Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  The Messthetics & James Brandon Lewis - Fourth Wall

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Soft Machine - Drop

Sample vun der Woch

Soft Machine - Drop

Dat do kennen ech dach, oder? Wien huet déi Melodie geklaut, wien huet dee Rhythmus nogespillt? De Bobby Bieles ass Sample-Detektiv an erzielt d'Geschichte vu Lidder, deenen hir Bestanddeeler ëmmer nees an neier Form re-inkarnéiert goufen.

auto_stories

2 min

Soft Machine bréngt 1972 hire fënneften Album eraus mam Numm "5". Soft Machine ass eng englesch Band aus dem Joer 1966. Hire Sound ass schwéier anzeklasséieren, vu progressivem Rock bis Jazz Fusion hu si an hire bal 60 Joer Karriär alles gespillt. D'Grupp huet an enger Geométrie variable funktionéiert, d. h. et si stänneg nei Memberen dobäikomm, anerer ewechgefall, esou datt ëmmer eng gutt Dynamik present war. Dëse fënneften Album ass deen éischten, dee si ouni den Grënner Robert Wyatt ophuelen. Et ass wéi ëmmer eng experimentell Mëschung vu Prog Rock, Free Jazz a psychedeleschen Aflëss, mee et kann een awer soen, datt dësen Album fir d'éischte Kéier méi an eng Jazz Richtung geet. Um Lidd "Drop" kënnt virun allem dem Mike Ratledge seng jazzeg Uergel mat sengem besonnesche Grain eraus. Seng dekomplexéiert a virtuos Improvisatioun an déi ganz besonnesch Textur vun der Uergel sinn dann och deen Deel, deen am léifste gesampelt gouf.

Fir unzefänken huelen ech mol e ganz rezent Lidd, dat de Sample benotzt huet, an zwar den zäitgenëssesche Rapper Schoolboy Q. Säi Lidd "Black Thoughts" war op sengem Blank Face LP vun 2016 an handelt gréisstendeels vun de Spannungen tëschent der Police an der Jugend a sengem Quartier. Et ass produzéiert vum Willie B.

Mee 20 Joer virdrun hat schonn déi franséisch Grupp Ideal J dee selwechten Deel vum Sample benotzt fir hiren "Uniquement pour les miens" doraus ze maachen. Dat war op hirem Album "O'riginal MC's sur une mission" , 1996 erauskomm. De Beat gouf vum verstuerwenen DJ Mehdi produzéiert an den MC heescht Kery James.

En anert Beispill vun engem gelongene Sample sinn déi zwee englesch Jungle Veteranen Jay Hurren and Alex Banks vun der Grupp E-Z Rollers. Si produzéieren 1998 hiren "Hip To The Game" mam Sample vu Soft Machine.