Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sorry - Anywhere but here

Album vun der Woch

Sorry - Anywhere but here

Eng batterséiss Plack vun der Nord-Londoner Band Sorry, vum Portishead-Mann Adrian Utley produzéiert. Urgent a resignéiert zugläich, derailléiert dës Plack ëmmer erëm a spigelt domadder d'Zäiten. De Marc Clement fënnt, datt den Album och gutt bei dat kommend Hierschtwieder passt.

auto_stories

3 min

Sorry gi vun den Nord-Londoner Sänger a Lidderschreiwer Asha Lorenz a Louis O'Bryen geleet, déi schonn als Teenager zesumme mat Beatmaschinnen a Gittaren hir Stonne verbruecht hunn, a sech musikalesch géigesäiteg ënner der Haut spiren, dat mierkt een.

Also Rockband zanter 2010 aktiv

D'Mann-Fra Duebelspëtzt huet eng gewëssen Traditioun am Indie-Rock a suergt bei Sorry net nëmme fir Variatioun am Gesang an an den Approchen, mee och fir ee bal symbiotescht Fro-an Äntwertespill op de Gittaren, dat hinne ganz eegen ass.

Mat der Rhythmussektioun, assuréiert vum Lincoln Barett an dem Campbell Brown, spille si zanter Mëtt der 2010er als voll Rockband an hunn als éischt Fish geheescht, éier se ënner dem Numm Sorry een éischten, zimmlech variéierten EP erausbruecht hunn.

Fir hiren Debut, 925, deen 2020 erauskoum, hu si sech nach een Elektroniker mat bäigeholl, an haaptsächlech mat schlaue Gittarsarrangementer a krasse Stilwiessele gepunkt, manner vläicht mat emotionaler Wäermt.

Wéi kléngt deen neien Album?

Dat ass anescht op dem neien Album, deen zanter e Freiden op Domino Records eraus ass, a vläicht déi zweet Bedeitung vun hirem Numm e bësse méi erfuerscht: also Sorry net am Sënn vu Pardon, mee vun, hm, e bëssen deierlech oder souguer aarmséileg vläicht.

I Love You sinn déi éischt dräi Wierder um Album-Opener Let The Lights On, deen d'Plack mat enger hallef energiegeluedener, hallef nonchalanter Gangart an d'Gäng bréngt a vu klengen, aneneegräifende Gittarsriffs wimmelt.

Den Hook bleift am Kapp, an et ass een dran, a Sorry hirer Herzschmerzstëmmung, déi d'Péng vu romantescher Enttäuschung an d'Schwieregkeet vun erfollegräiche Relatiounen ouni Romantik an oft op erniichterend Manéier op den Dësch leet.

Do ënnendrënner awer geet et subtil zou, kleng Gittarsfiguren ginn de Frustratiounen an de Wuertspiller Echoen, wärend déi zwou Stëmmen an engem Limbo ëm hir Séile kämpfen. No der schéiner, vum O'Bryen duuss gesongener Ballad Tell Me, begéint een engem klenge Meeschterwierk, deem sengem Charme ee sech net esou einfach entzéie kann.

Op Key To The City, deem Song, deen de klenge Songnotizen no am selbstverständlechsten zesummekomm ass, wieft de Singwriterduo vill kleng Gittarsschnipselen zu engem wonnerbar robusten a blénkegen Teppech, op deem hir Stëmme mëll ofgefiedert danzen.

Aflëss vun anere Museker

De Stilmix an d'Tounescapaden, déi hir éischt Musek esou bestëmmt hunn, sinn op dësem Album integréiert an eppes méi Grousses, kontrolléiert a sënnvoll éischter wéi couragéiert a flippeg. Den Track Willow Tree brécht e bëssen aus dem Schema, léint e bësse beim Tom Waits a bei Pavement a bleift dach hiren eegenen.

De Produzent vun der Plack ass den Adran Utley, bekannt als Museker bei Portishead a Goldfrapp, als Produzent beim Alain Baschung, Beth Gobbons a Perfume Genius Hie leet hei Hand un, kaum bemierkbar - et sief da fir de perfekte Mix vun de Gittaren am Dialog mateneen a mat de Stëmmen. An engem vitagey-waarmen, dréchenen an dach muussege Sound, setzt hie villäicht hei an do een oder zwee elektronesch Sounds fir d'Atmosphär... an ëmmer 'on point'.

Et ass eng Plack fir puer Mol ze lauschteren. Wann engem d'Stëmmung gefält, léisst een d'Plack och emol gären einfach lafen, a beim widderhuelte Lauschtere stiechen dann duerchaus Passagen raus, déi engem virdrun net opgefall waren, a ginn och an der Déift ëmmer erëm Plaiséier iergendwéi. D'Plack passt och gutt bei dat kommend Hierschtwieder.