Radioen

On air

De Moien  |  Hot Chip - Down

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Summerblummen a Werwëllef

Album vun der Woch

Summerblummen a Werwëllef

Musikalesch Entwécklungsreesen a Karrierestrajectoire sinn net dat Selwecht. De Michael Hurley, ee vun deenen amerikanesche Folkmuseker, déi an de 60er a 70er d'Greenwich Village-Zeen matbestëmmt hunn, ass déi lescht Woch 80 ginn. Dëst huet hie mat enger neier Plack op sengem Bandcamp gefeiert. Säi lescht neit Material koum virun zwielef Joer eraus, mee dat heescht net, datt hien net Concerte gespillt, Frëndschafte gefleegt a Collaboratiounen ugestiwwelt hätt.

auto_stories

3 min

Dem Hurley seng Musek huet an de 60er net esou gutt an de soziale Courant eragepasst, wéi et déi vum Bob Dylan seng oder der Joni Mitchell hir konnten. Ëmmer huet hien et gehaasst, sech op Opportunitéiten ze stierzen, oder esouguer ze berechnen, wat him géif Succès abréngen.

Zäitlos huet hien d'Standarde gespillt, wou och ëmmer hien e Laachen an eng kal Béier krut a wou d'Stëmmung gutt war. Donieft huet hien op seng eegen Aart a Weis mol staark a spärlech, mol lieweg an exzentresch Lidder bäigesteiert, déi him villäicht beim Cider maachen op sengem Grondstéck am Oregon komm sinn. Och wann hie säin deeglecht Brout an de 70er als Hausmeeschter an engem Spidol, als Modell fir Molerkolleegen oder Schneider vu Schungmodeller verdéngt huet - dat no engem erfollegräichen Album bei Folkways Records, dem selwechte Label wéi dem Woody Guthrie säin, haut steet hien dofir, datt esou Saachen net wierklech wichteg sinn.

Rëmentdeckt am 21. Joerhonnert

Wat awer sécherlech wichteg ass, ass eng Plack ze maachen iwwer säi Liiblingsmount, de Juli, an deem am Oregon de Fangerhutt blitt an ee waarme Wand duerch d'Dännebeem kënnt.

An där Zäit no sengem Debut, dee 7 Joer ouni Nofollger bliwwen ass, war hien domat beschäftegt, sech ze bestueden, Kanner ze kréien, sech erëm ze scheeden a mat enger neier Frëndin nach ee Kand ze kréien. All Plack, déi erauskoum gouf vun enger Handvoll Frënn a Fans opgegraff, mee fir de groussen Erfolleg an der dach grousser amerikanescher Folkzeen goung et net duer.

Ee Geheimtipp, eng Legend, war hien trotzdeem. Dat wat hie mat e puer Frënn an engem 4-Spueren-Apparat opgeholl huet, huet einfach ni richteg an den Zäitgeescht gepasst - op jiddwer Fall bis d'21. Joerhonnert ëm den Eck koum. Vun den 2000er u sollten e puer jonk Leit de Michael Hurley fir sech entdecken. Ënner hinnen, de Will Oldham, och bekannt als Bonnie Prince Billy, den Devendra Banhart, deen sech eng Éier draus gemaach huet, zwou Placke vum Hurley op sengem Label erauszebréngen, d'Cat Power, Yo La Tengo an d'Violent Femmes, déi seng Musek reinterpretéiert hunn.

Den Hurley huet d'Opmierksamkeet dankbar ugeholl, vill nei Frënn kennegeléiert a weiderhi Musek gemaach a gemoolt. Seng Liiblingsmotiver: zwee Hënn aus senger Kandheet, déi iwwer d'Joren zu Werwollef-Comic-Personnagen erugewuess sinn, faarweg Sonnenopgäng a Fraen, déi Béier drénken.

Uureg an oppen

Dës kënnen all och a senge Lidder optauchen, mee net ouni eis eppes ganz Spezielles wëllen ze soen, wat de Lidderschreiwer mat vill Léift a Gittarskadenzen a virsiichteg Wierder formt.

Et fillt ee sech doheem am Hurley senger Musek, an dat ass well vum Tounbandrausche bis zu deenen éierlechsten Expressioune vu Péng alles genee dofir gemaach ass. Seng Musek dréckt sech voller Wäermt un den Nolauschterer a léisst him och Plaz. Véier Banjoe plätschere wéi nobäit Waasser oder d'Versträiche vun der Zait selwer, 4 Sänger begleeden an äntwere senger Stëmm, dorënner d'Kati Clayborn an d'Josephine Foster, de Kontrabass leet een duusst Fundament, dat mol vu Bariton-Okulele, mol vu Bassklarinett brodéiert gëtt.

Um neie Song "Blonds and Redheads" spillt en A200 Wurlitzer elektresche Piano d'Haaptroll an op "Knocko the Monk" héiere mir een Harmonium. D'Kadenzen an Accordwiessele sinn dobäi am Beräich vun deem méi Komplexe fir Folk-Musek, a weise laang gewuesse Weeër an ee räift Zäitgefill, bei deem net all Akkord just véier Schléi dierf leie bleiwen.

Bestiechend ass och den Optimismus, deen aus dëse Lidder erausliicht, eng ongebremste Léift fir d'Natur a fir d'Leit, een Zefriddesinn am Moment, ob e schwéier oder liicht a séiss ass. Déi séiss Momenter iwwerweien op "The Time of the Foxgloves", an den Album bréngt d'Zäit vum Fangerkraut riicht an ee Pandemie-geplote Wanter.