Radioen

On air

De Moien  |  Sorry Girls - Prettier Things

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Talentéiert, awer sech selwer net méi trei

Album vun der Woch

Talentéiert, awer sech selwer net méi trei

Nom Succès vun hirer éischter Plack war Alt-J engem bekannte Phänomen an der Musek zum Affer gefall. Hiren zweete Studioalbum war manner aussergewéinlech, manner ausgeschafft a virun allem op de kommerzielle Succès ausgeriicht. Mat "Relaxer" kréien d'Englänner - zum Deel - d'Kéier.

auto_stories

2 min

Alt-J huet sech bei "Relaxer" net stresse gelooss a stellt sou mat hirem drëtte Studioalbum hiert enormt Talent nees ënner Beweis. An awer si sech d'Englänner selwer vläicht net ganz trei bliwwen. Hir nei Plack brauch e bëssen Zäit, bis se den Nolauschterer agefaangen huet, am Géigendeel zu hirem Debutalbum "An Awesome Wave".

Mä d'Museker vu Leeds kruten d'Kéier. Mat "Three Worn Words" lancéiert "Relaxer" ganz gemittlech. Den Titel steet exemplaresch dofir, datt eng "catchy" Ausriichtung net Zil vun der Plack war. Dat soll net heeschen, datt e langweileg wier. Eng Textzeil wéi "blue neon light in a midnight country field" dierf roueg emol virbereeden an da roue loossen.

Staark Produktioun

Groovegen Indie-Rock a spuersam agesaten Elektronik suergen a Kombinatioun mat Sträicher a Blosinstrumenter fir de richtege Kontrast. Et sinn déi Iwwerraschungen, déi wéi aus dem Liewe gegraff eriwwerkommen. An net wéi aus dem Handbuch vun engem Songwriter.

D'Produktioun kënnt net kënschtlech eriwwer. D'Struktur vun de Stécker an den tountechneschen Traitement verstäerken d'Impressioun, datt d'Musek einfach fléisse gelooss gëtt. Allgemeng gëtt d'Stëmm vum Leadsänger Joe Newman schéin ergänzt - sief et duerch e Feature, wéi dee vum Ellie Roswell um éischten Track vum Album, oder duerch seng Museker. De self-made Aspekt vun der Plack gëtt duerch esou Detailer ënnerstrach. Mat "House of the Rising Sun" fënnt sech souguer eng Interpretatioun vun engem Folk-Klassiker op dem Disque, déi esou flësseg traitéiert gëtt, datt een d'Original kaum erëmerkennt.

Net trei bliwwen

Datt sech Alt-J trotzdem net ganz trei bliwwen ass, wéist datt se sech trotzdeem un e strenge Marketing-Zäitplang gehalen hunn. Zwee vun de stäerkste Lidder vum Album goufe nämlech scho virun der Verëffentlechung vu "Relaxer" als Teaser lancéiert.

Den 13. Juli ass Alt-J mat hirem neien Album an der Abtei Neumënster op Besuch.