Radioen

On air

De Moien  |  Lava La Rue - Push N Shuv

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ The Tame And The Wild: "All Song ass e Polaroid"

Nei Single made in Luxembourg

The Tame And The Wild: "All Song ass e Polaroid"

Wéi kléngt et, wann eng melancholesch Indie-Pop-Band sech mat engem fréieren Hardcore-Sänger zesummen deet? Déi nei Single vun "The Tame And The Wild" ass erstaunlech harmonesch. A fir d'éischte Kéier gëtt op Däitsch gesongen.

auto_stories

2 min

Däitsch wier der Sängerin Seja hir "Pappesprooch", seet de Philippe Wenger. "Op där Sprooch ze sangen, op där ee selwer schwätzt an denkt an dreemt, dat war komescherweis ëmmer bësse méi delikat fir d'Seja. Hatt huet sech do ëmmer bësse gedréckt oder war net inspiréiert."

De fréieren Defdump-Sänger Pascal Useldinger aka USEL hätt d'Sängerin schliisslech dozou motivéiert kritt, fir e Lidd op Däitsch ze maachen.

"Eis Weeër hate sech e puermol gekräizt", seet de Philippe Wenger. Et hätt direkt eng Sympathie vun den zwou Säite ginn. "Dat war en zimmlech natierleche Prozess, an huet sech einfach sou erginn."

Ob een an Zukunft mat weidere Kollaboratioune ka rechnen, wëllt de Museker net ausschléissen. "Wou eent ass, sinn der villäicht méi. Mol kucken, wat kënnt..."

"Lass Uns Tanzen" ass en Opruff zum Feieren. Trotzdeem ass d'Lidd zimmlech melancholesch. "Et geet am Song ëm Fräiheet an ëm Lassloossen", seet de Philippe Wenger. "Wou dat Eent ass, ass dat Anert ni wäit." Zum Lassloosse géif och Nostalgie a Melancholie gehéieren.

Projet vum Album läit op Äis

"The Tame And The Wild" si momentan ganz produktiv a verëffentleche Singele mat Videoen an enger héijer Kadenz. "Mir haten ëmmer den Drock vun deem perfekten Album." Si hätte laang do dru geschafft, awer et hätt sech ni konkretiséiert. "Wann ee laang un eppes schafft, dann ass dat schonn al, an da brennt een net méi sou dofir."

Et wier en "organesche Floss" fir eppes ze maachen an et direkt eraus ze bréngen. Da wier et och fir d'Band selwer nach frësch. All Single wier eng Momentopnam. D'Philosophie wier, datt all Stéck vun "The Tame And The Wild" e Polaroid ass.