Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Stay The Same" - neien Album vum Lata Gouveia

Music made in Luxembourg

"Stay The Same" - neien Album vum Lata Gouveia

Annerhalleft Joer huet de Sänger misste waarden. De Release Concert gouf finalement awer annuléiert. E Freideg kënnt déi nei Scheif eraus. Dorop ass dës Kéier souguer bëssen Humor ze fannen.

auto_stories

2 min

Foro: Lugdivine Unfer

Am Februar 2020 ass de Lata Papp ginn. Dat hätt hie motivéiert fir méi frou Lidder ze schreiwen. "Ech sinn ee vun deene Männer, déi ëmmer an d'Mineur-Tounaarte ginn. Do fänken ech un, an da gëtt et ëmmer méi depressiv." Dës Kéier hätt hie souguer verschidde méi humorvoll Lidder geschriwwen, seet de Sänger.

Kee Blues, keen Americana

Vill Leit géife seng Musek an de Blues-Rock Rayon klasséieren. "De Problem ass, datt ech kee Blues spillen", seet de Lata. "Tom Petty a Bruce Springsteen, dat ass wou ech hierkommen..." Hien hätt nach ni ee fir de Blues typeschen 12-Takt Schema opgeholl.

Seng Musek hätt zwar en amerikanesche Sound, wier awer net folkeg genuch fir als Americana duerchzegoen. Alternative Rock géif et senger Meenung no am beschten treffen.

"Stay The Same" iwwerzeegt duerch eng transparent, dynamesch a breet Produktioun. De Charel Stoltz huet den Album opgeholl. Hien hätt seng Musek ëmmer selwer produzéiert, erkläert de Lata. Awer hie wier mam Resultat ni ganz zefridde gewiescht, well hien am Mix ëmmer probéiert hätt fir nach Saachen ze flécken.

"Ech sot zum Charel: 'du muss mir soen, wéini datt ech ophale soll fir Saachen ze flécken.'" De Charel Stoltz hätt sech am Studio net vill agemëscht. "Hie sëtzt do a lauschtert, a wann et gutt ass, seet hien: 'Jop'..."

Kee Concert wéinst Pandemie

Annerhalleft Joer huet de Sänger misste waarden, bis hien deen neien Opus konnt erausbréngen. De Release-Concert gouf zwee mol verréckelt, fir schlussendlech awer annuléiert ze ginn. Elo wéilt a kéint hien net méi weider waarden, seet de Lata Gouveia.

Als klengen Trouscht proposéiert hien dëse Samschdeg 22. Januar um 21:30 e live Stream vun doheem, mat akusteschen Interpretatioune vu Stécker vum Album a Blécker hannert d'Kulissen. Och Froe via Chat solle beäntwert ginn.