Radioen

On air

Grousse Kino  |  Grousse Kino - D'Liewen ass net ëmmer en Danz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ The Mohawks - The Champ

Sample vun der Woch

The Mohawks - The Champ

Ee vun de meescht gesampelten Songs iwwerhaapt, laut Google waren et 728 Mol. D'Lidd ass selwer e Cover vum Song "Tramp" vum Lowell Fulsom. De Bobby Bieles huet sech op d'Sich nom Sample gemaach.

auto_stories

3 min

D'Melodie staamt gréisstendeels vum Alan Hawkshaw aka "The Hawk", en Englänner, 1937 zu London gebuer. Hien ass e reputéierte Studio-Museker an huet an den 70er fir Leit wéi Serge Gainsbourg oder David Bowie geschafft a Musek fir de Film "Hair" oder d'Serie "The Night Rider" gemaach.

Hien huet och vill Library Placken erausbruecht, notamment beim Label KPM. Eng vu senge Gruppe waren d'Mohawks, wou hie Leader war. Hie war e Virtuos op der bekannter Hammond B3 Uergel, an dat spiert een och am Groove vum "Champ"-Sample.

Mat der Zäit gëtt et e Standard fir Breakdance-Battles, well d'DJs, wéi zum Beispill Africa Bambaataa oder Breakbeat Lou, et dacks an hir Sets abauen. Et gouf wärend alle Periode vum Hip-Hop gesampelt, vun Old School bis New School, hei gesi mer véier verschidde Versiounen.

Déi éischt waren Eric B. & Rakim mat "Eric B. Is President". Dat war op hirem éischte meeschterhaften Album "Paid in Full" vun 1987. E gouf beim Marley Marl doheem opgeholl.

Am Titel ginn d'Skills vum DJ Eric B demonstréiert, hie scratch a spillt Samples wärend dem ganzen Lidd, notamment "Champ" vun de Mohawks. Et ass den Ufank vum Turntablism.

Si ginn och vum James Brown ugeklot, wéinst illegaler Sample Benotzung - wat e bëssen déi éischt Sample-Debatt ervirrifft. Hiren Album ass e Meilesteen vum Golden Age Hip-Hop an etabléiert de Rakim als ee vun den beschten MCs iwwerhaapt.

En anert Beispill ass de Krs One mat "Step Into A World (Rapture's Delight)". Dat war op sengem drëtten Album "I Got Next" vun 1997. Et ass vläicht déi gelongenst Versioun, den typeschen 90er Sound.

Hie mixt hei e Refrain vum Lidd "Rapture" vu Blondie an de Mohawks Sample zesummen. Säi Lidd funktionéiert op jiddefalls op all Party a war wärend enger Zäit op all Mixtape ze héieren, notamment déi vum Cutkiller.

D'Grupp Onyx huet hiert Lidd "Slam" och doraus gemaach. Et war op hirem Album "Bacdafucup", deen 1993 erauskoum. Si hate grousse Succès mat hirem Hardcore Hip-Hop aus New York.

Si sinn d'Protegéë vun Run Dmc a maachen dacks e Crossover aus Rock a Rap. Si samplen hei d'Uergel net wierklech, mee sangen d'Nouten dovun um Refrain no.

Hei gëtt de Sample och nach ëmmer benotzt, mee just als Clin d'oeil oder Uspillung, wéi zum Beispill beim Franc Ocean a sengem Lidd "Nikes". Dat war op sengem Album "Blonde" vun 2016.

Frank Ocean ass en erfollegräichen amerikanesche Rapper an R'n'B Sänger. Hie sampelt just déi éischt Sekonn, wou d'Mohawks "Champ" jäizen. Säi Lidd "Nikes" ass ënner anerem eng Kritik um Konsumismus, do passt d'Wuert "Champ" natierlech wéi den Nol op de Kapp.