Radioen

On air

De Moien  |  Gengahr - Heavenly Maybe

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ The O'Jays - For The Love Of Money

Sample vun der Woch

The O'Jays - For The Love Of Money

Dat do kennen ech dach, oder? Wien huet déi Melodie geklaut, wien huet dee Rhythmus nogespillt? De Bobby Bieles ass Sample-Detektiv an erzielt d'Geschichte vu Lidder, deenen hir Bestanddeeler ëmmer nees an neier Form re-inkarnéiert goufen.

auto_stories

3 min

1974 kennt "For The Love Of Money" vun der Grupp The O'Jays eraus, eng amerikanesch R'n'B Grupp aus Ohio.

D'Formatioun war 1958 entstanen a si hat e puer kleng Hits wéi zum Beispill "Lonely Drifter" an den 60er, deemools ware si nach zu fënnef. Wéi d'Grupp gesinn huet, datt se warscheinlech ni grousse Succès wäert hunn, verloossen zwee Memberen d'Band. Mee am Joer 1972 kënnt alles anescht. Si stellen en neit Produktiounsteam an, Gamble & Huff, an ënnerschreiwe beim Philadelphia International Records Label.

Gamble & Huff si bekannt dofir, dee gréissten Deel vum Philly Soul Sound erfonnt ze hunn. Si hunn zum Beispill dem Billy Paul säin "Me And Mrs. Jones" produzéiert. Hir Produktioun ass gekennzeechent duerch knuspregen Drums an eng omnipresent Bassline - notamment ass bei dësem Lidd souguer e Wahwah an e Flanger Effekt um Bass. Vun deem Moment u wéi The O'Jays vu Gamble & Huff produzéiert goufen, lande si een Hit nom aneren, spillen um Fernsee bei "Soul Train" a beherrschen déi amerikanesch Charts fir e puer Joer.

Wa si dëst Lidd live gespillt hunn, hunn d'Zuschauer dacks en Dollarschäin erausgeholl an domat gedanzt. Hire politeschen Engagement war ni zweetrangeg, wéi een et um Cover vun hirem Album "Ship Ahoy" gesäit, wou d'Membere vum Grupp op engem Sklaveschëff illustréiert sinn.

Et huet net laang gedauert, bis de Sample dann och nees opgegraff gouf. 1985 huet de Grandmaster Melle Mel & The Furious Five effektiv d'Bassline gesampelt. Nodeems de Grandmaster Flash d'Furious Five verlooss hat, gëtt de Melle Mel de Leader vun der Grupp an huet mëttelméissege Succès mat e puer Lidder, notamment "Step Off".

De Melle Mel spillt och eng kleng Roll am Film "Beat Street" an huet zu dëser Zäit e Lidd mat Chaka Khan erausbruecht, wat och zum Succès vu senger Rapgrupp bäidréit. Si bréngen dëst Lidd bei Sugar Hill Records eraus.

Eng aner interessant Utilisatioun ass vum DJ Rabauke an Dendemann, och bekannt als Eins Zwo vun Hamburg. Hiert Lidd heescht "Es ist nicht so wie du denkst" an ass en Deel vum Soundtrack vum Film "Kurz und schmerzlos". Dendemann ass ee vun den begaabtsten MCs aus Däitschland a beweist dat hei mat senge Wuertspillereien. D'Grupp huet sech 2003 getrennt, an den Dendemann ass säitdeem zäitweis op ZDFneo ze gesinn.

Et ginn nach eng ganz Rei Lidder, op deenen d'The O'Jays mol besser mol manner gutt gesampelt goufen, mee ee bizaart Beispill wier nach déi franséisch Sängerin Dalida. Si mécht 1980 eng Reprise op Englesch, esou gutt si kann. Et ass iergendwéi befriddegend, mee och bosseg ze gesinn, datt "For The Love Of Money" et souguer bis an de franséische Pop gespackt huet.