arrow_back_ios
100komma7.lu
100komma7.lu
/ The Beautiful Decay Festival
Musek
The Beautiful Decay Festival
Dëse Weekend spillt sech am Gréiweschlass zu Käerch eng Zort Lëtzebuerger Rap Battle of. Den Hip-Hop Kollektiv Stayfou géint de Maale Gars. Dat am Kader vum "The Beautiful Decay Festival". E Concert dee vum Kollektiv "Two Steps Twice" matorganiséiert gouf. Den Jamie Reinert huet sech mam Grënner vun dësem Kollektiv, dem Tun Biever ënnerhalen, deen een och vläicht vun der Band TUYS kennt.