Radioen

On air

Notturno  |  M. Ward - Slow Driving Man

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Toto - Georgy Porgy

Sample vun der Woch

Toto - Georgy Porgy

Dat do kennen ech dach, oder? Wien huet déi Melodie geklaut, wien huet dee Rhythmus nogespillt? De Bobby Bieles ass Sample-Detektiv an erzielt d'Geschichte vu Lidder, deenen hir Bestanddeeler ëmmer nees an neier Form re-inkarnéiert goufen.

auto_stories

2 min

Dëse simpele mee effikassen Intro gouf vun der Grupp Toto geschriwwen: "Georgy Porgy" ass 1979 erauskomm. D'Background Vocals si vun der Sängerin Cherryl Lynn. Dëst Lidd gëtt hautdesdaags nach ëmmer live vun der Band gespillt, bal 40 Joer no senger Sortie.

Toto briechen hei Genre-Grenzen, mee am Gudde gemengt: Georgy Porgy war jo eigentlech en Schloflidd fir Kanner, mee si packen et hei an d'R'n'B-Charts vun deemools. Dat war natierlech bedéngt duerch Bomme-Museker: Toto war e bëssen en Allstar-Team mat Memberen aus verschidden aner Gruppen, zum Beispill Steely Dan, Sonny and Cher oder souguer Michael Jackson. Si spillen hei den typeschen early Eigthies-Sound aus Kalifornien. Dëst Lidd ass e bëssen hier Unerkennung virun hirer absolutter Weltherrschaft mam Lidd "Africa" vun 1982.

Eric Benet iwwerhëlt dat Lidd am Joer 1999. Et ass en Track vu sengem zweeten Album "A Day In The Life". Hie mécht hei eng kloer Hommage un den Eighties-Sound mat engem einfache mee effikassen Duett mam Biggie senger Ex-Frae, d'Faith Evans.

Mee MC Lyte hat d'Lidd scho virdru gesampelt, an zwar op sengem "Poor Georgy" vun 1991. Dat war op sengem Album "Act Like You Know". Hei geet et ëm Storytelling vum Feinsten an en Message géint Addiktiounen. Am Videoclip ass souguer eng kleng Apparitioun vum jonke Lauryn Hill ze gesinn. Dat Lidd huet vill aner jonk Rapperin inspiréiert déi hautdesdaags Succès hunn, wei zum Beispill d'Rapsody.

Dat wat wéineg Leit wëssen, ass datt d'Janet Jackson sech och vun dësem Lidd inspiréiert huet, an zwar fir säin "That's The Way Love Goes". Den Refrain ass nämlech genau op der selwechter Tounlag geschriwwen. Dëst Lidd ass 1993 erauskomm a war um 5. Album vum Janet Jackson deen "Janet" geheescht huet.

Den "Georgy Progy" vun der Grupp Toto huet et souguer bis a Japan gepackt, hei mat enger J-Pop-Kënschtlerin vum Joer 2013. Atsuko Hiyajo huet d'Lidd "Round & Round" doraus gemaach.