Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Adi Oasis - Get It Got It

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Therapiestonn mam Rap-Superstar

Rap

Therapiestonn mam Rap-Superstar

Leschte Freideg hat d'Waarden een Enn, mat "Mr. Morale & The Big Steppers" mellt sech de Rap-Superstar Kendrick Lamar no fënnef Joer zeréck a presentéiert en intensiven Duebelalbum, op deem hien sech selwer an de Mëttelpunkt stellt.

auto_stories

3 min

Schonn direkt am éischte Song vun "Mr. Morale & The Big Steppers" stellt de Kendrick Lamar kloer, wat an den nächsten 73 Minutten op ee waart: eng laang Therapiesëtzung, déi an déi déifsten Ofgrënn vum Rapper sengem Séileliewe féiert.

Effektiv huet sech de Kënschtler therapeutesch Hëllef geholl an deelt elo Ablécker mam Public. Ongewinnt fir de Lamar, dee säi Privatliewe bis elo relativ geheim gehalen huet.

Awer schonn de Cover vum Album presentéiert hie mat Kanner a Partnerin als Patriarch mat Revolver an Därekroun um Kapp. Et ass d'Openeentreffe vun toxescher Männlechkeet a Fragilitéit, dat um Album ëmmer nees an de Fokus rëtscht a virun allem d'Fro, wéi sech de resultéierenden intergenerationellen Däiwelskrees duerchbrieche léisst.

Ënnerlech Widderspréch

Am Stéck "Father Time" hëlt de Kendrick Lamar eis mat a seng Kandheet, erzielt dovun, wéi säi Papp hien zu engem staarke Mann erzunn huet, dee keng Gefiller weise soll.

Déi ganz Gangsta-Attitüde versteet de Lamar als Iwwerspillen dovun, datt een ni geléiert huet, wat et wierklech bedeit e Mann ze sinn. Elo als "grown man with daddy issues" wëllt hien dat nohuelen an et kann een him dobäi nolauschteren, wéi hien hei mat der Gesellschaft a sech selwer kämpft.

De Song "We cry together" ass e vertounte Sträit tëschent Mann a Fra, dee sech lues awer sécher an eng Kakophonie aus Jalousie an wüüste Beleidegunge verwandelt, an där de männleche Charakter d'Schold u Männer wéi Trump, Weinstein an R. Kelly kritt, wärend de weibleche Charakter als "fake innocent, fake feminist" diffaméiert gëtt.

Schwéier verdaulech an staark polariséierend weist de Song, datt de Kendrick Lamar keng einfach Léisunge sicht, mee seng ënnerlech Widderspréch quasi als Diskurskritik opdëscht.

Hanner den Erwaardungen

Sou staark a gewalteg d'Lyrics um Album och sinn, bleift "Mr. Morale & The Big Steppers" musikalesch e wéineg hanner den Erwaardungen a senge Virgänger. De Bou gëtt op dësem ambitiéisen Duebelalbum phaseweis iwwerspaant, well et ze vill abrupt Rhythmus- a Genrewiessel ginn, déi Koherenz schwéier maachen.

Trap, Soul, Gospel, Spoken Words, Jazz, Oldschool Hip-Hop an RnB sinn alleguer um Album ze héieren, mee am Géigesaz zu fréieren Albe schéngt de Lamar sech hei net op eng musikalesch Grondstëmmung festleeën ze kënnen.

"I can't please everybody" séngt hien an engem Lidd. Et kann een awer d'Gefill kréien, datt hien et phaseweis genee dorop uleet. Et ass natierlech Kloen op héijem Niveau, mee wéi kéint et bei dësem Opus Magnum och anescht sinn?

Wéi keen aneren Rapper versteet et de Kendrick Lamar en universellt Narrativ aus den eegenen Erfarungen ze skizzéieren. Näischt anescht ass d'Lidd "Mother I Sober", ee vun de beandrockendste Songs, déi hie bis elo geschriwwen huet.

Vu Mëssbrauch a Gewalt an der eegener Famill, séngt oder pëspert de Lamar bal, erzielt och vu sengen eegene Verfeelungen als Partner, dee friemgeet, bis seng Stëmm sech zu engem karthagesche Crescendo opbaut an deem Rassismus an d'intergenerationell Trauma, déi sech doraus erginn, an de Fokus récken.

A bemol setzt hei, um Schluss vum Album, no all der Therapie sou eppes wéi Erléisung an Heelung an. Et gënnt een him se vu ganzem Häerz.