichte Bëscher. Eng niwweleg a mysteriéis Twin Peaks-Athmosphär, déi awer manner an dat Béisaartegt, méi an dat Magescht vun der Natur siche geet. Op alle Fall schéngen dem Angelo Badalamenti seng ominéis a wonnerbar kitscheg Kompositiounen den Nicholas Krgovich a sengem Cover Projet geleet ze hunn.

Mee de Kitsch Balanceakt tëscht schrecklech a grandiéis gouf hei gemeeschtert. Déi meditativ Harf Téin, di onschëlleg Flute an divers fluffeg Keyboard Kläng kommen engem wéi al Kolleegen entgéint.
Dëse verspillten Toun-Teppech beweist sech als fruchtbare Buedem fir der Veda Hille hir originell Kompositiounen. Hir liewensfrou Texter beschäftege sech mat Natur, intern an extern. De Wand, d'Wolleken, Planzen a Friichten dauchen ëm all Eck op, a kréie wéi aus engem Kand hire Bléck eng eege Perséinlechkeet.

Musek, déi vun Häerze kënnt

"This Spring: Songs by Veda Hille" ass net nëmmen eng schéi Geschicht, e Geschenk vun engem Museker u seng grouss Inspiratioun. Iwwer déi 15 Stécker kritt een der Veda Hille hiert faszinant Wierk presentéiert, wat engem Loscht gëtt hir Musek méi am Detail kennenzeléieren.

An dovunner ofgesinn ass dem Nicholas Krgovich säin Exercice, säi Choix, seng Interpretatioun touchant a villschichteg. Seng berouegend Crooner Stëmm, déi ambient Pop-Stëmmung an direkt, onkomplizéiert Approche maachen dëst ongewéinlecht Wierk zu eng vu senge beschte Placken. Et kléngt vläicht kitscheg, mee et héiert een, datt deen hei Album vun Häerze kënnt.