Radioen

On air

Notturno  |  Frank Zappa - Joe's Garage

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Stevie Wonder - Pastime Paradise

Sample vun der Woch

Stevie Wonder - Pastime Paradise

Dat do kennen ech dach, oder? Wien huet déi Melodie geklaut, wien huet dee Rhythmus nogespillt? De Bobby Bieles ass Sample-Detektiv an erzielt d'Geschichte vu Lidder, deenen hir Bestanddeeler ëmmer nees an neier Form re-inkarnéiert goufen.

auto_stories

3 min

D'Lidd vun engem vum Bobby Bieles senge musikaleschen Helden, an zwar de Stevie Wonder, koum 1976 um Label Tamla Records eraus, dat ass eng Subdivisioun vu Motown Records. De Wonder ass en onvergläichlechen amerikaneschen Kënschtler, e musikalesche Genie. Hien ass 1950 gebuer an huet mat véier Joer ugefaange mat Sangen.

Mat eelef huet hie säin éischte Kontrakt bei Motown ënnerschriwwen a bis 21 all seng Musek bei hinnen erausbruecht. No Motown fänkt hien e bëssen en zweeten Deel vu senger Karriär un. Hien ass erwuessen a mécht méi engagéiert Lidder. Hie verléiert ni säin Optimismus, souguer wann hien iwwer seriö Theeme schwätzt, wéi gesellschaftlech Ongerechtegkeeten oder Rassismus. Virun dësem duebelen Album "Songs in the Key of Life" hat hie schonn op aner Albume wéi zum Beispill "Talkin Book" oder "Innervisions" alles erreecht. D'Kritik an de Publikum si sech eens, datt seng Karriär bis dohin e Sans faute war. Och fir dësen 18. Album mécht hien alles richteg: säi Stil ass Genre-iwwergräifend, hien mëscht hei Elementer vu Soul, Funk oder souguer Rock zesummen. Hien ass och ee vun den éischten, deen aktiv de Synthesizer mat Goût a Finess reegelméisseg a seng Lidder abaut, wéi zum Beispill op "Pastime Paradise".

Déi bekanntst Utilisatioun vun dësem Sample ass warscheinlech um Coolio sengem "Gangsta's Paradise (featuring L.V.)" vun 1995. No sengem éischter positiven an uptempo éischten Album, kënnt Coolio 1995 mat méi düstere Melodien zeréck. De ganzen Album passt insgesamt gutt a seng Zäit, mee dëst Lidd gëtt e Welt-Phenomeen - och doduerch, datt et fir de Film "Dangerous Minds" benotzt gëtt. Hie spillt hei dem Wonder seng Melodie zimmlech trei um Synth no, gëtt deem Ganzen awer eng méi düster Stëmmung. Et gëtt den Hit vum Summer '95.

Mee déi franséisch Grupp IAM hat de Sample scho virdrun benotzt, an zwar um Lidd "Tam-Tam de l'Afrique", ze fannen op hirem éischten Album "... De la planète Mars", 1991 bei Hostile erauskomm. Et ass e Solo Lidd vum Rapper Shurikn, den Akhenaton ass just als Schauspiller am Clip ze gesinn. IAM kommen aus Marseille, hire Produzent heescht Kheops an am engagéierten Text geet et gréissten Deels ëm Sklaverei a Kolonisatioun, dohier och den Titel.

D'Grupp Cru huet de Sample och benotzt, an zwar op hirem Lidd "Up North". Dat war op hirem zimmlech düsteren Album "Da Dirty 30", deen 1997 op Def Jam Recordings erauskoum. Hire Producer heescht Yogi an déi zwee Rapper Chaddio a The Mighty Ha. Et ass deen éischten an eenzegen Album vun dëser Rap Grupp aus der Bronx.