Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Taana Gardner - Heartbeat

Sample vun der Woch

Taana Gardner - Heartbeat

Dat do kennen ech dach, oder? Wien huet déi Melodie geklaut, wien huet dee Rhythmus nogespillt? De Bobby Bieles ass Sample-Detektiv an erzielt d'Geschichte vu Lidder, deenen hir Bestanddeeler ëmmer nees an neier Form re-inkarnéiert goufen.

auto_stories

3 min

1981 bréngt d'Taana Gardner eng vun de beschte Pop-Singles vun den 80er Joren eraus, an zwar "Heartbeat", produzéiert vum Dennis Weeden a Kenton Nix.

Dëst Lidd ass op West End Records erauskomm, dem décksten deemolegen Disco Label zu New York. Mat sengen 100bpm war d'Lidd fir en Post-Disco Track nach zimmlech lues, dofir hat et am Ufank Schwieregkeete fir sech als danzbar duerchzesetzen.

Mat Hëllef vum DJ Larry Levan zum Hit

Mee den Larry Levan huet gehollef en Hit aus dem Lidd ze maachen. Hie war nämlech ee vun den bedeitendsten DJs vun der New Yorker Disco "Paradise Garage", wou hie méi wei zéng Joer Resident war.

Hie war do wéi en Hallef-Gott ugesi wann hien opgeluecht huet, dowéinst hat hien och e groussen Afloss dorop, wéi eng Lidder en Top oder e Flopp ginn. Hie stoung zu 100% hanner der Gardner hirem Lidd an huet esouguer en zéng Minutte Remix dovun erausbruecht, obwuel et am Original scho méi wéi sechs Minutten hat.

D'Leit sinn um Endeffekt drop ofgaangen an et ass e risege Succès ginn.

Dacks am Hip-Hop opgegraff

D'Gardner bleift besonnesch bei den Hip-Hopper fir dësen Track bekannt, well en hei immens oft benotzt ginn ass. Hei e puer Beispiller:

De La Soul waren eng vun den éischte Gruppen déi de Sample opgegraff hu fir hiren "Buddy" doraus ze maachen, an zwar déi "Native Tongue Version" zesumme mat The Jungle Brothers, Monie Love, Queen Latifah & Q Tip. Et kënnt vun hirem Debut "3 Feet High and Rising" vun 1989.

Och dëst Lidd ass "dancefloor"-orientéiert an dauert bal siwe Minutten. Et ass produzéiert vun Prince Paul, an hat allgemeng zimmlech Succès. De La Soul si bekannt fir hir witzeg, liicht an innovativ Approche zum Hip-Hop.

Och vum Ini Kamoze a Black Moon benotzt

Et ass zwar kee Rap mee et gouf eng Zäit do gouf et kee Radio wou dat Lidd net de ganzen Dag gelaf ass. Den Ini Kamoze huet 1995 der Gardner hirt Lidd och gebraucht fir säin "Here Comes The Hotstepper". Den Ini Kamoze war schonn deemools en Dancehal Veteran - hien hat schonn zanter 1981 Musek erausbruecht.

Mee dat heite Lidd bréngt hie ganz uewen an d'Charts. Den Track benotzt vill Samples mee den "Heartbeat" ass däitlech erauszehéieren iwwer deen de Kamoze säin "Lyrical Gangster" Style driwwer leet. D'Lidd gouf och fir de Film "Prêt-à-Porter" benotzt.

Black Moon benotzen den Titel och fir hiren "Two Turntables & A Mic" vun hirem zweeten Album "War Zone" vun 1999. Den 5Ft an Buckshot reimen hei iwwer e Beat vun den Beatminerz, bestoend aus DJ Evil Dee an Mr. Walt. Black Moon si respektéiert Underground Rapper wéinst dësem an virun allem hirem Album virdrun. Si hunn am D&D Studio zu New York opgeholl an hir Plack ass op Priority Records erauskomm.