Radioen

On air

De Moien  |  De Läb - Happy Hippokrit

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ The Excitements - Breaking The Rule

Soul a Funk

The Excitements - Breaking The Rule

"Breaking The Rule" ass zwar vun der spuenescher Formatioun The Excitements - mat spuenesche Kläng huet dësen drëtten Opus awer näischt ze dinn! Motown Musek steet hei am Mëttelpunkt, mat dynameschen Titelen an douce Balladen, gesonge vun der Power Fra Koko Jean Davis aus dem Mozambique.

auto_stories

3 min

The Excitements. Foto: picture alliance / Jazz Archiv

Sechs spuenesch Museker an eng Sängerin aus dem Mozambique dinn d’Rhythmen an hirem Studio esou waarm kachen, datt dat Ganzt drop an drun ass z’explodéieren. D’Rezept nennt sech "Breaking The Rule" vun The Excitements. D'Formatioun ronderëm de Gittarist Adria Gual an de Bassist Daniel Segura surfen op der sougenannter Soul an RnB Revival Wave - Och wa si aus Spuenien sinn. Dobäi sinn déi Motown-konnotéiert Genren éischter rar Elementer an der laanger Geschicht vun der spuenescher Musek.

Zënter 2010 hunn The Excitements dräi Diske verëffentlech. Dee leschten - och wann en "Breaking The Rule" heescht - ass een, dee Regelen allerdéngs net richteg brécht. D’Musek ass am verglach zu de Virgänger-Releasen eppes méi räif, eppes méi ofgeronnt an eppes méi fein getuned. Soss, de gewinnte Programm: Vill Energie an eng gutt Portioun Authentizitéit, sief et live oder op der Plack!

Markenzeeche Koko Jean Davis

Um Album si rockeg Stécker fir mat ze jäizen oder méi souleg Balladen: The Excitements liwwere stänneg Kläng, déi motivéieren an déi een iergendwéi schéngt ze kennen. Mee et gëtt net gecovert, och wann et sech ëm Motown-ähnleche Sound handelt. Energie a Melancholie ginn Hand an Hand. Ofwiesselung ass garantéiert. Och wa "Breaking The Rule" e relativ homogeent Konzept verënnerlecht.

Wien The Excitements lauschtert deem fale stënterlech Nimm an, wéi Wilson Pickett, Etta James, Ike & Tina Turner an eng Jett aner Museker a Musekerinne vu Memphis, Detroit oder New-York. An awer k¨wnnt d'Formatioun vu Barcelona. Déi aussergewéinlech Stëmm, déi vun Ufank un dobäi war, ass déi vum Koko Jean Davis ass awer gebierteg aus dem Mozambique. Si gëtt dacks mat der Soul- a Funk Legend Tina Turner verglach.

Gutt Beispiller fir den Timber vun der Koko Jean Davis hirer Stëmm ze verdäitleche si "Fire" , "Wild dog" oder nach "Since you’re gone". Mee derniewent ginn et awer nach aner Repertoiren, an déi der Soul-Lady hir Stëmm perfekt era passt: Mid-tempo Balladen ewéi "Breaking the rule", den Titeltrack vum drëtte Longplayer vun The Excitements. Oder nach "Take it back" - och ee vun deenen Titelen, bei deenen d’Kadenz erof geschrauft, a sech op dat wesentlecht konzentréiert gëtt.

Jazz, a sou vill méi

D'Koko Jean Davvis ass zwar niewent de Grënner dem Gittarist Adria Gual an dem Bassist Daniel Segura d’Markenzeeche vun der Formatioun. Dat eleng geet awer net duer fir de Fan vum Soul, Funk a RnB z’iwwerzeegen. Dobäi kënnt eng gutt Portioun Six-Strings vum Leadguitarrist Albert Greenlight, déi perfekt Beats vum Perkussionist Jose Louis Garrido. An d'Saxophonisten Nico Rodriguez Jauregi a Jordi Blanch maachen d'Saach vollstänneg.

The Excitments si mëttlerweil Standardprogramm op Festivaler ewéi dem grousse Paléo Festival an der Schwaiz, um Couleur Café an der Belsch oder dem Cocnac Blues Passions a Frankräich. Dacks kann een d'Band och op internationale Vintage Musek Festivaler erliewen. Zanter hirer éischter Release touren déi sechs Bandmembere praktesch non-stop.

The Excitements fänken hiren drëtte Longplayer "Breaking The Rule" mat Mojo Train un: Eng Reminiszenz un d'Musek, déi an de Stroossen vu New-Orleans gespillt gëtt. Jazz, d'accord ... mee do gehéiert nach sou vill méi derbäi.