Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Rolling Blackouts Coastal Fever - The Way It Shatters

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ The Jimmy Castor Bunch - It's Just Begun

Sample vun der Woch

The Jimmy Castor Bunch - It's Just Begun

Dat do kennen ech dach, oder? Wien huet déi Melodie geklaut, wien huet dee Rhythmus nogespillt? De Bobby Bieles ass Sample-Detektiv an erzielt d'Geschichte vu Lidder, deenen hir Bestanddeeler ëmmer nees an neier Form re-inkarnéiert goufen.

auto_stories

2 min

Den James Walter Castor gouf beschriwwen als "ee vun de meescht gesampelte Kënschtler an der Museksgeschicht". Als Solo-Kënschtler a Leader vun The Jimmy Castor Bunch an den 1970er Joren huet de Castor e puer erfollegräich Albumen a Singelen erausbruecht.

The Jimmy Castor Bunch

The Jimmy Castor Bunch besteet aus dem Keyboardist an Trompettist Gerry Thomas, dem Bassist Doug Gibson, dem Gittarist Harry Jensen, dem Congo Spiller Lenny Fridle, Jr., an dem Drummer Bobby Manigault.

De Grupp hunn hire kommerziellen Héichpunkt am Joer 1972 erreecht no der Verëffentlechung vun hirem Album "It's Just Begun", deen zwee Hitsingelen huet: den Titeltrack an "Troglodyte (Cave Man)", deen zimmlechen Erfolleg an den USA krut. D'Stéck war 14 Wochen an den Charts am Joer 1972 a krut eng Goldplak fir de Verkaf vun enger Millioun Exemplairen.

"It's Just Begun" ass eng effektiv a markant Mëschung aus Funk, Pop, Sozialkritik a Comedy. Vill vun de Melodië vun der Grupp goufen dacks a Filmer an am Hip-Hop gesampelt, virun allem de Saxofon Hook a Groove vun "It's Just Begun".

Den Titeltrack ass e B-Boy Favorit, e Salsa-beaflosste Funk Ausfluch, deem säi Break haut nach weider vun DJs gespillt gëtt. Afrika Bambaataa sot, datt "It's Just Begun" op Block Partyen an der South Bronx an den 1970er ganz populär war. "It's Just Begun" ass e wichtegen an aflossräiche Release vun enger ënnerschätze Grupp. Jiddwereen, deen un de Wuerzele vum Funk aus den 1970er interesséiert ass, sollt sech mindestens eng Kéier mat dëser Plack auserneesetzen.

Eng vun den éischte Gruppen, déi den Potential vun dësem Lidd erkannt hunn, waren Eric B. & Rakim. Si hunn 1980 hire "Musical Massacre" um Album "Follow The Leader" erausbruecht.

Mee "It's Just Begun" ass awer virun allem en Track fir d'Breakdänzer bliwwen. Et goufen etlech Coveren a Reinterpretatiounen, mee déi bekanntst ass komescherweis eng dätsch Versioun, an zwar déi, déi op eng vun deenen éischte Battle of the Year benotzt gouf: Zeb-Roc-Ski & Stieber Twins - Breakers Revenge 93.