Radioen

On air

Kultur um 5  |  D'Zesummenaarbecht gëtt verdéift

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Siren's Call ëm ee Joer verréckelt

Festivalsummer

Siren's Call ëm ee Joer verréckelt

De Festival Siren's Call ass wéinst der Pandemie fir dëst Joer ofgesot an ëm ee Joer verréckelt. Dat hunn d'Organisateure vum Concertshaus Atelier de Moie matgedeelt.

auto_stories

1 min

De Gerant vum Atelier, Michel Welter seet, et hätt ee guer net dru geplangt, fir een alternativen Zenario op d'Been ze stellen.

Et wier neemlech kloer, datt dëse Summer Concerten am Format wéi se beim Siren's Call üblech sinn, net kéinte realiséiert ginn. De Siren's Call war och d'lescht Joer net. Evenementer annuléieren oder verleeë wier mëttlerweil "Business as usual" ginn, sou nach de Michel Welter.

Fir den Atelier als privaten Organisateur wieren déi maximal 100 Leit pro Evenement eng "Brems", reng budgetär gesinn. Doriwwer eraus wier et den Ament schwéier iwwerhaapt Artisten ze fannen, déi op Tour sinn.