Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Shuffle - Den Jazz vibréiert am Neimënster

Showcase-Festival

Shuffle - Den Jazz vibréiert am Neimënster

De Luxembourg Jazz Festival - oder "Shuffle" - ass dee gréissten Jazz-Showcase-Festival am Grand-Duché. En ass als Plattform fir Austausch geduecht, an als Sprangbriet fir d'Kënschtler:innen aus der Lëtzebuerger Jazzzeen.

auto_stories

2 min

D'Këntschler:innen erwaart d'Geleeënheet hir Kompositioune virun nationalen an internationale Profien aus der Industrie ze spillen, a Renconteren ze maachen, déi deels vum Kulturexportbüro Kultur:LX facilitéiert sinn, fir hinnen hoffentlech d'Diere vum internationale Marché opzemaachen.

Den Dialog tëscht den invitéierte Bands gëtt grouss geschriwwen, an de Public kënnt dobäi op seng Käschten - well dee gëtt mat allem verwinnt, wat zu Lëtzebuerg an doriwwer eraus aktuell a lieweg ass.

"Datt d'Band eng Aktualitéit huet, war eis wichteg", esou de Bob Seyler, dee fir d'Programmatioun vum Festival dat lescht Wuert hat. Esou huet dann och de gréissten Deel vun den Ensembele rezent eng Opnam mat neier Musek erausbruecht, oder steet kuerz virdrun.

Frësche Wand

Et gouf déi Kéier och nach méi staark op den Nowuess gekuckt. Den Trompettist Daniel Migliosi, deen de Festival mat sengem Sextett um Freiden opmécht, ass grad emol 18 Joer al, a LINQ um Samschde gi vum jonke Bassist Mateusz Wojda geleet.

Donieft steet der Claire Parsons hire Chamber-Pop-Projet "The Aquatic Museum" op der Affiche, genee wéi d'Allstar-Band "Tele-Port" (Jeff Herr, Pol Belardi, Jerôme Klein, Zhenya Strigalev), déi de Lien mat der Londoner Jazz-Zeen duerchschénge léisst. Weider Nimm op der Affich sinn Arthur Possing Quartett a Maxime Bender.

Den Jazz gëtt nei entdeckt

Eng kloer Tendenz zur Jazz Fusion, dem Inkorporéiere vun anere Museksstiler an eng Jazz-Approche duerchzitt d'Programmatioun a reflektéiert domat den Zäitgeescht.

Um internationale Plang ass déi mallorkanesch Latin-Jazz-Pianistin Isis Apache Montero ze erliewen, déi mat hirem Sound tëscht Spuenien a Cuba pendelt; "Dishwasher", eng Kraut-Jazz-Band vu Ghent; an den "Neue Grafik Ensemble" vu Parais, deen Jazz mat Dance-Musek verbënnt.


Shuffle - Den Jazz vibréiert am Neimënster: de 25. an de 26. November an der Abtei Neimënster an der Salle Robert Krieps / Salle Nic Klecker. D'Diere ginn um 18h op.

Lauschtert d'Gespréich mam Bob Seyler (Neimënster) an Giovanni Tronno (KulturLX) hei.